Gesond Staatsfinanzen: de Fong vum Erfollegsmodell Lëtzebuerg
D’DP huet hiert Versprieche gehalen, an d’Staatsfinanze sanéiert. Déi ëffentlech Finanze sti wéinst enger responsabeler a konsequenter Budgetspolitik erëm op gesonde Been. Mir beloossen et awer net dobäi.
Den Defizit am Zentralstaat louch 2012 bei iwwer enger Milliard Euro a sollt de Berechnunge vun der viregter CSV/LSAP-Regierung no och déi Joren duerno an deem Beräich leien. D’DPgefouert Regierung konnt dësen Defizit konsequent zeréckféieren, obwuel d’Recetten op der TVA aus dem elektroneschen Handel ewechgefall sinn. Am Gesamtstaat konnt de Minus vun iwwer 350 Milliounen Euro aus dem Moer 2012 op e Plus vun iwwer 850 Milliounen am Joer 2017 gedréint ginn.
D’Staatsverschëldung am Verhältnis zum PIB ass vun 23,7% am Joer 2013 op ënner 23% am lafenden Exercice gefall. D’Scholdespiral ass domadder gebrach ginn, ouni datt op eng zukunftsweisend Politik verzicht ginn ass. An de leschte fënnef Joer si Rekordinvestitiounen an Héicht vun iwwer 10 Milliarden Euro realiséiert ginn, fir de Retard vun der viregter Regierung esou séier méi méiglech opzehuelen a fir d’Land op d’Zukunft virzebereeden. De Staat ass an dëser Legislaturperiod erëm effizient an handlungsfäeg ginn. D’DP steet och an Zukunft fir eng disziplinéiert, sozial gerecht an zukunftsorientéiert Budgetspolitik.
Finanzplaz: gutt reglementéiert a international kompetitiv
D’Lëtzebuerger Finanzplaz ass nach ëmmer d’Lokomotiv vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Mat hire ronn 45.000 Aarbechtsplaze produzéiert d’Plaz 27% vum PIB an ass domadder en exzellent Beispill fir qualitative Wuesstem. Duerch déi héich Innovatiounskraaft an de grousse Knowhow vun der Branche gehéiert Lëtzebuerg zu de weltbeschte Finanzzenteren. D’DP bekennt sech kloer zu enger staarker a gutt reglementéierter Finanzplaz, déi international konkurrenzfäeg ass.
Nach virun e puer Joer huet d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz alles anescht ewéi gutt ausgesinn. Lëtzebuerg stoung op schwaarze Lëschten an ass wéinst sengem Bankgeheimnis accuséiert an diskreditéiert ginn. Den DP-gefouerte Finanzministère huet resolut op déi Erausfuerderunge reagéiert. Mam Resultat, datt Lëtzebuerg haut op kenger schwaarzer Lëscht méi steet. Déi couragéiert Decisioun fir d’Bankgeheimnis opzeginn, huet sech als richteg erwisen.
Virun allem wéinst dëser Reaktioun gehéiert d’Finanzplaz haut zu de Gewënner vum Brexit. Banken, Gestionnaires de fortune, Fondsmanager, Versécherungsgesellschaften a Firmen aus der Fintech hu sech nei zu Lëtzebuerg implantéiert oder hir Präsenz hei verstäerkt. Dat schaft nei Aarbechtsplazen an Zukunftsperspektiven.
D’Finanzplaz Lëtzebuerg steet haut däitlech besser do, wéi virun dëser Legislaturperiod. An nawell wäert een an Zukunft mat neien Erausfuerderungen, besonnesch am technologesche Beräich, konfrontéiert ginn, déi eng Neiausriichtung néideg maachen. Mam „Luxembourg House of Fintech“ (LHoFT), ënnert der Leedung vum Finanzministère, ass e Modell mat groussem Succès geschafe ginn, dee weider ausgebaut gëtt. D’DP wäert sech op dëser Basis konsequent fir d’Weiderentwécklung an d’Stäerkung vun der Finanzplaz asetzen.