Sie sind hier

Fir méi Gerechtegkeet, Selektivitéit, Nohaltegkeet a Kompetitivitéit

De Finanzminister Pierre Gramegna huet a senger Ried nach eng Kéier ënnerstrach wat dës Steierreform alles mat sech bréngt : Däitlech méi Gerechtegkeet, Selektivitéit, Nohaltegkeet a Kompetitivitéit.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Wat fir en Impakt hunn d’Stauen op eis Ekonomie?

Wéi vill Zäit verbrénge mir an de Stauen? Wat verbrauche mir doduerjer méi u Sprit? Wat bedeit dat fir eis Entreprisen? Wéi vill CO2 Emissiounen entstinn duerch d’Stauen. Dëst freet den DP-Deputéierten André Bauler de Wirtschaftsminister an enger parlamentarescher Fro.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum

Wéi schlëmm sinn eis Wéngerten vun der Esca-Krankheet betraff?

Bei der Esca handelt et sech ëm eng vun de geféierlechste Riefholzkrankheeten. Den DP-Deputéierten Gilles Baum wëll gäre vum Wäibauminister Fernand Etgen wëssen wéi schlëmm eis Wéngerten op der Musel vun dëser Krankheet befall sinn a wat fir Rotschléi den IVV de Wënzer gëtt fir géint dës Krankheet virzegoen!

News Bildung Lex Delles

International School Michel Lucius

Dës Woch ass an der Chamber ee Projet de loi gestëmmt ginn, deen d’Schouloffer vum Lycée Michel Lucius ëm eng englesch Filière erweidert.

News Kultur Guy Arendt

Patrimoine national, d’Archivgesetz a Suivi vun den Assises culturelles

No der leschter Reunioun vum Aarbechtsgrupp fir Kultur vun der DP ginn et Neiegkeeten a Punkto Kulturassisen a Budget fir d’Kultur.

News Wirtschaft Joëlle Elvinger André Bauler

Debat iwwert d’Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie

An der Chamber gouf iwwert d’Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie debattéiert. D’DP-Deputéiert Joëlle Elvinger an André Bauler hunn opgezielt wou Lëtzebuerg momentan gutt do steet a wou een sech nach besser kann opstellen.

News Bildung Gesellschaft Claude Lamberty

Wou bleift Är Entschëllegung, Här Spautz?

Nodeems de Marc Spautz Gerüchter an d'Welt gesat huet, de Kleesche géif net méi a verschidde Schoule goen, hat de Claude Lamberty beim Bildungsminister Claude Meisch nogefrot, wat un deene Behaaptungen dru wier.

Pressemitteilung Gesellschaft

Das Spiel mit dem Feuer

In der Affäre rund um ihren Parteipräsidenten Marc Spautz hat die CSV versucht gesellschaftliche Gruppen gegeneinander auszuspielen um politischen Profit daraus zu ziehen. Dabei wurde auch nicht davor zurückgeschreckt, gezielt Gerüchte in die Welt zu setzen, die nicht der Wahrheit entsprechen.

News Bildung Gesellschaft Claude Lamberty

„Wou bleift Är Entschëllegung, Här Spautz?“

Nodeems de Marc Spautz Gerüchter an d'Welt gesat huet, de Kleesche géif net méi a verschidde Schoule goen, hat de Claude Lamberty beim Bildungsminister Claude Meisch nogefrot, wat un deene Behaaptungen dru wier.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Froen zu de Jod-Pëlle bei engem Atom-Alarm

Am Fall vun enger Urgence an der Atomzentral zu Cattenom, gëtt der Populatioun jo gerode Jod-Pëllen anzehuelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froe bei der Gesondheetsministesch no, wéi vill Këschte Jod-Tablettë vun de Leit ofgeholl goufen, wat dat kascht a wéi dës Situatioun an de Crèchen a Schoule gereegelt ass.

News Finanzen Gemeinden Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Gemengefinanzreform

De Max Hahn huet an der Chamber der Regierung felicitéiert, datt si sech déi neideg budgetär Mëttele ginn huet, fir d’Gemengefinanzreform esou ëmzesetzen, datt vill Gemengen gewannen ouni datt anerer verléieren.

News Tribune libre Bildung Estelle Malane

So mir wéi eng Sproch s du schwätz an ech soen der wien s du bass…?

A senger Tribune libre geet d'Estelle Malané op de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch an.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty

Rumeure ronderëm de Kleeserchersdag an de Schoulen

An de soziale Medie schwätzt de Marc Spautz dovunner, datt a verschiddene Schoulen kee Kleesche a keng Kleesercherslidder méi erlaabt wieren. De Claude Lamberty huet beim Bildungsminister Claude Meisch nogefrot, wéi hien dat gesäit.

 

News Zu Gast im Land Landwirtschaft und Weinbau Claude Lamberty

Le gaspillage alimentaire, c'est l'affaire de tous !

Faire prendre conscience de la problématique du gaspillage alimentaire n’est pas chose facile. Pourtant les faits sont réels et les chiffres alarmants. Quand on pense qu’environ un tiers des aliments produits dans le monde (1,3 milliard de tonnes de nourriture) ne sont jamais consommés tandis qu’un milliard d’êtres humains ne mangent pas à leur faim, il est indéniable que cette problématique n’est plus soutenable et qu’il est grand temps d’agir !

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

AIDS-Tester vun der Krankekeess iwwerholl?

Am Moment ginn et AIDS-Tester déi ee selwer uwende kann. Esou ka jidderee schnell erausfannen op hien infektéiert ass oder net, ouni bei en Dokter goen ze mussen. Dës Tester ginn am Moment awer net vun der Krankekeess iwwerholl. D'DP-Deputéiert Alexander Krieps, Edy Mertens a Gusty Graas froen dofir bei de responsabele Ministere no, ob dëst keng efficace Piste am Kampf géingt AIDS wier.