René Hübsch – E Liewen am Déngscht vun der Schoul a vun der Politik

De René Hübsch kënnt den 13. Januar 1937 an der Waarkerstrooss zu Ettelbréck op d’Welt. Nëmme 7 Méint dono stierft säi Papp, deen e Betrib als Plafonéierer (Gipser) hat. Eigentlech sollt de René d’Handwierk vum Usträicher léieren. Ma de Jong léiert esou gutt, datt de Schoulmeeschter insistéiert, fir hien an de Lycée ze schécken.

„HEIL MOSKAU“

Vum Krich kritt de klenge René net vill mat. Ma un eng Spiicht kann hie sech nach gutt erënneren. Am 1. Schouljoer (Enn 1943) gëtt nach mueres den Hitlergruß verlaangt. De René a säi Kolleeg fille sech enges Daags awer staark genuch, fir den „Heil H.“ duerch en „Heil Moskau“ ze ersetzen. Déi zwee hate spatz krut, datt d’Russen déi däitsch Arméi géife ferme attackéieren. An de Schoulmeeschter huet heemlech geschmunzelt …

Nom Doud vum Papp schafft dem René seng Mamm als Néiesch. U seng Jugend huet hie gutt Erënnerungen. Grad ewéi u seng Zäit am Dikrecher Kolléisch: „Do huet sech eng nei Welt fir mech opgedoen.“ De René fänkt op der Section moderne un, wiesselt awer séier op classique. Latäi sollt eng vu senge grousse Passioune ginn.

JACQUES SANTER A BEN FAYOT

Nom Cours an der Stad geet d’Rees op d’Sorbonne zu Paräis. Alt erëm nei Andréck a vill nei Bekanntschaften: „Ech hunn ë. a. zesumme mam Jacques Santer a mam Ben Fayot studéiert“. De René wunnt an der Biermans a profitéiert vun der kultureller Villfalt vun der franséischer Haaptstad. Hie liest vill a geet 1x d’Woch an de Kino. Deemools fiert de René Hübsch 2x d’Trimester heem; och fir d’Wäsch gemaach ze kréien …

Hie finanzéiert seng Studie mat engem Prêt ouni Zënse vum Staat. Wéi hien d’Sue méi spéit rembourséiere wollt, wor aus dem Prêt awer e Subsid ginn. „Joerzéngte méi spéit hunn ech héieren, datt den Educatiounsministère d’Dossiere beim Plënnere vertässelt hat. Fir sech net ze blaméieren, hu se dunn aus dem Prêt einfach e Subsid gemaach.“

MOLITOR VS WINTER

No der Uni mécht de René Hübsch säin Déngscht an der Arméi. Wéi sech méi spéit erausstellt ,waren d’Direktere Pierre Winter (Athénée) a Ben Molitor (Dikrech) staark um kommende Proff interesséiert. „Ech hu meng Militärzäit esouguer fir 4 Wochen ënnerbrach, fir am Stater Kolléisch ze ersetzen.“ Ma de René wollt onbedéngt op Dikrech, wou hie schliisslech Latäin, Franséisch an niewebäi och Geschicht ginn huet (1962-1979).

1974 geet de René Hübsch mat der DP an d’Chamberwalen. „Ech sinn e gleewege Mënsch, ma ech hat e perséinleche Mëssel mat der Caritas an dono huet sech meng Begeeschterung fir d’Kierch a fir hir Organisatioune berouegt“, erënnert sech de René. Hie gëtt Ersatzkandidat a kéint 1977 noréckelen. „Ma ech war knapps 3 Méint Sous-Direkter, ech wollt net schonn erëm fortgoen. An ech hätt och een Drëttel vu menger Pai verluer. Mat enger Famill mat 3 Meedercher hunn ech dunn Nee gesot.“

„OP DECH KONNT ECH MECH VERLOOSSEN“

Zwee Joer méi spéit war dat keen Theema méi, an de René gëtt Zweetgewielten op der Nord-Lëscht. No den haarden Anti-Krise-Mesuren an no de gesellschaftspolitesche Reforme vun der Regierung Thorn-Vouel/Berg ass et eng ganz haart Walcampagne géint eng aggressiv CSV. „De Bilan vun DP-LSAP war besonnesch am Norden net ëmmer einfach ze verdeedegen.

Aus senger Zäit als Deputéierten erënnert de René sech besonnesch un d’Reform vum Gemengegesetz. An un d’Problemer, mat deenen d’Leit sech deemools un hir Deputéiert adresséiert hunn. Viru Kuerzem huet ee Bekannten him dofir nach e Kompliment gemaach: „Du waars deen Eenzegen, dee mir gehollef huet, op Dech konnt ech mech verloossen.“

NET ZE BREMSEN

1989 gëtt de René Hübsch net méi gewielt a schafft dono hallef als 2. Sous-Direkter am Lycée an hallef am Ministère. Déi lescht 7 Joer vu senger berufflecher Carrière ass hien den éischten Direkter vum Service vun der Formation des adultes.

De René Hübsch war 36 Joer am Gemengerot zu Ierpeldeng, 20 Joer dovunner als Schäffen. Säi Meeschterstéck sinn d’Moossname géint d’Iwwerschwemmungen zu Angelduerf, déi sech dëse Summer bewisen hunn. De René ass weider gutt iwwert d’Politik informéiert: „Ech weess nach gutt Bescheed.“ Den Ament ass hien awer net gutt zu Fouss. Hien huet sech d’Hëft gebrach, ass awer um Wee vun der Besserung. Hie mécht och reegelméisseg en Tour laanscht d’Sauer mat engem gudde Frënn. Deen ee geet zu Fouss an deen anere fiert mat engem spezielle Scooter. De René Hübsch ass net ze bremsen …

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...