Digitalisatioun

Digitalisatioun

Ënnert der Responsabilitéit vun der DP huet d’Regierung mat der Initiativ „Digital Lëtzebuerg“ e wichteg Grondstee fir déi digital Zukunft geluecht. Lëtzebuerg huet eng global digital Strategie, déi alleguerten d’Beräicher ofdeckt –vun der Informatiséierung vun de Staatsverwaltungen iwwer d’Fërderung vun digitale Kompetenzen bis bei d’Entwécklung vu neie Kompetenznischen. 

D’DP wäert an Zukunft vun der Digitaliséierung profitéieren, fir d’Wirtschaft méi breet opzestellen. Wéinst der Produktivitéit, déi wieder wiisst, wäerte mir de Wuesstem méi op Qualitéit ausriichten. D’Tatsaach, datt Google Lëtzebuerg als Standuert fir en Datenzenter consideréiert, weist, datt d’Efforte vun der DP-gefouerter Regierung fir eist Land zu engem digitalen Hub ze maachen, Friichten dréit. D’DP wäert den ICT-Standuert Lëtzebuerg weider ausbauen.

D’DP wäert dofir suergen, datt och d’Aarbechtswelt vum digitale Wandel profitéiert. Mir wäerten nei, flexibel Aarbechtsmodeller fërderen, déi eréischt duerch d’Digitaliséierung méiglech ginn. Zu Lëtzebuerg solle méi Aarbechtsplazen duerch d’Digitaliséierung an duerch d’Robotiséierung bäikommen, wéi där aler ewechfalen. Eng Offensiv an der Weiderbildung soll dofir suergen, datt d’Salariéëbeschtméiglech op d’Aarbecht vun der Zukunft preparéiert sinn.

Eng Koordinatiounsplaz am Staatsministère fir d’Digitaliséierung schafen

D’Digitaliséierung ass en Thema, dat queesch duerch d’Gesellschaft, d’Administratiounen an d’Wirtschaft geet. Fir d’Chance vun der Digitaliséierung optimal ze notzen an d’Erausfuerderunge geziilt unzegoen, ass eng zentral, ministeriell Plaz fir d’Koordinatioun néideg. D’DP wëll déi Koordinatioun fir d’Digitaliséierung am Staatsministère ënnerbréngen.

Strengen Dateschutz garantéieren

An enger ëmmer méi informatiséierter Wirtschaft ass et ganz wichteg, datt den Dateschutz vu Privatinformatioune garantéiert gëtt. Och wann een sech neie Geschäftsmodeller am digitale Beräich net dierf verschléissen, dierf déi Entwécklung net op Käschte vun der Privatsphär vum eenzele goen, och wann europäesch an international Normen am Beräich vun der Transparenz, Steiergerechtegkeet oder Geldwäsch berécksiichtegt gi sinn. D’DP wäert déi nei europäesch Dateschutzreegelung an allen Hisiichten ëmsetzen a Verstéiss Recht konsequent bestrofen.

Digital Administratioun ëmsetzen

D’DP wëll all Aarbechtsschrëtt vun den ëffentlechen Administratioune souwuel ënnerteneen ewéi och am Kontakt mam Bierger an de Betriber bis 2023 digitaliséieren. All Kontakt tëschent Staat an Drëtte muss online méiglech sinn. Fir onnéideg administrativ Weeër ze verhënneren, setzt sech d’DP dofir an, datt den Echange vu schonn agereechten Ënnerlage funktionéiert. D’administrativ Weeër fir Grënner vu Betriber mussen esouwäit erofgesat ginn, datt eng Grënnung bannent engem Wochendag an och online méiglech ass. Souwuel d’Bierger ewéi och d’Betriber sollen zu all Ament iwwer en Tracking-System doriwwer informéiert ginn, wou hir Demande drun ass an a wiem säin Zoustännegkeetsberäich si fält.

 

Den DP-geféierte Konsumenteschutzministère huet doriwwer eraus e Pilotprojet lancéiert, fir Froen am Beräich vum Konsumenteschutz online iwwer „Chatbots“ ze beäntwerten. D’DP wäert dëse System och an anere Beräicher applizéieren, dat an Zesummenaarbecht mat Guichet.lu.

„Digital Learning Centers“ an e Bildungsscheck an der Erwuessenebildung aféieren

Den technologesche Wandel ass eng Erausfuerderung fir d’Entreprisen a hir Beschäftegt. Dofir wëll d’DP „Digital Learning Centers“ mat enger digitaler Bildungsplattform schafen, iwwert déi ee ka fräi op Programmer (Uni Lëtzebuerg, Erwuessenebildung, IFEN oder INAP) zeréckgräifen. An dësen Zentere sollen iwwerdeems vun technesche Ressource profitéiert ginn (z.B. Toun- oder Videostudioen), fir eegestänneg digital Inhalter ze schafen.

 

De Schwéierpunkt vun dësen Zenteren gëtt op déi digital Aus- a Weiderbildung geluecht. Duerch d’Aféiere vun engem Bildungsscheck wäert d’DP all Salariée gratis Cours ubidden, deen an d’Grondlage vun der digitaliséierter Beruffswelt aféiert.

„Coding“ – D’Sprooch vun der Zukunft léieren

De „Coding“ wäert an den nächste Joren zu enger wichteger Kärkompetenz an der digitaliséierter Beruffswelt ginn. Obwuel vill Mënschen all Dag de Computer oder de Smartphone benotzen, feelt ville vun hinnen de grondleeënde Knowhow iwwert de Fonctionnement an iwwert d’Programméiersprooch vun deene Computer.

 

Fir d’Verständnis vun der digitaler Welt a vum Fonctionnement vu Computer ze fërderen, wëll d’DP de „Coding“ an de Schoulprogramm ophuelen. Mir wëllen d’Kanner schonn an der Grondschoul spilleresch un d’Programmatioun eruféieren, fir datt si kënnen éischt Erfarungen an éischt Schrëtt an der Logik an an den Algorithme léieren. Am Secondaire sollen „Digital Skills“ an e Verständnis fir verschidde Programméiersproochen als transversaalt Thema an d’Programmer opgeholl ginn. Dat soll virun allem an der Mathematik an an de Naturwëssenschafte geschéien.

Spezialiséiert Enseignante fir „Compétences numériques“ (I-CM) engagéieren

Nieft den aktuellen Enseignante fir Kanner mat spezielle Besoinen (I-EBS), gëtt spezialiséiert Personal gesicht, fir de Beräich vun den neie Medien a vun „Digital skills“ an der Grondschoul. Si sollen de Schoulen dobäi hëllefen, fir Strategien zum Asaz vun neien Technologien am Unterrecht z’entwéckelen. D’I-CM wäerte weider als Schoulmeeschter aktiv sinn a gi just als Responsabel fir ICT-Froe fräigestallt.

Digitale Programm fir de Sproochenunterrecht entwéckelen

An de leschte Joren si computer-ënnerstëtzt Mathematik-Course mat groussem Succès an de Lëtzebuerger Schoulen agefouert ginn. D’DP wäert esou eng Offer och fir Däitsch a Franséisch entwéckele loossen. Zemol an de Sprooche kënnen digital Supporte en differenzéierten Unterrecht garantéieren.

Digital Übungsplattform fir Schüler opbauen

Schüler mat engem schouleschen Defizit mussen den Ament Material vu verschiddener Qualitéit um fräie Maart kafen. D’DP wäert mat de Produzente vun deem Schoulmaterial eng digital Plattform opbauen, déi de Schüler fräi zougänglech ass an en héichwäertege Support bedeit.

Mediekompetenz vun de Schüler stäerken

Déi digital Revolutioun bitt net nëmme Chancen, ma och Risiken. Wéinst dem grousse Succès vum Internet a vun den neie Medien, gëtt d’Fro vun engem effikasse Schutz vun de Grondschüler a vun den Teenager ëmmer méi wichteg. D’DP wäert dofir d’Mediekompetenz queesch duerch d’Fächer verstäerken. D’Schüler sollten e kritesche Bléck an hirem digitalen Ëmfeld a mat der Informatiounswell behalen a léiere fir Informatiounsquelle bewosst ze hannerfroen.

En Tablett fir all Schüler

„Tablet Computing“ ass a ville Beruffsbranchen zu enger Schlësselkompetenz ginn a soll dofir och méi an den Alldag vun der Schoul integréiert ginn. Mir wëllen dofir net just d’„iPadKlassen“ ausbauen, ma mëttelfristeg e „one-to-one“-Equipement an de Schoulen aféieren. Mir wëllen, datt all Schüler déi nämmlecht Konditiounen a sengem Cours huet. Nieft enger grondleeënder Mediekompetenz sollen d’Schüler och déi digital Geschirkëscht fir d’Produktioun vu kreative Produite kenneléieren. D’DP wäert och d’Offer vun der digitaler Weiderbildung fir Enseignanten ausbauen.

Informatik-Sektioun ausbauen

Am Laf vun der Moderniséierung vum Enseignement secondaire classique (ESC) ass schonn eng nei Sektioun fir Informatik a fir Kommunikatioun (Sektioun I) geschaf ginn. En vue vun der grousser Demande vun de Schüler a vun der Ekonomie, wäerte mir d’Sektioun I verallgemengeren. Am Kader vum Schafe vun hirer Profiller, wäerte mir d’Schoulen aus dem Secondaire dozou encouragéieren, fir hir Offer am Beräich vun esou digitale Kompetenzpolen auszebauen.

„Digital Learning Hub“ – en digitale Kompetenzzenter fir Lëtzebuerg schafen

Zu Lëtzebuerg gëtt et net genuch qualifizéiert Personal, dat den Ufuerderungen am ICT-Secteur gerecht gëtt. Fir dee Problem ze léisen, wäert d’DP den „Digital Learning Hub“ grënnen, also en digitale Kompetenzzenter fir Lëtzebuerg. D’Aufgab vun deem Zenter wäert doranner bestoen, fir noutwenneg Inhalter fir digital Formatiouns- a Weiderbildungscoursen auszeschaffen, (Héich-)Schoulen a soss Instituter ze beroden a fir Enseignanten ze forméieren.

Qualitative Wuesstem duerch déi digital Wirtschaft ofsécheren

D’Digitaliséierung bréngt de Betriber e Plus u Produktivitéit, déi mir brauchen, fir eist Zil vun engem qualitative Wuesstem z’erreechen. D’DP wäert den Asaz vun Zukunftstechnologien dofir net onnéideg mat bürokrateschen a finanzielle Barrière blockéieren, ma ganz am Géigendeel eng digitaliséierungs-frëndlech Legislatioun schafen, fir d’Betriber aktiv bei hirer Transformatioun z’ënnerstëtzen. Fir datt eis Wirtschaft kann de Virreider vum digitale Wandel ginn, musse mir fir den néidege Knowhow suergen. D’DP wäert dofir eng Analyse iwwert déi benéidegt Beruffsqualifikatioune maachen.

D’Attraktivitéit vum ICT-Standuert Lëtzebuerg ausbauen

D’DP wëll den ICT-Standuert Lëtzebuerg ausbauen. Mir wäerten déi néideg Infrastrukture fir en international kompetitiven ICT-Standuert weider verbesseren an d’Legislatioun op hir ICTFrëndlechkeet hin iwwerpréiwen an eventuell upassen. Mir wäerten och weider an den digitalen Archivage an an d’Datespäicherung investéieren.

Start-up-Natioun Lëtzebuerg ausbauen

D’DP wëll Lëtzebuerg als Start-up-Natioun positionéieren. Mir wäerten d’Grënnerkultur zu Lëtzebuerg stäerken, andeems mir déi bestoend Sensibiliséierungscampagnen ausbauen an e bürokratie-fräit Joer fir Start-uppen aféieren. Administrativ Demarchë solle fir déi Leit esouwäit wéi méiglech kondenséiert ginn, fir dass eng Grënnung an engem Dag muss online méiglech sinn. Investitiounen a Start-uppe solle steierlech begënschtegt ginn. D’DP wëll Boursë fir Grënner aféieren, fir d’Entreprenariat ze fërderen.

Méi e séieren Internet iwwer Glasfaserleitungen a 5G-Technologie

D’DP wäert dofir suergen, datt Lëtzebuerg zu den éischte Länner gehéiert, déi e flächendeckenden a séieren, mobillen Internet mat 5G-Technologie ubidden. Dovunner ofgesi wäerte mir d’Agenda fir d’Verleeë vu Glasfaserleitungen däitlech straffen, fir datt alleguerten d’Entreprisen an d’Stéit, egal wou se sinn, e séieren Internet kréien.

Lëtzebuerg soll Spëtzt fir nei Technologië ginn

D’DP wäert nei Technologiëfërderen, andeems mir eng technologiefrëndlech Legislatioun schafen a Fuerschungsprojeten an de Beräicher High performance computing, big data, Blockchain, autonoomt Fueren a kënschtlech Intelligenz staatlech fërderen.

„Cyber-Security“ verstäerken

Dat digitaalt Zäitalter bréngt net nëmme Chancen, ma och Geforen a Form vun HackerAttacken, déi et dacks op perséinlech Informatiounen ofgesinn hunn. D’DP wäert déi staatlech Sécherheetsmesure géint Hacker-Attacken iwwerpréiwen a verstäerken. Mir wäerten och d’Privatwirtschaft dobäi ënnerstëtzen, fir hir intern Informatiounen an hir Clientsfichiere wierksam ze protegéieren.

Bezuelen ouni Pabeier fërderen

D’DP wäert elektronescht Bezuele méi einfache maachen an ënnerstëtzen, awer ouni d’Boergeld ofzeschafen. Mir wäerte weider an déi sougenannte Fintech investéieren. Mir wäerten e regulative Kader fir Kryptowärunge schafen a mir stinn der Blockchain-Technologie prinzipiell positiv géintiwwer. Rechnunge vu Verwaltunge sollen an Zukunft kënnen iwwer alternativ Moyene bezuelt ginn (z.B. iwwer Digicash).

En digitale Bannemaart fir Europa schafen

D’DP wäert sech op EU-Niveau dofir asetzen, datt endlech en digitale Bannemaart geschaf gëtt. Esou wéi bei de Produiten a bei de Servicer sollen national Regulatiounen, déi digital Grenziwwerschreidunge behënneren, ofgeschaaft ginn. D’DP fuerdert z.B. d’Verbuet vu Geoblocking. Mir wëllen net weider akzeptéieren, datt Mënschen hei am Land vu Streamingdéngschter ausgeschloss sinn, déi awer an eisen Nopeschlänner kënne captéiert ginn.

Intelligent, digitaliséiert Verkéiersleetsystemer aféieren

D’DP wäert intelligent Verkéiersinformatiouns- a Verkéierleetsystemer op den Autobunnen an op vill befuere Stroossen asetzen. Dës Technik wäert d’Stroossecapacitéit duerch eng intelligent Systemtechnik a Verkéiersmanagement erhéijen. An Echtzäit kënnen esou Daten iwwert d’Auslaaschtung vun de Stroossen gesammelt an a Verbindung mat den Date vun den Automobilisten an engem intelligente Verkéiersmanagment zesummelafen.

 

Donieft wäert d’DP d’Rout Luuchten intelligent steieren an och de Prinzip vun der grénger Well esouwäit wéi méiglech ausbauen.

Gesetzleche Kader fir autonoomt Fueren

Autonom Autoë kléngen nach no Zukunftsmusek, ma si sinn op ville Plaze schonn an der Testphase. D’DP wäert de gesetzleche Kader schafen, fir d’autonoomt Fueren op eise Stroossen ze reglementéieren, esou datt mir prett sinn, wann d’technologesch Entwécklung esou Gefierer zouléisst. Och den Asaz vun Dronen, z.B. bei Rettungsasätz, muss reglementéiert ginn.

Eis Uertschaften zu „Smart Cities“ entwéckelen

Eng „Smart City“ profitéiert vun den digitalen Technologien, fir méi effizient, méi fortschrëttlech, méi ëmweltfrëndlech, ma och méi inklusiv ze ginn. D’DP wäert d’Gemenge geziilt dobäi ënnerstëtzen, fir hir Uertschafte mat Hëllef vun der Digitaliséierung méi biergerfrëndlech ze maachen. Mir wäerten dofir finanziell Incitatioune schafen an innovativ Projete matfinanzéieren.

D’Neutralitéit vum Netz sécherstellen

D’Neutralitéit vum Netz bedeit d’Gläichbehandlung vun Date bei der Iwwermëttlung am Internet a fir e fräien Zougang ouni Diskriminéierung beim Gebrauch vun Datennetzer, déi ëmmer nees vun Netzbedreiwer weltwäit a Fro gestallt gëtt. D’DP wäert um Prinzip vun där Netzneutralitéit festhalen, well mir de gläichberechtegen Internetaccès als Grondrecht vun alle Bierger ugesinn.

„eSanté“ am Interessi vum Patient notzen

D’Digitalisatioun bitt dem Gesondheetssecteur vill Chancen, déi mussen zum Virdeel vum Patient genotzt ginn. D’DP wäert en zentralen an eenheetlechen Informatik- an Informatiounssystem fir Spideeler, Dokteschcabineten, Apdikten, Laboratoiren a Gesondheetskeesen aféieren. Den Dateschutz vu perséinleche Patienteninformatioune muss allerdéngs garantéiert sinn. Dëse System spuert Suen, ass transparent a kann am Noutfall Liewe retten. Mir wäerten och eng digital Gesondheetskaart aféieren, déi net nëmme wichteg Informatioune fir de Patient späichert, ma och en einfache Bezuelsystem bitt fir d’Dokteschhonorairen ze bezuelen. Schliisslech wëll d’DP eng flächendeckend Applikatioun vun der Telemedezin erméiglechen, fir den Asaz vu „Skype-Doctors“ . Eng effizient Manéier fir eng effizient Versuergung vun de Patienten, besonnesch iwwer Land, ze garantéieren.

Vun der Digitaliséierung an der Landwirtschaft profitéieren

D’DP wäert d’Strategie vun der Digitaliséierung an der Agrikultur weiderentwéckelen. De sougenannten „Precision Farming“ soll mat Sensoren an Dronen en däitlech méi präzisen Asaz vu Schiedlengsbekämpfungsmëttelen a vun Dünger erméiglechen. Dee System erlaabt net nëmmen eng punktgenee, spezifesch an domadder méi ëmweltschounend Produktioun, ma och eng méi effikass Produktioun. Nom Motto „Esouvill wéi néideg, esou wéineg wéi néideg“ .

D’Justiz digitaliséieren

D’DP wäert d’Prozeduren vum Justizapparat digitaliséieren an esou d’Duerchschnëttsdauer vun de Prozesser däitlech verkierzen. Do dernieft wäerte mir d’Justiz méi transparent gestalten, andeems all d’Geriichtsuerteeler um Internet verëffentlecht wäerte ginn.

D’Digitaliséierung fir d’Vermëttlung vun der Kultur profitéieren

D’DP wëll d’Chance vun der Digitaliséierung och an der Kultur notzen. D’Applikatioune si multipel. Nieft der digitaler Konscht an der Kreativwirtschaft, kann domadder besonnesch d’Vermëttlung vun der Kultur a vun eisem kulturellen Ierwe gefërdert ginn. D’DP wäert déi komplett Digitaliséierung vun de Bestänn an de Muséeën an an den Archive virundreiwen. Eng Digitaliséierung bréngt net nëmmen déi wëssenschaftlech Grondlagefuerschung virun, ma erméiglecht och e bedeitend méi liichten Accès zu de Reserven, déi soss just zu extra Geleeënheeten an Ausstellungen erausgeholl ginn. Doriwwer eraus vereinfacht d’Digitaliséierung e besseren Austausch tëschent de staatleche kulturellen Institutiounen an dem breede Public.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp