{"id":397,"date":"2022-08-11T20:30:00","date_gmt":"2022-08-11T20:30:00","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/?p=397"},"modified":"2023-03-16T20:32:54","modified_gmt":"2023-03-16T20:32:54","slug":"pressecommunique-rezent-baustoppen-an-oneierlechen-aussoe-vum-iechternacher-buergermeeschter","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/pressecommunique-rezent-baustoppen-an-oneierlechen-aussoe-vum-iechternacher-buergermeeschter\/","title":{"rendered":"Pressecommuniqu\u00e9 &#8211; Rezent Baustoppen an on\u00e9ierlechen Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter"},"content":{"rendered":"\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong>Pressecommuniqu\u00e9 vum 11. August 2022<\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>W\u00e9inst de rezente Baustoppen an on\u00e9ierlechen Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter steet d&#8217;Stad Iechternach de Moment an engem ganz schlechte Liicht.<\/p>\n\n\n\n<p>S\u00e4it Mee 2021 sinn net manner w\u00e9i v\u00e9ier (4) Baustoppe vu Gemengenaarbechte verhaange ginn. Fir d\u2018Sprangprozessioun sollten, ouni Autorisatioun vum Kulturminist\u00e8re, Bronze-Skulpturen um Parvis vun der Basilika opgeriicht ginn. Am Iechternacher Park si gr\u00e9isser Aarbechten ouni Autorisatioun vum Kulturminist\u00e8re ugefaange ginn. Rezent gouf ee Chauffage urbain um ale Campus Gare gebaut, \u00e9ier dass d\u00e9i n\u00e9ideg Autorisatioune vun der \u00cbmwelt- an der Waasserverwaltung do waren.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>D\u2019DP Eechternoach distanz\u00e9iert sech formell vun d\u00ebser Approche vun der aktueller CSV-LSAP Majorit\u00e9it, d\u00e9i systematesch Gesetzer a Virschr\u00ebften net respekt\u00e9iert.<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>Amplaz e Schratt op di concern\u00e9iert Verwaltungen duer ze goen an zesummen no L\u00e9isungen am Wuel vun eiser Stad an hire Bierger ze sichen, ginn \u2013 trotz dem manifeste Feelverhale \u2013 Scholdzouweisungen un d\u2019Verwaltunge gemaach.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir d&#8217;DP-Fraktioun ass et och inakzeptabel, datt de Sch\u00e4fferot an haapts\u00e4chlech de Buergermeeschter falsch, respektiv onkomplett Informatiounen un d\u2019\u00cbffentlechkeet ginn :<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\">\n<li>Beispill \u201eIechternacher Park\u201c: De Park ass s\u00e4it der H\u00e9ichwaasser-Katastroph vum Juli 2021 an engem ganz schlechten Zoustand. S\u00e4it Juni 2022 h\u00e4nkt am Park eng Informatioun, d\u00e9i beseet, dass d\u00e9i entstane Schied w\u00e9inst enger Etude vum Kulturminist\u00e8re net k\u00ebnne behuewe ginn. Op Nofro per Question parlementaire vum Carole Hartmann [<a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/suivi-vun-den-aarbechten-am-iechternacher-park\/\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">m\u00e9i&#8230;<\/a>] beim Kulturminist\u00e8re ass et zwar richteg, dass gr\u00e9isser Aarbechten net d\u00e4erfe gemaach gi soulaang w\u00e9i d\u2019Etude net f\u00e4erdeg ass; de normalen \u00cbnnerhalt vum Park ass awer ni vum Kulturminist\u00e8re a Fro gestallt ginn.