Vous êtes ici

Positiv Entwécklung an de leschte Joren

Actualités Tribune libre Emploi Education Famille Place financière Politique sociétale Culture Aménagement du territoire et logement Claude Lamberty

Léif Nolauschterer,

Lëtzebuerg huet sech déi lescht Joren däitlech positiv entwéckelt. 2013 war onst Land an enger finanziell ganz onsécherer Situatioun a gesellschaftspolitesch gouf et e Stëllstand. Zanterhier gouf eng Abberzuel u Projeten ëmgesat, déi d’Land erëm no vir bruecht hunn.

2013 goung et souzesoe kee finanzielle Sputt fir Investitiounen an d’Zukunft. Et war näischt virgesinn, fir déi 1 Milliard  Mannerrecetten d’Joer aus den elektroneschen Handel ze kompenséieren, dee fir onst Land a fir d’Finanzplaz ganz wichtegen Triple A wor een Ament um wackelen.

D’DP-gefouert Regierung huet direkt am Ufank net ëmmer populär Decisioune mussen huelen, fir d’Schëff nees an d’Riicht ze kréien.

Haut sti mer ons erëm gutt, esouguer ganz gutt. Z.B. ons Wirtschaft an ons Finanzen.  D’Scholde kënne méi séier ofgebaut gi, wéi virgesinn. D’Recette gi kräfteg an d’Luucht – och Dank enger gudder Weltkonjunktur. D’Aarbechtslosegkeet ass däitlech zeréck gaangen. An – ganz wichteg – de Staat investéiert massiv an Infrastrukturen an an Zukunftsprojeten. Am Fokus steet dobäi déi gezielte Fërderung vun de Familljen, d.h. ons Kanner an hir Zukunftschancen.

D’DP huet d’Familljepolitik vu Grond op nei ausgeriicht a sech op déi ganz reell Besoinen vun de Leit konzentréiert: Steierlech Erliichterungen, zemol fir elengerzéiend Elteren, gratis Kannerbetreiung a gratis Schoulbicher oder och d’Erhéije vum Wunngeld. Net ze schwätze vun den däitleche Verbesserungen vum Congé parental oder vun den aussergewéinleche Congeeën.

D’DP setzt sech elo dofir an, datt d’Betreiung vun de Kanner an Zukunft fir jiddereen gratis gëtt.

Och an der Bildungspolitik hu mir ons konsequent un de gesellschaftlechen Ufuerderungen orientéiert fir de Schüler hir Ausbildung an och hir Chancen ze verbesseren. Fërderung vun de Sproochkompetenzen, méi Digitaliséierung, besser Integratioun vun internationale Klassen oder d’Notzung vun Tabletts sinn nëmmen e puer vun deene Mesuren.

Mir wëllen d’Verknäppe vun der Aarbecht a vum Liewe vun onse Bierger verbesseren. Mir wëllen e gesetzleche Kader schafen, fir datt dir d’Zäit doheem oder soss Fräizäit kënnt besser mat der Schaff kombinéieren. An zwar esou, datt de Salarié eppes dovunner huet an de Patron kee Nodeel. Dofir mussen esou Moossnamen natierlech och zesumme mat de Betriber ausgeschafft ginn.

Wann ech vun der Aarbecht schwätzen, dann denken der vill vun iech direkt un de Wee fir dohinner. D’Mobilitéit an d’Infrastrukturen sinn extra wichteg Erausfuerderungen. Déi lescht 5 Joer sinn substantiell Zommen an d’Mobilitéit investéiert ginn. Vill vill méi wéi virdrun. D’Zil vum Mobilitéitsplang ass datt Dir mueres  an owes neméi am Stau stitt. Déi Ambitioun hu mir. D’Immobilitéit muss zur Ausnam ginn... an d’Mobilitéit zur Reegel, esou wéi de Premier dat a senger Ried zur Lag vun der Natioun en Dënschdeg ënnerstrach huet.

Léif Nolauschterer, Ech schwätzen hei Lëtzebuergesch mat iech, wéi mer dat ënnerenee gewinnt sinn. Mais dobaussen, an enger hallwer Stonn kann et sinn, datt ech fir d’éischt däitsch, da franséisch a schliislech englesch schwätzen. D’Méisproochegkeet asse e vun onse grousse Virdeeler. Och Standuert-Virdeeler, zemol op der Finanzplaz.

Well d’Ausland fir ons ëmmer méi grouss ass, wéi fir ons Noper gehéiert déi  Méisproochegkeet zu onser Identitéit an zu onser Kultur, genee wéi onst Lëtzebuergesch dat d’Häerstéck vun der gesellschaftlecher Integratioun zu Lëtzebuerg ass a bleift.

 


Fichier attachéTaille
Icône audio 20180430_tl_clamberty.mp35.8 Mo