Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Busser aus dem Weste fir op de Belval

Nodeems d'Buslinn 332 am August 2016 zougemaach gouf, ass de Westen net méi esou gutt un d'Uni um Belval ugeschloss. Den D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen dofir beim Transportminister no, wéi dës Situatioun verbesser ka ginn.

News Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Regional Direktiounen a besser Betreiung vu Kanner mat spezifesche Besoinen

Am Regierungsprogramm gouf grousse Wäert op d’Qualitéit an op eng verbessert Organisatioun vun eise Grondschoule geluecht. Den DP-Deputéierten a Rapporteur Lex Delles huet dat deementspriechend Gesetz an der Chamber virgestallt.

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty

Keen Sportsinternat beim INS ?

Déi national Press zitéiert d'Administration des ponts et chaussées, dass et onméiglech wier e Sportsinternat op de Site vum INS ze bauen. Den DP-Deputéierte Claude Lamberty freet dofir bei den zoustännege Ministeren no ob dat stëmmt, a wat dat fir den zukünftegen Olympiastëtzpunkt bedeit.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Gilles Baum

Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch - Ginn d'ASBL'en mat agebonnen?

Viru baal 3 Méint hunn den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Här Staatssekretär am Kulturministère ee 40- Punkteplang fir d’ Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. D'DP-Deputéierte Gilles Baum a Claude Lamberty froe bei den zoustännege Ministeren no, wéi déi aktuell Kooperatioun mat de privaten ASBL'en verleeft.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Innovativ a sécher: blo Vëlospisten ?

Ingenieuren hunn eng nei Method erfonnt fir Vëlospisten un d'Liichten ze kréien. Zu Cambridge, Eindhoven an elo geschwënn och zu Köln gëtt et Vëlospisten déi an der Nuecht blo liichten, esou dass keng extra Beliichtung méi néideg ass. DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty froe beim Infrastrukturminister no, ob een dës Iddi net och hei am Land uwende kéint.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Max Hahn

Stop vun den Äusbauaarbeschten vum LTB

D'DP Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu festgestallt, dass d'Äusbauaarbechten am Lycée Technique de Bonnevoie, déi virun 2 Joer ugefaangen hunn, net viru kommen. Dofir froen si bei den zoustännege Ministeren no, wisou de Chantier net viru geet a wéi laang deen nach dauert.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Gilles Baum

Wéi gesäit et mat Formatioune am Prisong aus?

D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Gilles Baum froe bei den zoustännege Ministeren no wéi et mat Formatioune am Prisong ausgesäit.

News Landesplanung und Wohnen Claude Lamberty Max Hahn Marc Hansen

Reorganisatioun vum Fonds du Logement

Den Donneschten huet d'Chamber de Gesetzestext iwwert d'Reorganisatioun vum Fonds du Logement gestëmmt.

News Tribune libre Bildung Kultur Claude Lamberty

Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

A senger Tribune libre ass den DP-Deputéierte Claude Lamberty haut nach eemol op den Aktiounsplang fir Lëtzebuerger Sprooch agaangen. Hien huet d’Wichtegkeet vun esou enger Strategie ënnerstrach a wënscht sech zugläich, datt och d'Gemenge an d’Bierger an deem Sënn hir Verantwortung iwwerhuelen.

News Bildung Kultur Claude Meisch Claude Lamberty Guy Arendt

Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Nodeems den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär am Kulturministère, Guy Arendt, d’Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt hunn, war et dës Woch un der Chamber doriwwer ze debattéieren.

News Sport und Freizeit Claude Lamberty

Vergréisserung vun der Maison des Sports

An der Froestonn huet den Deputéierte Claude Lamberty de Sportminister gefrot wéi et mat engem méiglechen Ausbau vun der Maison des Sports zu Stroossen géing ausgesinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Éischte Bilan vun den Nuetszich

Ab Dezember 2016 fuere Weekends Nuetszich, dat aus der Staat op den Haaptachse fir an den Norden an an de Süde vum Land. DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty froen elo no 3 Méint beim Transportminister no engem éischte Bilan wéi vill dës Zich genotzt ginn. 

Parlamentarische Fragen Bildung Sport und Freizeit Claude Lamberty Lex Delles

Däerfen d'Maisons relais de Kanner verbidden un de Sportsaktivitéite vun der LASEP deelzehuelen?

D'LASEP organiséiert reegelméisseg Aktivitéiten fir de Sport an d'Beweegung vun de Kanner ze fërderen. D'DP Deputéiert Lex Delles a Claude Lamberty hunn allerdéngs héieren, datt Kanner aus verschiddenen Maisons relais net kéinten un deenen Aktivitéiten deelhuelen. An hirer parlamentarescher Ufro ginn si der Saach op de Fong.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Beliichtung vun Zebrasträifen

Besonnesch beim aktuelle groe Wieder an owes kënnt et ëmmer erëm vir, dass Foussgänger um Zebrasträif ugestouss ginn, dat well d'Autofuerer se net fréi genuch gesinn. Dofir froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim zoustännege Minister no, op een et de Gemengen net nach méi einfach maache sollt andeems een hinne kloer Richtlinnen a Saache Beliichtung mat op de Wee gëtt.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Claude Lamberty Max Hahn

Populatioun an de Gemenge

Existéieren ënnerschiddlech Zuelen, wat d'reell Populatioun an eenzele Gemengen ubelaangt? De Claude Lamberty an de Max Hahn froe beim Inneminister no.