{"id":411,"date":"2021-06-11T20:48:00","date_gmt":"2021-06-11T20:48:00","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/?p=411"},"modified":"2023-03-31T13:42:46","modified_gmt":"2023-03-31T13:42:46","slug":"positioun-vun-der-dp-eechternoach-zu-der-proposition-de-classement-vun-der-kulturministesch-vum-erweiderte-site-vun-der-petite-marquise-als-monument-national","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/positioun-vun-der-dp-eechternoach-zu-der-proposition-de-classement-vun-der-kulturministesch-vum-erweiderte-site-vun-der-petite-marquise-als-monument-national\/","title":{"rendered":"Positioun vun der DP Eechternoach zu der \u201eProposition de classement\u201c vun der Kulturministesch vum erweiderte Site vun der \u201ePetite Marquise\u201c als &#8220;Monument national&#8221;"},"content":{"rendered":"\n<p>Als DP Echternoach si mir houfreg op deen eemolegen Patrimoine vun der Stad Eechternoach, der eelster Stad am Land. Dei archeologesch an historesch Entdeckungen d\u00e9i elo um erweiderte Site vun der fr\u00e9ierer \u201ePetite Marquise&#8221; gemaach goufe w\u00e4erten eis Stad nach eemol op.<\/p>\n\n\n\n<p>Et ass fir eis dofir evident, dass d&#8217;Vestigen aus der Z\u00e4it vum Hellege Willibrord an aus der Z\u00e4it vum Grof Siegfried mussen erhale ginn an dass de Gemengerot d&#8217;,Proposition de classement&#8221; vum erweiderte Site vun der \u201ePetite Marquise&#8221; als Monument national och positiv avis\u00e9iere soll.<\/p>\n\n\n\n<p>D&#8217;Position vum Buergemeeschter am Eechternoacher Gemengerot fir um aktuelle Projet festzehalen an domat d&#8217;Zerst\u00e9ierung vun de Gemaier ze consider\u00e9ieren ass an eisen Aen irresponsabel an inakzeptabel. Et muss der Stad Echternoach dru gelee\u00eb sinn, s\u00e4i Patrimoine ze erhalen an en Valeur ze setzen!<\/p>\n\n\n\n<p>Dob\u00e4i kennt dass souguer ouni positiven Avis vum Gemengerot eng \u201eProposition de classement&#8221; vum Kulturministere, dem Gesetz no, schon d&#8217;Effekter vun engem Klassement huet. Dofir ass e Weiderf\u00e9iere vum aktuelle Projet, an der Form wei en bis elo geplant war, och praktesch net mei m\u00e9iglech. Dat muss een alle Betraffenen an aller Eierlechkeet an Transparenz soen.<\/p>\n\n\n\n<p>Och wann de Projet an der aktueller Form net m\u00e9i realis\u00e9iert ka ginn, soll dat fir d&#8217;DP Eechternoach awer net d&#8217;office heeschen, dass guer n\u00e4ischt m\u00e9i op d\u00easem Site ka gemaach ginn. Am Senn vun der Erhalung vun de Vestigen, awer och am Senn vun de betraffene Bierger muss d&#8217;Stad Eechteroach dofir elo proaktiv mam Kulturminist\u00e8re, mat Sites et Monuments a mam nationalen Zenter fir archeologesch Recherchen de Kontakt sichen, fir zesummen ze kucken, wat mat a ronderem dem Fundus ka realis\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Wa mer wessen, a wei eng Richtung ka geplant ginn, sollte mer en Aarbechtsgrupp asetzen, mat de selwechte Staats- a Gemengenakteuren, mais och mat Fachleit an interess\u00e9ierte Bierger, fir en adapt\u00e9ierte Projet auszeschaffen. D&#8217;Finanz\u00e9ierung vum neie Projet w\u00e4rt eng weider grouss Erausfuerderung ginn. An der \u201eProposition de classement&#8221; vun der Kulturministesch kritt d&#8217;Gemeng eng large Subvention\u00e9ierung fir d&#8217;Restauration an d&#8217;Renovatioun vum Site an Aussicht gestallt. Och op desem Punkt mussen eis Gemengeverantwortlech den Dialog am Kulturminist\u00e8re, awer och mam Tourismusminist\u00e8re sichen, fir di n\u00e9ideg finanziell Ennerstetzung ze kr\u00e9ien.<\/p>\n\n\n\n<p>De Comit\u00e9 vun der DP Eechternoach<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Als DP Echternoach si mir houfreg op deen eemolegen Patrimoine vun der Stad Eechternoach, der eelster Stad am Land.<\/p>\n","protected":false},"author":2,"featured_media":431,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[23,25,24],"class_list":["post-411","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-news","tag-carole-hartmann","tag-gemeng","tag-marcel-heinen","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/411","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=411"}],"version-history":[{"count":3,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/411\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":427,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/411\/revisions\/427"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/media\/431"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=411"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=411"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/echternach\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=411"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}