<\/li>\n\n\n\n<li>Beispill \u201eH\u00ebllefe vum Staat w\u00e9inst den H\u00e9ichwaasserschied\u201c: Um Virowend vu Nationalfeierdag war et d\u2019Ausso vum Buergermeeschter, dass Iechternach net g\u00e9if vun de staatlechen Instanze gehollef kr\u00e9ien. De 14. Juli 2022 g\u00ebtt en an der Presse zit\u00e9iert, dass de Staat \u201ekatastrophal schlecht\u201c geschafft h\u00e4tt, wat d\u2019H\u00e9ichwaasserschied uginn. D\u2019Inneministesch l\u00e9isst d\u00e9i Aussoen net stoen a pr\u00e4zis\u00e9iert, dass d\u2019Stad Iechternach hir Dokumenter weder komplett, nach korrekt g\u00e9if eraginn an doduerch nach keng finanziell H\u00ebllef konnt kr\u00e9ien.<\/li>\n\n\n\n<li>Beispill \u201eChauffage urbain\u201c : An der Gemengerot-Sitzung vum 18. Juli 2022 ass carrement gelu ginn, w\u00e9i d\u2019Fro gestallt ginn ass, ob all d\u2019Autorisatioune fir d\u00ebs Constructioun virleien. Duerch di 2 Baustoppe vun der \u00cbmwelt- an der Waasserverwaltung ass gewosst, dass d\u2018\u00c4ntwert vum Buergermeeschter net der Wouerecht entsprach huet.<br>\u200b<br>An enger \u00ebffentlecher Reaktioun vum 3. August 2022 behaapt de&nbsp;Buergermeeschter dann, de \u201eW\u00ebssensstand\u201c vum 18. Juli 2022 am Gemengerot erkl\u00e4ert ze hunn. Weider seet en awer, dass een aus Z\u00e4itdrock eraus d\u2019Aarbechten ouni Autorisatioun ugefaangen h\u00e4tt. Ergo war gewosst, dass d\u2019Aarbechten ouni di n\u00e9ideg Autorisatioune lanc\u00e9iert goufen. D\u00ebse W\u00ebssensstand gouf dem Gemengerot an domat och de Bierger virenthale.<br><br>Doriwwer eraus sot&nbsp;de Buergermeeschter am selwechten Interview vum 3. August 2022, dass d\u2019Gemeng, no enger Demande beim Environnement fir Beem ewechzemachen, er\u00e9ischt&nbsp;no 6 M\u00e9int en Accus\u00e9 de r\u00e9ception kritt h\u00e4tt. Am Communiqu\u00e9 vum Sch\u00e4fferot vun der Stad Eechternoach heescht et dann : \u201e<em>Die n\u00f6tigen Unterlagen zur Genehmigung einer Baumrodung inklusive der erfolderlichen Kompensation wurden bereits im Januar beim Umweltministerium eingereicht. Detaillierte Pl\u00e4ne zur Umsetzung des Ma\u00dfnahmen sowie zum Gesamtkonzept des Campus Gare wurden im Mai erg\u00e4nzt, nachdem die Notwendigkeit einer Neubeplanzung seitens des Ministeriums schriftlich mitgeteilt wurde.<\/em>\u201c D\u2019Aussoe vum Buergermeeschter hunn also alt er\u00ebm&nbsp;net der (ganzer) Wourecht entsprach.<\/li>\n<\/ul>\n\n\n\n<p>All des rezent Beispiller weisen, dass de CSV-LSAP Sch\u00e4fferot vun der Stad Iechternach d\u2019\u00cbffentlechkeet a&nbsp;virun allem d\u2019Iechternacher Bierger net richteg\/net komplett inform\u00e9iert.&nbsp;<strong>Fir d\u2019DP Eechternoach ass d\u00ebst&nbsp;Verhale skandal\u00e9is an total irresponsabel.<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>Et g\u00ebtt Z\u00e4it dass den Iechternacher Sch\u00e4fferot an all d\u2019Membere vun der CSV-LSAP Majorit\u00e9it hir Verantwortung iwwerhuelen. D\u2019Stad Iechternach muss, w\u00e9i all aner Gemeng a Bierger och, d\u2019Gesetzer respekt\u00e9iere. Et muss Schluss si&nbsp;mat der Verbreedung vu falschen\/onkompletten Informatiounen an der \u00cbffentlechkeet. An et muss endlech nees gekuckt ginn, net&nbsp;g\u00e9int m\u00e4 mat de Staats-Verwaltungen ze schaffen.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019DP Eechternoach w\u00e4ert&nbsp;der CSV-LSAP Majorit\u00e9it och weiderhin&nbsp;op d\u2019Fangere kucken an, iwwer&nbsp;hir Vertrieder am Gemengerot, kritesch Froe stellen&nbsp;a konstruktiv Virschl\u00e9i maachen, d\u00e9i am Inter\u00eat&nbsp;vun der Stad Iechternach sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>Am Kontext vun der Constructioun vum Chauffage urbain am ale&nbsp;Quartier Gare, stellt d\u2019DP Fraktioun aus dem Iechternacher Gemengerot parallel zu d\u00ebsem Communiqu\u00e9 divers schr\u00ebftlech Froen un de Sch\u00e4fferot fir Transparenz an d\u00ebsen Dossier eranzebr\u00e9ngen.<\/p>\n\n\n\n<p>De Comit\u00e9 vun der DP Eechternoach<\/p>\n\n\n\n<hr class=\"wp-block-separator has-alpha-channel-opacity\"\/>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong>Froen un de Sch\u00e4fferot<\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>H\u00e4r Buergermeeschter, Di H\u00e4re Sch\u00e4ffen,<\/p>\n\n\n\n<p>No den zwee (2) Baustoppen d\u00e9i d\u2019\u00cbmweltverwaltung&nbsp;an d\u2019Waasserverwaltung um Chantier vum Chauffage urbain am ale&nbsp;Quartier Gare verhaangen hunn, freet d\u2019DP Fraktioun no Transparenz an d\u00ebsem Dossier a stellt op Basis vum Artikel 25 vum modifiz\u00e9ierte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 a vum Artikel&nbsp;4 vun eisem R\u00e8glement d\u2019ordre int\u00e9rieur vum Gemengerot vun der Stad Iechternach folgend Froen un de Sch\u00e4fferot:<\/p>\n\n\n\n<ol class=\"wp-block-list\">\n<li>De Gemengerot huet den 23. September 2019 en Avant-projet d\u00e9taill\u00e9 (APD) vun engem Chauffage urbain den op de Camping sollt kommen unanime gest\u00ebmmt. Den adapt\u00e9ierte Projet niewent&nbsp;dem zuk\u00fcnftege&nbsp;Parkhaus ass dem Gemengerot net&nbsp;\u00ebnnerbreet ginn, sou dass et och ni&nbsp;zu engem neie Vott&nbsp;komm ass.\n<ol class=\"wp-block-list\">\n<li>D\u2019DP Fraktioun freet dohier&nbsp;no enger Kopie, respektiv dem Acc\u00e8s op der Gemeng zu de neie Pl\u00e4ng, dem adapt\u00e9ierten Devis a Cahier des charges vum Chauffage urbain?<\/li>\n\n\n\n<li>H\u00e4tt de Gemengerot, nodeems&nbsp;d\u2019Constructioun net&nbsp;m\u00e9i an den Hang vum Camping, mais \u00e0 plat niewent&nbsp;d\u2018Parkhaus k\u00ebnnt, net e neien APD missten ofst\u00ebmmen?<\/li>\n\n\n\n<li>Ass d\u2019Constructioun vum Chauffage urbain niewent&nbsp;dem Parkhaus vum Inneminist\u00e8re approuv\u00e9iert ginn&nbsp;? Wa jo, w\u00e9ini an op Basis vu w\u00e9i enge Pl\u00e4ng?<\/li>\n<\/ol>\n<\/li>\n\n\n\n<li>W\u00e9ini si w\u00e9i eng Autorisatioune&nbsp;fir de Chauffage urbain niewent&nbsp;dem Parkhaus gefrot ginn ? A wat&nbsp;waren d\u2019Reaktiounen an d\u2019Echang\u00eb&nbsp;mat de jeeweilege&nbsp;Verwaltungen no den Demanden d\u00e9i eragereecht goufen?\n<ol class=\"wp-block-list\">\n<li>D\u2019DP Fraktioun freet no enger Kopie, respektiv dem Acc\u00e8s op der Gemeng zum kompletten Dossier d\u2019autorisation mat der \u00cbmweltverwaltung.<\/li>\n\n\n\n<li>D\u2019DP Fraktioun freet no enger Kopie, respektiv dem Acc\u00e8s op der Gemeng zum kompletten Dossier d\u2019autorisation mat der Waasserverwaltung.<\/li>\n\n\n\n<li>An der Gemengerots-Sitzung vum 11. Januar 2022 war och nach riets vun enger Commodo\/Incommodo Prozedur. Ass des och gemaach ginn? Wa jo, freet d\u2019DP Fraktioun och hei no enger Kopie, respektiv dem Acc\u00e8s op der Gemeng zu desem kompletten Dossier d\u2019autorisation. Wa nee, firwat ass di Prozedur net gemaach ginn?<\/li>\n\n\n\n<li>Ginn et weider Autorisatiounen d\u00e9i am Kader vum Chauffage urbain gefrot an accord\u00e9iert gi sinn? Wa jo, freet d\u2019DP Fraktioun och hei no enger Kopie, respektiv dem Acc\u00e8s op der Gemeng zum kompletten Dossier d\u2019autorisation.<\/li>\n<\/ol>\n<\/li>\n\n\n\n<li>Et gouf eis zougedroen, dass et um Terrain vum zuk\u00fcnftege Parkhaus, respektiv dem Chauffage urbain zu Echange de terrains mam Staat komm ass.\n<ol class=\"wp-block-list\">\n<li>Kann de Sch\u00e4fferot dat&nbsp;confirm\u00e9ieren oder infirm\u00e9ieren?<\/li>\n\n\n\n<li>Wann dat&nbsp;st\u00ebmmt, h\u00e4tten des Echangen net och misste vum Gemengerot gest\u00ebmmt a vum Inneminist\u00e8re approuv\u00e9iert ginn?<\/li>\n<\/ol>\n<\/li>\n<\/ol>\n\n\n\n<p>Merci am Viraus fir \u00e4r \u00c4ntwerten.<\/p>\n\n\n\n<p>Carole Hartmann a Marcel Heinen<br>DP-Gemenger\u00e9i<\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-file\"><a id=\"wp-block-file--media-d525718a-aa70-4648-8fd3-257c2f229e36\" href=\"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-content\/uploads\/sites\/35\/2023\/03\/Communique-DP-Eechternoach-11.8.22.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Communique\u0301 DP Eechternoach 11.8.22<\/a><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-content\/uploads\/sites\/35\/2023\/03\/Communique-DP-Eechternoach-11.8.22.pdf\" class=\"wp-block-file__button wp-element-button\" download aria-describedby=\"wp-block-file--media-d525718a-aa70-4648-8fd3-257c2f229e36\">Download<\/a><\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-file\"><a id=\"wp-block-file--media-8ca72297-3d14-4093-b4b9-2c3e402f5379\" href=\"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-content\/uploads\/sites\/35\/2023\/03\/Questions-DP-fraction-Chauffage-urbain-11.8.22.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Questions DP fraction Chauffage urbain 11.8.22<\/a><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-content\/uploads\/sites\/35\/2023\/03\/Questions-DP-fraction-Chauffage-urbain-11.8.22.pdf\" class=\"wp-block-file__button wp-element-button\" download aria-describedby=\"wp-block-file--media-8ca72297-3d14-4093-b4b9-2c3e402f5379\">Download<\/a><\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Communiqu\u00e9 zu diverse Baustoppen zu Iechternach, Reiwereie vum Iechternacher Sch\u00e4fferot mat staatleche Verwaltungen an on\u00e9ierlechen Aussoen vum Iechternacher Buergermeeschter.<\/p>\n","protected":false},"author":2,"featured_media":402,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[],"class_list":["post-397","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-news","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=397"}],"version-history":[{"count":3,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":404,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/397\/revisions\/404"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/media\/402"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=397"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=397"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=397"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}