Sie sind hier

Méi Verkéierssécherheet duerch Handysradaren oder -dronen?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

D'Oflenkung duerch den Handy stellt ëmmer méi e grousse Risiko am Verkéier duer. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat se dogéint wëllen ënnerhuelen, an ob geplangt wier, wéi an anere Länner, speziell Radaren oder souguer Dronen anzesetze fir ze kontrolléieren, ob d'Leit sech un de Code de la route halen.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden:

« D’Oflenkung duerch den Handy gehéiert nieft ze héijer Vitesse an Alkohol um Steier ëmmer méi zu den Haaptursaache fir Accidenter am Stroosseverkéier. Gläichzäiteg ass et hautdesdaags duerch déi technologesch Méiglechkeete relativ einfach de Respekt vum Code de la route an där Hisiicht ze kontrolléieren a Verstéiss ze sanktionéieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Bei wéi villen Accidenter war an de leschte fënnef Joer d’Oflenkung duerch den Handy am Spill ?
  • Wéi vill Protokoller huet d’Police an de leschte fënnef Joer geschriwwen, well de Chauffer wärend dem Fueren den Handy benotzt huet ?
  • Sinn déi Häre Minister der Meenung, dass d’Oflenkung duerch den Handy ëmmer méi eng Gefor am Stroosseverkéier duerstellt ? Wa jo, si méi staark Policekontrollen an där Hisiicht virgesinn ?
  • Ass geplangt, der Police d’Méiglechkeet ze ginn, per mobillem oder fixem Handysradar méi staark géint dës Infraktioun virzegoen ? Wat géif dergéint schwätzen ?
  • Wa jo, kënnen déi Häre Ministere Präzisiounen zu den neien Handysradare ginn, z.B. wou se hikéimen ?
  • Ass virgesinn, d’Police wéi a Spuenie mat Dronen z’equipéieren, fir dës an aner Infraktiounen ze kontrolléieren ?
  • Wier et méiglech, mat de fixe Radaren, déi schonn installéiert sinn, ze kontrolléieren, ob Chaufferen den Handy um Steier benotzen ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN

Deputéierten

 

Äntwert

A senger parlamentarescher Fro stellt sech den éierbaren Deputéierten eng Rei Froen iwwert den Handy um Steier.

Generell ass zu den Zuelen iwwert d’Accidenter déi duerch den Handy um Steier ausgeléist gi fest ze halen, datt et den Autoritéiten oft net mat leschter Gewëssheet méiglech ass fest ze stellen, ob den Handy den Ausléiser vun engem Accident war oder net, well sech oft keng Beweiser dofir fannen.

Wat elo d’Zuelen ugeet, wou noweislech den Handy den Ausléiser vum Accident war, esou sinn dës folgender Moossen: vun 2015-2019 gouf et bei 55 Accidenter vun am ganze 4814 Accidenter eng Oflenkung duerch den Handy (2015: 9 / 2016: 3 / 2017: 13 / 2018: 12 / 2019: 18).

Fir d‘Joer 2020 si bis elo 8 Accidenter op d’Benotze vum Handy um Steier an 19 mol aner elektronesch Geräter Schold un engem Accident. Vu datt nach net all Donnéeë vun 2020 disponibel sinn, sinn dat awer nëmmen déi virleefeg Zuelen.

Kuckt een och nach d’Zuele vun deenen aneren Accidenter vun 2015-2019, esou kann e feststellen, datt hei bei 81 Accidenter Oflenkungen duerch déi aner (fix) installéiert Apparater wéi Navi, Radio, asw. virlouchen. Domadder sinn dës méi oft de Grond vun Accidenter wéi den Handy.

Wat d’Infraktiounen uget, esou weisst folgenden Tableau all d‘Infraktiounen, déi d’Police an de Joren 2016 bis 2020 am ëffentleche Stroosseverkéier am Zesummenhang mam onerlaabte Benotze vum Smartphone / Handy resp. vun engem Apparat mat aktivem Ecran, dee keng Fuerhëllef oder Navigatiounshëllef ass (Art. A 170bis 01-06 aus dem Code de la Route), konstatéiert huet.

 

2016

2017

2018

2019

2020

3105

3108

3519

3476

2955

 

Déi relativ Baisse vun den Infraktiounen am Joer 2020 par Rapport zu de Jore virdrun léisst sech duerch déi speziell COVID-Situatioun (état de crise / confinement / asw.) erklären.

Generell muss e konstateieren, datt et ëmmer méi Zorte vun Oflenkungen am Stroosseverkéier gëtt: sech deplacéieren an dobäi iwwert Kopfhörer Musek lauschteren, iwwert dem Fueren iessen oder drénken, elektronesch Apparater bedéngen, fëmmen, asw. An der Tëschenzäit ass d'Oflenkung am Stroosseverkéier eng vun den heefegsten Ursaach fir Accidenter.

Wat d'Benotze vum Smartphone iwwert dem Fuere betrëfft, do ginn et verschidden Etüden, déi besoen datt den Accidentsrisiko ëm de Facteur 3 erhéicht gëtt. Beim Schreiwen oder Liese vu Messagen souguer ëm de Facteur 23. Déi selwecht Etüden stellen hei d'Suite vum Benotze vum Smartphone iwwert dem Fueren dem Alkohol- oder Drogekonsum gläich.

Aus deene Grënn organiséiert d'Police duerfir och reegelméisseg spezifesch preventiv a repressiv Campagnen am Kontext vun der Oflenkung am Stroosseverkéier.

Verschidde Länner si grad am Gaang automatiséiert Radaren ze testen, déi d'Benotze vun engem Handy an engem Gefier, an dëst ouni Fräispriechfunktioun, detektéieren. Am Moment ass et awer net geplangt fir d’Benotze vum Handy mat automatesche Radaren ze kontrolléieren. Dofir gëtt et am Moment och keng legal Basis, esou datt déi aktuell Modeller dofir net benotzt kënne ginn.

Den Asaz vun Drone fir d’Benotzen vum Handy um Steier esou wie och aner Infraktiounen ze kontrolléieren ass hei zu Lëtzebuerg net geplangt.


Max Hahn