Sie sind hier
Firwat kënnen d’Zuch-Horaire net an de Gemengen-Appen integréiert ginn?

Fro,
Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Transportminister weiderzeleeden:
„Déi lescht Jore goufe vill Efforte gemaach, fir den ëffentlechen Transport auszebauen a méi attraktiv ze maachen. Beim Fërdere vum ëffentlechen Transport dierf d‘Kommunikatioun vun den Horairen awer net vergiess ginn. An deem Sënn hu verschidde Gemengen eng mobil App lancéiert, wou een nieft dem Offall - a Manifestatiounskalenner och d‘Horaire vum ëffentlechen Transport an deene Gemenge ka consultéieren. Zum Bedauere vun de Gemengen ass et den Ament just méiglech, fir d’Bus-Horairen an dësen Appen z‘integréieren. D’Zuch-Horaire kënnen net integréiert ginn, ewell d’CFL déi Donnéeën net zur Verfügung stellt.
An deem Kontext wëlle mir dem Här Transportminister folgend Froe stëllen:
- Ass den Här Minister der Meenung, dass d‘CFL de Gemenge soll hir Donnéeën iwwert d’Zuch-Horairen zur Verfügung stellen?
- Wann net, kann den Här Minister eis d’Grënn dofir soen?“
Mat déiwem Respekt.
Max HAHN Claude LAMBERTY
Deputéierten Deputéierten
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 249.78 KB |