Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler Gusty Graas

Emblèmë vum Grand-Duché am neie Logo vun der Police?

Nodeems ugekënnegt gouf, dass d'Police eng nei visuell Identitéit kréie sollt, stellt sech d'Fro op des och erëm wéi bis elo vun den Emblèmë vum Grand-Duché Gebrauch mécht. DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas froe beim zoustännege Minister no, a weisen drop hin, dass den aktuelle Police-logo net konform zu de sougenannten "Petites Armoiries" ass.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Verschmotzung vun der Uelzecht?

Gouf d’Waasser vun der Uelzecht bei der Aire de Berchem verschmotzt? Wa jo, ëm wat fir Substanzen handelt et sech? Si Fësch doduercher gestuerwen? Besteet eng Gefor fir d’Mënschen? Dës Froen huet de Gusty Graas der Ëmweltministesch gestallt!

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Gaffer bei Autosaccidenter: soll dat bestrooft ginn?

Et kënnt och alt mol hei am Land vir dass d'Aarbecht vun de Secouristen an der Police bei engem Accident duerch Leit behënnert gëtt déi virwëtzeg sinn, an den Hëllefskräften nokucken. An Däitschland soll dëst Verhalen elo villäicht bestrooft ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot wéi d'Situatioun am Grand-Duché ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Perturbateurs endocriniens

D'Europäesch Kommissioun huet eng Propose virgestallt fir déi sougenannten “perturbateurs endocriniens" z'encadréieren. Den Deputéierte Gusty Graas weist sech besuergt a freet dofir am Gesondheetsministère no, wéi der Ministesch hir Positioun zu där Propose ass.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Max Hahn Gusty Graas

Entschiedegung am Fall vun engem nuklearen Accident?

Engem Lieserbréif no géif et en avant-projet de loi ginn, deen eng Entschiedegung am Fall vun engem nuklearen Accident virgesäit. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei den zoustännege Ministere wat do drun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

E Superbus fir de Süden?

Nodeems de "Plan Sectoriel Transports" en Superbus fir de Süde virgesinn hat, lafen am Moment Gespréicher fir esou e Bus tëscht Diddeleng an Déifferdeng anzesetzen. Elo wou och aner Gemengen Interesse weisen, freet den DP-Deputéierte Gusty Graas no wou de Projet drun ass, an op net och nach aner Gemenge mat an d'Spill komme sollten.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

European Truck Platooning

Esou heescht en Challenge ënnert der hollännescher Presidence bei deem méi Camionen, déi zesumme connectéiert an enger Rei hannerteneen fueren. Duerch dës Technologie ka bis zu 15% manner Bensin verbraucht ginn? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot op esou Convoien och dierfen op de Lëtzebuerger Autobunnen fueren an ob dës Camionen och a Fro kommen fir zu Beetebuerg op den Zuch gesat ze ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

En schnellen Zuch fir op Bréissel?

Virun e puer Jore war festgehale ginn, dass e schnelle Pendolino-Zuch tëscht Basel a Bréissel wéineg Sënn maache géif. Elo sinn d'Diskussiounen awer erëm um Lafe fir esou een Zuch och op der Streck Lëtzebuerg-Bréissel anzesetzen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim Transportminister no weideren Detailer gefrot.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Gourme, maladie infectieuse potentiellement mortelle et très contagieuse chez les équidés

J’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 83 de notre Règlement interne, je souhaite poser lors de l'heure de questions du mardi 7 juin 2016 une question orale à Monsieur le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs concernant la gourme (Streptococcus equi ou angine du cheval), maladie infectieuse potentiellement mortelle et très contagieuse chez les équidés.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Gusty Graas

Mikropartikelen am Waasser

Et sollt eng Studie ginn, déi analyséiert wéi eis Kläranlagen hei am Land d'Waasser opbereeden. Et ass nämlech heiansdo de Fall, dass d'Waasser mat Mikropartikele verschmotzt gëtt. Den Deputéierte Gusty Graas freet no wou dës Studië drun ass.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Airbus A400M

Däitsche Medien no sollt ei weider Problemer mam Militärfliger Airbus A400M ginn. En Deputéierte Gusty Graas freet no op deem esou ass, an op des méiglecherweis Konsequenzen op d'Uschafe vun dësem Typ vu Fliger huet.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Négociations entre l'Union européenne et le Mercosur

Depuis la reprise en 2010 des discussions entre l'UE et le Mercosur en vue d'un accord d'association, plusieurs cycles de négociations ont déjà eu lieu. Pourtant, les participants ont dû reconnaître que si des progrès ont été enregistrés sur les parties normatives de l'accord, les discussions entamées quant à l'accès aux marchés respectifs n’ont pas encore été couronnées de succès.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Alexander Krieps Gusty Graas

Getéinte Fënsteren

Wann en Auto getéinte Fënsteren huet, ass et oft fir Polizisten net einfach ze gesi wier de Chauffeur ass. Deputéierte Alexander Krieps a Gusty Graas froen no, op et net ubruecht wier d'Reegelen an dëser Matière méi kloer ze gestalten.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Pollution de l'Atert suite à un incident à Colmar-Berg

J’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 83 de notre Règlement interne, je souhaite poser lors de l'heure de questions du mardi 15 avril 2016 une question orale à Madame la Ministre de l’Environnement concernant la pollution de l’Atert suite à un incident à Colmar-Berg.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Gusty Graas

Statistiques des radars fixes et mobiles

Le 16 mars dernier, les radars fixes sont entrés en fonction, après une courte phase d’essais. Des radars mobiles ont également été activés.