Sie sind hier

Wéi geet et mam Contournement Ettelbréck-Feelen virun?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Well et anscheinend net richteg viru geet mat de Planungen um Contournement Ettelbréck-Feelen, ënnert anerem och well nëmmen e klenge Budget fir Studie virgesi wier, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Stand der Dinge an deem Dossier ass.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Rezent huet de Buergermeeschter vun Ettelbréck op der Telé bedauert, datt de Ministère vun den ëffentlechen Aarbechten net virukéim mat de Planungen fir e méigleche Contournement vun Ettelbréck-Feelen. Et wiere just 50.000 Euro fir Studie virgesinn.

An deem Zesummenhank wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

  • Kann den Här Minister soen, wou d’Planunge vun dësem Contournement de Moment dru sinn ? Wéini wäert e Gesetzesprojet an der Chamber kënnen deposéiert ginn ? Gouf et zënter 2019 Entrevuen am Ministère mat de Schäfferéit vun Ettelbréck a Feelen fir d’Thema ze verdéiwen?
  • Wéi eng zousätzlech Analysen oder Studie missten, ënner Ëmstänn, nach gemaach ginn, fir de Gesetzesprojet kënnen ze finaliséieren?
  • Ass sech weider Gedanke gemeet ginn wéi den definitiven Tracé kéint ausgesinn? Wat wieren eventuell Contrainten, déi d’Baue vun engem Contournement kéinte behënneren?
  • War schonn eng Versammlung mat de Proprietäre fir hinne verschidden Detailer z’erklären, virun allem wat den Agrëff an hiren Terrain ubelaangt?
  • Goufe schonn déi obligatoresch archeologesch Fouillen duerchgefouert? »

Mat héifleche Gréiss,

 

André BAULER

Deputéierten


André Bauler