Esch-Uelzecht

Newsletter vun der Sektioun Esch-Uelzecht

D’Joer geet op en Enn, an de Krich an der Ukrain suergt fir eng schrecklech Situatioun, där hir Auswierkungen och bei eis ze spiere sinn.

Léif Escher Biergerinnen a Bierger,
där léif Alleguerten,

D’Joer geet op en Enn, an de Krich an der Ukrain suergt fir eng schrecklech Situatioun, där hir Auswierkungen och bei eis ze spiere sinn.

Esch huet déi russesch Agressioun unanime veruerteelt an hir Solidaritéit mat der Ukrain bekräftegt. Als éischt Stad am Land, hu mär am Juni eng Partnerschaft mat der ukrainescher Industriestad Stryj decidéiert. Mär alleguerte weisen der ukrainescher Bevölkerung, dass se net eleng gelooss ginn, an dass d’Solidaritéit e wichtegt Bindeglied ass, dat äis Gemeinschaften zesummenhalen.

2022 steet Esch och am Zeeche vun der Kultur, duerch déi mir iwwert d’Sproochgrenzen ewech kommunizéieren an esou de sozialen Zesummenhalt fërderen. Am Kader vun Esch2022 huet sech déi traditionell Kulturnuecht zu engem Projet phare entwéckelt, dee Raum schaaft, a wou dat Soziaalt sech entfalt a liewe kann. D’Kultur besetzt den ëffentleche Raum: Bei de Leit an den Escher Quartieren.

Dofir fërdere mer d’Kultur; well se e weesentlechen Aspekt vum sozialen Zesummenhalt ass.

Daliah Scholl
Conseillère, Presidentin vun der Eschter DP

Pim Knaff
1. Schäffen

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp