Vous êtes ici
Promotion de produits luxembourgeois par les entreprises étatiques luxembourgeoises?

Comme il revient aux députés du DP Gilles Baum et à Carole Hartmann, Luxair ne servirait plus de crémant luxembourgeois, mais du champagne français lors des vols. C'est pourquoi les deux députés ont voulu savoir des ministres compétents quelles en sont les raisons, et s'il n'était pas opportun de promouvoir des produits luxembourgeois à travers les entreprises étatiques luxembourgeoises.
Question
Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeleeden:
« Et ass ons zougedroe ginn, dass d’Luxair, bei där de Lëtzebuerger Staat ëmmerhin Haaptaktionär ass, op hire Flich franséische Schampes zerwéiert, a méi genee eng « Cuvée spéciale Luxair ».
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:
- Kënnen déi Häre Ministeren dës Informatioun bestätegen ?
- Wa jo, no wat fir Krittäre gouf d’Entscheedung geholl, kee Lëtzebuerger Cremant méi u Bord ze zerwéieren ?
- Ass virgesinn, an Zukunft mat enger oder méi Lëtzebuerger Kellereien zesummen ze schaffe fir lëtzebuergesche Cremant a Lëtzebuerger Wäin ze zerwéieren ?
- Sinn déi Häre Ministeren der Meenung, dass et sënnvoll wier lëtzebuergesch Produiten iwwer Firmen, un deenen de Staat Participatiounen hält, méi staark ze fërderen ? »
Mat déiwem Respekt,
Gilles BAUM Carole HARTMANN
Deputéierten Deputéierten
Fichier attaché | Taille |
---|---|
![]() | 305.86 Ko |