Sie sind hier

Moderniséierung vum CITA?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Laut Koalitiounsaccord soll de CITA enger Analys ënnerzunn an den techneschen Entwécklungen ugepasst ginn. Och soll allgemeng eng informatesch Strategie ausgeschafft ginn, fir d'Verkéiersfluxe besser ze leeden an d'Chauffere besser z'informéieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« De Koalitiounsaccord gesäit vir, de « système de contrôle et d’information du trafic sur les autoroutes (CITA) » op de Leescht ze huele fir en den technologeschen Entwécklungen unzepassen. Donieft soll och eng koherent informatesch Strategie ausgeschafft an déi informatesch Architektur vun der Administration des ponts et chaussées ausgebaut ginn, fir d’Verkéiersfluxe besser ze geréieren an eng besser Informatioun zur Verfügung ze stellen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

- Wéi wäit ass d’Evaluatioun vum CITA ?

- Wat wieren eventuell éischt Konklusiounen ? Ass virgesinn, de CITA auszebauen ? Kann den Här Minister Prezisiounen heizou ginn ?

- Wéi wäit ass d’Ausschaffe vun der genannter informatescher Strategie ? Kann den Här Minister och heizou weider Informatioune ginn ? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn