24/11/2016
Parlamentarische Fragen
Wirtschaft
Edy Mertens
André Bauler
A wéi steet et mat der Post vu Clierf? Dëst froen d’Nord-Deputéiert Edy Mertens an André Bauler den zoustännege Minister! Am Abrëll hat de Minsiter dem Edy Mertens op eng parlamentaresch Fro geäntwert et wier net geplangt dës Postbureauen zouzemaachen. Haut stong an der Zeitung se géifen awer elo zougemat ginn. D’DP-Politiker hoffen datt dës Bureauen opbleiwen an datt et sech bei deem Artikel ëm eng Feelinformatioun handelt!