Sie sind hier

Wéi wäit si mer mam autonome Fueren zu Lëtzebuerg?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Déi däitsch Regierung wëll an Zukunft op verschiddene Plazen am Land erlaben, dass vollautomatesch Gefierer ganz normal am Stroosseverkéier dierfe fueren, wou de Chauffer just an engem Noutfall muss agräifen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit mer hei zu Lëtzebuerg an deem Beräich sinn.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Déi däitsch Regierung huet rezent e Gesetzesprojet virgestallt, mat deem Däitschland dat éischt Land weltwäit géif ginn, dat d’Conduite autonome am normale Stroosseverkéier erlaabt. Dëst wier zwar nëmmen op festgeluechte Strecke méiglech, mee hei dierften awer Gefierer vum Niveau 4 vun insgesamt 5, wat d’Autonomie betrëfft, zirkuléieren. Méi genee heescht dat, dass et sech hei ëm vollautomatiséiert Fueren handelt, bei deem de Chauffer just a Geforesituatioune muss agräifen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

- Ass den Här Minister au Courant vun dëser Entwécklung ?

- Wéi wäit ass Lëtzebuerg am Bezuch op d’Autorisatioun vum autonome Fueren am normale Stroosseverkéier ?

- Huet d’Regierung wëlles sech um däitsche Gesetzesprojet fir eng eventuell Legaliséierung vun der Conduite autonome z’inspiréieren ?

- Fir wéini wier en änleche Schrëtt wéi an Däitschland hei zu Lëtzebuerg denkbar ?

- Wat sinn d’Tëscheresultater vum gemeinsame Pilot-Projet mat Däitschland a Frankräich an der Groussregioun zu deem Sujet ? »

 

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn