Eise Kuerzwalprogramm fir d’Chamberwalen 2023

Ënnert dem Lead vum Premierminister Xavier Bettel huet d’Regierung eist Land sécher duerch d’Pandemie an d’Energie-, respektiv d’Inflatiounskris geféiert. Just a Krisenzäiten huet d’DP bewisen, datt si keen eleng stoe léisst.

Als responsabel Partei mat enger sozial-liberaler Ausriichtung ass d’DP de Garant fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt an eisem Land. De Regierungschef Xavier Bettel huet mat dräi erfollegräichen Tripartite-Ofkommes de Sozialdialog als confirméierte Lëtzebuerger Modell gestäerkt. D’DP huet den Index-Mechanismus erhalen. De Xavier Bettel huet d’Inflatioun mat innovativen a couragéierte Léisungen – wéi dem Energiepräisdeckel – bekämpft an d’Kafkraaft vun de Mënsche mat sozial gestaffelten Direkthëllefen a mat Steierkreditter a Milliardenhéicht gestäerkt.

D’DP ass déi dreiwend politesch Kraaft am Land, déi sech fir d’Stäerkung vun der Kafkraaft vu de Leit asetzt. Esou huet d’Regierung op Initiativ vun der DP zousätzlech Sachleeschtungen, ewéi de gratis ëffentlechen Transport an d’gratis Maison Relais an dëser Legislaturperiod agefouert.

D’DP huet dobäi ni déi Leit vergiess, déi eist Land all Dag um Lafen halen. D’DP steet fir eng responsabel Wirtschafts- an Aarbechtspolitik, déi sécher a gutt bezuelten Aarbechtsplazen a Wuelstand schaaft, amplaz se a Gefor ze setzen. D’DP bekëmmert sech dorëm, datt alleguerten d’Mënschen déi selwecht Zukunftschancë kréien, fir hiert Liewe sécher a selbstbestëmmt ze gestalten.  

D’DP geet déi grouss Zukunftstheme vum Land mat Engagement un. Mir ginn déi dréngendst gesellschaftlech Erausfuerderungen un, andeem mir nohalteg an offensiv Investitiounen an de Logement, d’Mobilitéit, d’Energietransitioun an an d’Santé maachen. Mir schaffen haut u konkret Léisungen, fir d’Problemer vu muer, andeem mir grouss Infrastrukturprojete starten (nei Zuchstrecken, Spideeler, Schoulen).

D’DP an der Regierung ass de Garant fir eng responsabel a léisungsorientéiert Politik.

Investitiounsoffensiv am ëffentleche Wunnengsbau

D’DP wäert an Zesummenaarbecht mam private Marché eng historesch, staatlech Offensiv am Wunnengsbau lancéieren, fir dem Wonsch vu ville Leit no enger eegener Wunneng entgéintzekommen. Iwwert de Wee vum massiven Ausbau vum ëffentleche Wunnraum wäerte mir de jonke Leit am Ufank vun hirer berufflecher Carrière bezuelbar Mietwunnengen ubidden a si mat geziilte Mesuren dobäi ënnerstëtzen, sech hiert Eegenheem ze finanzéieren.

Dofir wäerte mir:

  • kuerz- a mëttelfristeg méiglechst vill privat Projeten iwwerhuelen, déi wéinst der aktueller Krise net kënne realiséiert ginn. Déi Projete ginn der Allgemengheet iwwert en ëffentlechen Immobiliëpark zur Verfügung gestallt;
  • Terrainen an ëffentlecher Hand direkt bebauen, andeemmird’Constructioun mat grousse Soumissiounen aktiv um Bau vun ëffentlechem Wunnraum bedeelegen an d’Ressourcë vu staatlechen a vu privaten Acteuren an enger eemoleger solidarescher Wunnengsbau-Offensiv zesummeleeën;
  • en nationale Biergerfong schafen, an deem sech d’Biergerinnen an d’Bierger an och d’Betriber kënnen un der Finanzéierung vu staatlechen Immobiliëprojete bedeelegen;
  • d’Héicht vun de Wunnengsbäihëllefen an d’Akommes-Héchstgrenz fir d’Kandidatinnen an d’Kandidaten un déi aktuell Immobiliëpräisser an un d’Inflatioun upassen, jonke Mënschen, déi hir éischt Wunneng kafen, eng eemoleg Exonératioun vun den Droits d’enregistement accordéieren an alternativ Finanzéierungsmodeller, wéi de Mietkaf, fërderen;
  • Geneemegungsprozedure radikal vereinfachen an acceleréieren, andeem mir den Accord tacitevun de Verwaltungen no enger gewëssener Frist aféieren. D’Ëmwelt-Etuden an d’Kompensatioune méi efficace maachen.

D’Mëtt vun der Gesellschaft spierbar entlaaschten

D’Striewen no engem méi gerechten an entlaaschtende Steiersystem an d’Stäerke vun der Kafkraaft leien an der DNA vun der DP a si weider eis éischt politesch Prioritéit. Mir konzentréieren eis dobäi besonnesch op d’Ënnerstëtzung vum Famille mat Kanner.

Dofir wäerte mir:

  • d’Steiertabell reegelméisseg un d’Inflatioun upassen, fir d’Kafkraaft vun de Mënschen nohalteg ze stäerken;
  • den Index als Garant fir de soziale Fridden a fir den Erhalt vun der Kafkraaft bäibehalen;
  • mëttelfristeg eng eenheetlech Steierklass aféieren, déi alleguerten d’Forme vun Zesummeliewe vun de Mënsche gläich behandelt, an esou fir méi Steiergerechtegkeet suergt;
  • déi vun der Tripartite decidéiert Energiespuermesuren, wéi z.B. den Energiepräis-Deckel, iwwer 2025 eraus verlängert, wann déi international Situatioun dat verlaangt:
  • déi staatlech Pensiounen ofsécheren, de private Pensiounsregime méi staark ënnerstëtzen an de fräiwëllegen Iwwergang an d’Pensioun méi flexibel maachen.

Liewensqualitéit an alle Phase vum Liewen

D’DP setzt sech fir eng héich Liewensqualitéit an alle Etappe vum Liewen an. Dozou gehéiert eng besser Vernetzung vu Famill a Beruff. Mir wëllen de Mënsche méi Zäit fir Famill a Fräizäit ginn; duerch eng gutt Bildungsoffer a mat méi flexibelen Aarbechtszäit-Modeller.

Dofir wäerte mir:

  • eng garantéiert Betreiungsplaz aféieren, fir all de Kanner Accès zu enger héichwäerteger Bildungsoffer baussent der Schoul ze ginn;
  • flexibel a familljefrëndlech Aarbechtszäit-Modeller, ë.a. mat Hëllef vun enger Joresaarbechtszäit an Zäitspuerkonten, déi de jeeweilege Besoine vun de Mënsche gerecht ginn;
  • den Teletravail fërderen a Co-Working Spaces uechter d’Land ausbauen, fir datt d’Leit onofhängeg vun der Plaz schaffe kënnen;
  • e begrenzt Recht op Deelzäitaarbecht fir Elteren aféieren, dat bis dat 13. Joer vun de Kanner gëllt. Verloschter op der Pensioun solle wärend dëser Zäit evitéiert ginn;
  • de Congé parental weider ausbauen an nach méi flexibel maachen.De Pappecongé vun 10 op 15 Deeg erhéijen, fir d’Relatioun tëschent dem Kand an dem Papp ze stäerken;
  • eis Gesondheetspolitik grondleeënd änneren, andeem mir déi dezentral Gesondheetsversuergung zu enger Haaptsail maachen an doduerjer d’Waardezäite staark verkierzen;  
  • d’Autonomie an d’Recht of Selbstbestëmmung vun eisen eelere Matbiergerinnen a Matbierger stäerken.

Energietransitioun sozialverträglech virundreiwen

D’DP wäert eise Wuelstand mat enger responsabeler Energie- a Klimapolitik laangfristeg ofsécheren an dobäi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen. Mam Klima-Biergerrot hu mir d’Gesellschaft aktiv um nationalen Energie- a Klimaplang bedeelegt. Mir wäerten d’Energietransitioun mat massiven Investitiouns- a Subventiounsprogrammer méi séier virundreiwen, wéi dat bis elo geplangt war: Fir datt alleguerten d’Leit an d’Entreprisë kënne vun enger sécherer a bezuelbarer Energieversuergung profitéieren.

Dofir wäerte mir:

  • déi vum Premier annoncéiert Photovoltaik-Initiativ konsequent ëmsetzen a mat groussen Investissementer déi gëeegent Plazen op den Diecher, op an niewent den Zuchstrecken an op Felder a Wise fir Solarenergie notzen;
  • Photovoltaik-Anlagen op den Diech ganz finanzéieren, wann de Proprietaire sech d’Installatioun net leeschte kann oder wëll an hien un der Stroumproduktioun bedeelegen;
  • déi international Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerger Bedeelegung u groussen Offshore-Wandprojeten an u Solarparke weider ausbauen an d’Lëtzebuerger Energieversuergung esou mëttelfristeg onofhängeg maachen;
  • d’Mënsche bei alle Klimaschutz-Mesurë virun iwwerméisseg héije Käschte schützen, prioritär op finanziell Ënnerstëtzung setzen an e Verbuet just als lescht Mëttel asetzen;
  • Klimasubsiden erhéijen a virfinanzéieren (tiers payant), esou datt d’Biergerinnen an d’Bierger just nach de Solde musse bezuelen an net mussen iwwer Méint op déi staatlech Subside waarden, wéi dat elo de Fall ass;
  • d’Autorisatioune fir Energie- a Sanéierungsprojete schaarf acceleréieren, andeem mir den Accord tacite aféieren, d.h. den automateschen Accord, wann d’Verwaltunge sech no enger Frist net gemellt hunn;
  • schonn haut déi klimafrëndlech Mobilitéit vu muer sécherstellen, andeem mir direkt zousätzlech Bunn- an Tramsstrecken – an aner grouss Infrastrukturprojeten – plangen an ëmsetzen. 

Konkurrenzfäegkeet stäerken an Talenter unzéien

D’DP wëll eng konkurrenzfäeg Standuertpolitik an den Entreprisen attraktiv Kaderbedingunge bidden, déi nei Aarbechtsplaze schafen an eise Wuelstand ofsécheren. Esou kënne mir héichqualifizéiert Talenter op Lëtzebuerg zéien a laangfristeg un eis bannen.

Dofir wäerte mir:

  • eis Kierperschafts- a Gewerbesteier un déi duerchschnëttlech Tauxen an der EU an an der OECD upassen;
  • kleng a mëttel Entreprisen (PME) geziilt ënnerstëtzen, andeem mir bürokratesch Hürde konsequent ofbauen. Mat engem PME-Check a mat enger Bedingung (Klausel) fir de Mëttelstand wëlle mir dofir suergen, datt de gesetzleche Kader dem Interêt an de Particularitéite vun de PME entsprécht an déi Betriber net onnéideg belaascht;
  • d’Finanzplaz weider stäerken an ausbauen, besonnesch wat déi nohalteg Finanzen an d’FinTech betreffen;
  • steierlech Mesuren ergräifen, fir frësch Unisdiploméierter a jonk Talenter dozou ze beweegen, sech zu Lëtzebuerg z’etabléieren;
  • d’Roll vun der Uni Lëtzebuerg a vun den ëffentleche Fuerschungsinstituter ze stäerken, fir jonk Talenter unzezéien;
  • den TripleA och an Zukunft duerch eng responsabel an nohalteg Finanzpolitik fir Lëtzebuerg ofsécheren.

Innovatioun an Zukunftsgestaltung

D’DP setzt weider konsequent op d’Zukunftsgestaltung vun eisem Land. Mir brauchen eng couragéiert Politik an der Bildung, an der Innovatioun an an der Wirtschaft: Esou kënne mir eise Wuelstand ofsécheren, erhale genuch Spillraum fir d’Entwécklung vun de kommende Generatiounen a bidden eise Kanner a Jugendlechen déi beschten Aussiichten, fir datt si sech fräi entfale kënnen. Mir wäerte weider an d’Bildung investéieren, fir d’Zukunftschancë vun eise Kanner ze verbesseren.

Dofir wäerte mir:

  • d’Bildungschancen an Zäite vum technologeschen a soziale Wandel bäibehalen, andeem mir d’Programmer vun den Grondschoulen a vum Secondaire un d’Besoine vun der technologescher a sozialer Transformatioun vun eiser Gesellschaft upassen;
  • de Bilan vun de Pilotprojete fir eng Alphabetiséierung op Franséisch zéien a se dono verallgemengeren, esou datt d’Elteren an all Schoul de Choix tëschent enger Alphabetiséierung op Franséisch oder op Däitsch hunn;
  • verstäerkt op d’Zukunftskompetenze Kreativitéit, Kommunikatioun, kritescht Denken an Zesummeschaffe setzen;
  • déi ëffentlech Fuerschung, d’Innovatioun an d’Wirtschaftsfërderung weider vernetzen;
  • Investitioune vun Entreprisen an d’Nohaltegkeet an d’Fuerschung duerch zousätzlech Steier-Kreditter an duerch Super-Amortissementer fërderen;
  • konsequent a Reskilling– an Upskilling-Programmer investéieren, fir de Besoine vun de Beschäftegten a vun den Entreprisen um Aarbechtsmarché vum 21. Joerhonnert gerecht ze ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...