Sie sind hier

 

Mat der Steierreform huet d’DP e wichtegen Akzent gesat fir däitlech méi Gerechtegkeet, Selektivitéit a Kompetitivitéit.

Der DP louch dobäi besonnesch um Häerz, fir Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes z’entlaaschten an hinnen esou däitlech méi Kafkraaft ze ginn. Z.B. duerch sozial selektiv Steierkreditter an duerch eng Upassung vun der Steiertabell. Déi éischt Steierstufe si vun 2017 u méi lues geklomm, wat eng méi sozial Gerechtegkeet am Steiersystem mat sech bruecht an esou de Mëttelstand entlaascht huet. Duerch dës Mesurë bezilt eng Persoun mam  Mindestloun elo 63% manner Steieren an der Steierklass 1. D’Regierung setzt also den Hiewel do un, wou et néideg ass an entlaascht déi Léit, déi et am meeschte brauchen.

Dat gëtt och däitlech bei der Ënnerstëtzung fir déi elengerzéiend Elterendeeler. Well hei den Aarmutsrisiko fir d’Kanner besonnesch héich ass, ass de Steierkredit (CIM) bei engem Akommes bis 35.000€ d’Joer vun 750€ op 1500€ verduebelt ginn. De Fräibetrag vun der Rente alimentaire par rapport zum CIM ass vun 160€ op 184€ an d’Luucht gaangen an den Abattement fir den Ënnerhalt vu Kanner, déi net am Stot wunnen, ass vun 3.480€ op 4.020€ d’Joer gehéicht ginn. Dëst sinn alles Mesuren, déi de Realitéite vun haut Rechnung droen an d’Familljen zousätzlech ënnerstëtzen.

A well méi breet Schëllere och méi droe kënnen, huet d’Steierreform och en neie Spëtzesteiersaz agefouert. Vun 150.000€ d’Joer u ginn elo d’Revenuen zu 41% besteiert a vun 200.000€ un zu 42%. D’Iddie vu Gerechtegkeet a Selektivitéit stinn also och hei kloer am Virdergrond.

Wann ee vu sozialer Gerechtegkeet schwätzt, kënnt een och net laanscht d’Thema vum bezuelbare Wunnraum. Well d’Wunne kee Luxus dierf sinn, ass et fir d’DP eng absolut Prioritéit gewiescht fir iwwert d'Steierreform dozou bäizedroen, datt méi Famillje kënnen een Doheem fannen. Esou sinn ënnert anerem d’Abattemente fir ee Bauspuervertrag fir Jonker bis 40 Joer op 1.344€ verduebelt ginn. Doriwwer eraus ass den Abattement fir d’Scholdzënsen um Eegenheem däitlech no uewen adaptéiert ginn. Déi zäitlech begrenzte Besteierung vu just ¼ vun der Plus-value immobilière erhéicht ausserdeem d’Offer.

Duerch eng virsiichteg Finanzpolitik a Kombinatioun mat engem wirtschaftlechen Opschwong ass esou de Spillraum fir eng gerecht a sozial selektiv Steierreform geschaf ginn. D’Steierreform bréngt esou iwwer déi nächste Joren Erliichterunge vu 400-500 Milliounen d’Joer, besonnesch fir déi Stéit, déi et am néidegsten hunn.

Awer och an der Familljen- a Bildungspolitik huet d’DP finanziell Entlaaschtungen duerchgesat. Besonnesch déi 20 Stonne gratis Kannerbetreiung fir déi méi Kleng vun 1 bis 4 Joer, an déi gratis Schoulbicher ab dem nächste Joer am Secondaire bréngen de Stéit bedeitend finanziell Erliichterungen.

Weider Informatiounen

  • Däitlech méi Zäit fir d'Famill [méi...]
  • Däitlech méi Zukunftschancë fir eis Kanner [méi...]
  • Däitlech méi Zäit [méi...]