Sie sind hier

Projet MMUST: Besser Organisatioun vun der Mobilitéit an der Groussregioun

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Mam Projet "modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontaliers" (MMUST) sollen d'Verkéiersflëss an der Grenzregioun analyséiert gi fir d'Mobilitéit besser z’organiséieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit d'Aarbechten um Projet sinn an ob schonn en Tëschebilan gezu ka ginn.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« De Projet MMUST (modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontaliers), un deem de Mobilitéitsministère zënter 2018 zesumme mat 22 Partneren aus véier Länner schafft, ass en europawäit eenzegaartege Projet fir d’Verkéiersflëss an der Grenzregioun ze modelléieren an an Zukunft de grenziwwerschreidende Trafic besser kënnen z’organiséieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

- Kann den Här Minister Detailer zu dësem Projet ginn ?

- Wéi wäit sinn d’Aarbechten un deem Projet fortgeschratt ?

- Kann den Här Minister schonn en Tëschebilan vum Projet maachen ?

- Wéi eng konkret Plus-value fir d’Verkéiersplanung zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun gëtt sech vum Projet vu Säit vum Ministère erwaart ? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn