Finanzen

Finanzen

Gesond Staatsfinanzen: de Fong vum Erfollegsmodell Lëtzebuerg

D’DP huet hiert Versprieche gehalen, an d’Staatsfinanze sanéiert. Déi ëffentlech Finanze sti wéinst enger responsabeler a konsequenter Budgetspolitik erëm op gesonde Been. Mir beloossen et awer net dobäi.

Den Defizit am Zentralstaat louch 2012 bei iwwer enger Milliard Euro a sollt de Berechnunge vun der viregter CSV/LSAP-Regierung no och déi Joren duerno an deem Beräich leien. D’DPgefouert Regierung konnt dësen Defizit konsequent zeréckféieren, obwuel d’Recetten op der TVA aus dem elektroneschen Handel ewechgefall sinn. Am Gesamtstaat konnt de Minus vun iwwer 350 Milliounen Euro aus dem Moer 2012 op e Plus vun iwwer 850 Milliounen am Joer 2017 gedréint ginn.

D’Staatsverschëldung am Verhältnis zum PIB ass vun 23,7% am Joer 2013 op ënner 23% am lafenden Exercice gefall. D’Scholdespiral ass domadder gebrach ginn, ouni datt op eng zukunftsweisend Politik verzicht ginn ass. An de leschte fënnef Joer si Rekordinvestitiounen an Héicht vun iwwer 10 Milliarden Euro realiséiert ginn, fir de Retard vun der viregter Regierung esou séier méi méiglech opzehuelen a fir d’Land op d’Zukunft virzebereeden. De Staat ass an dëser Legislaturperiod erëm effizient an handlungsfäeg ginn. D’DP steet och an Zukunft fir eng disziplinéiert, sozial gerecht an zukunftsorientéiert Budgetspolitik.

Virufuere mat der responsabeler Budgetspolitik

De Stand vun der Lëtzebuerger Staatsschold läit 2018 mat 23% vum PIB net nëmmen onënnerbrach ënnert der Barrière vu 60% vun de Maastricht-Kritären, ma och däitlech ënnert dem eegenen Zil vun 30% vum PIB. D’DP hält un dësem éiergäizegen Zil fest. Doriwwer eraus sti mir méi wei jee zu engem nohaltegen Ofbau vun de Scholden, esou wéi en an der aktueller Finanzplanung („Plan de Stabilité et de Croissance“) fir déi nächst Jore virgesinn ass. D’DP steet och weider fir eng streng Rigueur beim Anhale vum mëttelfristege Budgetszil („objectif à moyen terme“). Bezeechnend dofir ass de Fait, datt dat Zil dëtt Joer bei -0,5% läit, wärend Lëtzebuerg en zolitten Iwwerschoss vu +1,2% opweise kann an domadder e remarkabele Sputt huet.

En ambitionéierten Investitiounsprogramm fir Lëtzebuerg ëmsetzen

Budgetspolitik bedeit Responsabilitéit fir d’Zukunft. D’DP wäert d’Land an enger generatiounsiwwergräifender Solidaritéit fir déi kommend Generatioune preparéieren an domadder déi héich Liewensqualitéit fir déi aktuell an déi kommend Generatioune sécheren. An der Vergaangenheet sinn ëffentlech Investitiounen dacks no hanne gedréckt ginn. D’DP wäert an den nächste Joren dofir suergen, datt den Investitiounsbesoin gedeckt ass. Mir wäerten d’Retarden aus der Vergaangenheet opschaffen an an Zukunftsprojeten investéieren. De Schwéierpunkt läicht dobäi op de Beräicher Verkéiersinfrastrukturen, Bildung & Fuerschung, Digitaliséieren, Logement an den Ausbau vun den ëffentlechen Infrastrukturen (Mobilitéit, Spideeler, Kläranlagen).

Joresdotatioune fir den Zukunftsfong erhéijen

2014 ass de „Fonds souverain intergénérationnel du Luxembourg“ vun der DP-gefouerter Regierung ugeluecht ginn a gëtt all Joer mat op d’mannst 50 Milliounen Euro dotéiert. Dëse sougenannten Zukunftsfong ass eng Spuerbéchs fir déi kommend Generatiounen. Fir den Usproch vun der Zukunftsresponsabilitéit z’ënnersträichen, wäert d’DP déi annuel Dotatioun fir de Fong an d’Luucht schrauwen an de Bäitrag bei gudden ëffentleche Finanzen no uewen upassen.

Ëffentlech-Privat-Partnerschafte fërderen

D’DP wäert bei käschtenintensive Projete verstäerkt op Ëffentlech-Privat-Partnerschaften (PPP) setzen. Domadder profitéiert de Steierzueler vun der Effizienz, der Vitesse a vun der Flexibilitéit vu privaten Entreprisen. Gläichzäiteg gëtt de Staatsbudget entlaascht. Dat gëllt zemol fir de Logement oder fir d’Verkéiersinfrastrukturen, wou esou Kooperatioune kënnen nei Impulser ginn. D’DP wäert dofir suergen, datt d’Kaderbedéngunge fir esou Partnerschafte mëttelstandsfrëndlech an transparent gereegelt ginn.

AAA-Rating ofsécheren

Déi reegelméisseg Confirmatioun vum „Triple-A“ fir Lëtzebuerg ass keng Selbstverständlechkeet, ma d’Resultat vu gutt iwwerluechte politeschen Decisiounen. Déi héich Kredibilitéit ass en Eckpillier vun der wirtschaftlecher Attraktivitéit vun eisem Land an de Garant fir en nohaltege Wuesstem a fir Beschäftegung. D’DP wäert alles maachen, fir Lëtzebuerg och an Zukunft den „Triple-A“ ze sécheren.

Déi national Budgetsmethod un den europäesche Berechnungssystem (SEC) upassen

Den Ament gëtt et zwou ënnerschiddlech Berechungsmethode fir de Staatsbudget. Déi national Method, nom Budgetsgesetz vun 1999 an den europäesche Berechnungssystem (SEC-2010). Déi zwee Systemer hunn hir Daseinsberechtegung, si hunn allerdéngs zwou verschidde Manéieren, fir un d’Saach erunzegoen. Op Basis vun engem Echange mat der Chamber, wäert d’DP mat deem permanenten Duerchenaner ophalen an dofir suergen, datt déi zwou Methoden zesummegefouert ginn.

Finanzplaz: gutt reglementéiert a international kompetitiv

D’Lëtzebuerger Finanzplaz ass nach ëmmer d’Lokomotiv vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Mat hire ronn 45.000 Aarbechtsplaze produzéiert d’Plaz 27% vum PIB an ass domadder en exzellent Beispill fir qualitative Wuesstem. Duerch déi héich Innovatiounskraaft an de grousse Knowhow vun der Branche gehéiert Lëtzebuerg zu de weltbeschte Finanzzenteren. D’DP bekennt sech kloer zu enger staarker a gutt reglementéierter Finanzplaz, déi international konkurrenzfäeg ass.

Nach virun e puer Joer huet d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz alles anescht ewéi gutt ausgesinn. Lëtzebuerg stoung op schwaarze Lëschten an ass wéinst sengem Bankgeheimnis accuséiert an diskreditéiert ginn. Den DP-gefouerte Finanzministère huet resolut op déi Erausfuerderunge reagéiert. Mam Resultat, datt Lëtzebuerg haut op kenger schwaarzer Lëscht méi steet. Déi couragéiert Decisioun fir d’Bankgeheimnis opzeginn, huet sech als richteg erwisen.

Virun allem wéinst dëser Reaktioun gehéiert d’Finanzplaz haut zu de Gewënner vum Brexit. Banken, Gestionnaires de fortune, Fondsmanager, Versécherungsgesellschaften a Firmen aus der Fintech hu sech nei zu Lëtzebuerg implantéiert oder hir Präsenz hei verstäerkt. Dat schaft nei Aarbechtsplazen an Zukunftsperspektiven.

D’Finanzplaz Lëtzebuerg steet haut däitlech besser do, wéi virun dëser Legislaturperiod. An nawell wäert een an Zukunft mat neien Erausfuerderungen, besonnesch am technologesche Beräich, konfrontéiert ginn, déi eng Neiausriichtung néideg maachen. Mam „Luxembourg House of Fintech“ (LHoFT), ënnert der Leedung vum Finanzministère, ass e Modell mat groussem Succès geschafe ginn, dee weider ausgebaut gëtt. D’DP wäert sech op dëser Basis konsequent fir d’Weiderentwécklung an d’Stäerkung vun der Finanzplaz asetzen.

„Haut Comité de la Place financière“ stäerken

D’DP wäert de „Haut Comité de la Place financière“ stäerken, fir Produiten a Servicer fir d’Acteure vun der Finanzplaz z’entwéckelen an ze verbesseren.

Identesch Reglementatioun fir alleguerten d’Fournisseure vu Finanzservicer

D’DP wäert dofir suergen, datt nei Fournisseure vu Finanzservicer mussen déi nämmlecht Servicer offréieren, wéi déi klassesch Acteuren, an och déi nämmlecht Oploe mussen erfëllen.

Reglementatioun fir nei Servicer a Produkter aféieren

D’DP wäert eng Reglementatioun fir nei Entwécklungen (wéi Crowd Funding, Crowd Investing, Cloud Banking, Kryptowärungen a –fongen, Blockchain, Initial Coin Offerings) e klore Kader ze ginn. Am beschten an europäescher Zesummenaarbecht.

„Cyber-Security“ verstäerken

Dat digitaalt Zäitalter bréngt net nëmme Chancen, ma och Geforen a Form vun HackerAttacken, déi et dacks op perséinlech Informatiounen ofgesinn hunn. D’DP wäert déi staatlech Sécherheetsmesure géint Hacker-Attacken iwwerpréiwen a verstäerken. Mir wäerten och d’Privatwirtschaft dobäi ënnerstëtzen, fir hir intern Informatiounen an hir Clientsfichiere wierksam ze protegéieren.

D’Attraktivitéit vum ICT-Standuert Lëtzebuerg ausbauen

D’DP wëll den ICT-Standuert Lëtzebuerg ausbauen. Mir wäerten déi néideg Infrastrukture fir en international kompetitiven ICT-Standuert weider verbesseren an d’Legislatioun op hir ICTFrëndlechkeet hin iwwerpréiwen an eventuell upassen. Mir wäerten och weider an den digitalen Archivage an an d’Datespäicherung investéieren.

D’Virreiderroll am Beräich vun den nohaltege Finanzen a vun der „green finance“ stäerken

Ënnert dem Impuls vum DP-gefouerte Finanzministère huet Lëtzebuerg sech zum Virreider am Beräich vun den nohaltege Finanzen entwéckelt, z.b. duerch d’Schafe vun der weltgréisster Bourse fir ëmweltfrëndlech Scholdschäiner („green bonds“). D’DP wäert déi privat-ëffentlech Partenariater an dësem Beräich weider stäerken. D’Roll vun der Lëtzebuerger Bourse (Luxembourg Green Exchange) a vu LuxFlag (international onofhängeg Label-Agence) solle weider ausgebaut ginn. Doriwwer eraus soll d’Entwécklung vun der ëffentlech-privater „Luxembourg Sustainable Development Finance Platform“ , déi Investissementer a Promoteuren am Beräich vun der Nohaltegkeet zesummebréngt, weiderentwéckelt ginn.

 

Fir de Beräich vun den nohaltege Finanzen – besonnesch am Beräich vun der Bekämpfung vum Klimawandel – däitlech ze stäerken, wäert d’DP e Fong schafen, mat deem kann an Investitioune géint de Klimawiessel an den Entwécklungslänner investéiert ginn.

 

Nom Virbild vum Schwäizer SIFEM („Swiss Investment Fund for Emerging Markets“) soll déi ëffentlech Hand en detailléiert Mandat plus d’Investitiounskäschten ausschaffen, wärend spezialiséiert Investmentmanager solle mat der Ëmsetzung beoptragt ginn. Dat Konzept erlaabt et, fir d’Paräisser Klimaziler an den Entwécklungslänner nohalteg z’ënnerstëtzen a fir privat Investisseuren ze bedeelegen, ouni mussen op reegelméisseg Budgetsrallongen zeréckzegräifen. D’Schafe vun esou engem Fong dréit och duerzou bäi, fir d’Kompetenz an dësem zukunftsträchtege Beräich ze stäerken an et wierkt sech positiv op den Image vu Lëtzebuerg als responsabele Partner an der Lutte géint de Klimawiessel aus.

Europäesch Reegelen an international Ofkommes séier ëmsetzen

Eng séier Ëmsetzung vun europäeschen Direktiven, Reglementatioun a vun internationalen Accorden dréit zur Stabilitéit an zur Previsibilitéit fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg bäi. Bei EUDirektive soll wa méiglech de Prinzip „Toute la directive et rien que la directive“ gëllen.

Lëtzebuerg als Entréesdier fir den europäesche Maart ausbauen

D’Finanzplaz Lëtzebuerg soll internationalen Entreprisen ideal Viraussetzunge bidden, fir op den europäesche Marché ze kommen. Zemol am Kader vum Brexit, muss op d’Succèse vu bis elo opgebaut an de Standuert Lëtzebuerg weider attraktiv gehale ginn. Dat gëlt fir Firmen, déi hiren europäesche Siège aus England ofzéien oder e Bréckekapp um europäesche Kontinent sichen. An engems soll d’Strategie fir d’Finanzplaz méi breet opzestellen, konsequent mat Wirtschaftsmissioune gestäerkt ginn. Zemol an Asien, am Noen Osten, an Nord- an a Südamerika.

Keng Digital- oder Finanztransaktiounssteier

D’Iddi vun enger Finanztransaktiounssteier gëllt als Wonnermëttel géint iwwerdriwwe Spekulatiounsgeschäfter. Déi Steier géing awer virun allem op Käschte vun de klengen Investisseure goen, well d’Finanzinstituter hir Käschte géingen un d’Cliente weiderginn. Eng Besteierung vu Finanzgeschäfter ass nëmmen acceptabel, wann alleguerten d’Staate matmaachen, fir e „Level Playing Field“ z’erreechen.

 

Am Beräich vun der Digitalbesteierung huet d’EU-Kommissioun e Virstouss fir eng Steier op den digitalen Déngschtleeschtunge gemaach. D’DP ass kritesch vis-à-vis vun där Initiativ, well esou en europäesche Virstouss géing der Kompetitivitéit vun Europa am internationalen Ëmfeld schueden.

E juristesche Service fir ekonomesch „affaires pénales“ schafen

D’Zuel vun den „affaires pénales“ mat internationale Verflechtungen an der Ekonomie verlaangen no neie Konzepter a Strukturen. Fir deem Rechnung ze droen, wäert D’DP e spezielle juristesche Service mat Experten aus der Wirtschaft, aus de Finanzen an aus dem ITBeräich schafen. Esou Verfare musse konzentréiert an effikass gefouert ginn.

D’Finanzverwaltunge personell opstocken

Fir Dossiere séier ze verschaffen an den Aufgabe vun de Kontrollautoritéiten a vun de Finanzverwaltungen nozekommen – z.B. am Kontext mam automateschen Informatiounsaustausch – wäert d’DP d’Rekrutéierungspolitik vun dëser Regierung weiderféieren an d’Personal zousätzlech opstocken, fir esou d’Friste vun den Dossiere kënnen ze reduzéieren.

Diversifikatioun virundreiwen

Lëtzebuerg huet sech am Laf vu senger Geschicht scho méi wéi eemol mat Succès neie wirtschaftleche Realitéiten ugepasst. Nom Ofbau vun der Stol- an Eisenindustrie am 20. Joerhonnert, gehéiert eist Land haut wéinst senger Oppenheet a sengem Knowhow zu der Weltspëtzt vun de Bankeplazen. Fir sech och weider géint déi staark Konkurrenz duerchzesetzen, wäert d’DP mat der Diversifikatioun vum Standuert virufueren. Mir leeën dobäi besonnesche Wäert op déi sougenannte gréng, sozial an nohalteg Emprunten an op d’Fërderung vun der Kreeslafwirtschaft a vun der Fintech.

Kader fir Blockchain-Technologie schafen

D’Blockchain-Technologie wäert d’Bankgeschäft déifgräifend veränneren. Deemnächst wäerten immens vill Date kënne méi séier a méi sécher verschafft ginn. Dat wäert d’Finanztransaktiounen an den Handel mat Pabeiere ëmmer méi gënschteg maachen. Doduercher kënne vill Geschäftsmodeller entstoen, wärend anerer iwwerflësseg ginn. D’DP wëll vum enorme Potenzial vun dëser Technologie profitéieren an se dofir fërderen. De Projet Infrachain huet hei éischt Accente gesat. Mir wäerten d’Entwécklung vun der BlockchainTechnologie weider suivéieren. Wann e rechtlechen Handlungsbedarf géing entstoen, wäerte mir d’Legislatioun deementspriechend upassen, och an zemol fir d’Investisseuren ze protegéieren.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp