Identitéit a Kultur

Lëtzebuerg huet eng räich a villfälteg Kultur. Déi besonnesch Identitéit vun eisem Land gëtt markéiert duerch eng gesond Mëschung aus nationaler Verbonnenheet a geloossener Weltoppenheet. E wichtegt Fundament vun eisem Erfollegsmodell ass eis Sproochkompetenz: mir si villsproocheg an an engems spillt Lëtzebuergesch eng ëmmer méi wichteg Roll an eisem Alldag a bei der Integratioun vun neie Matbierger.

Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat.

weider liesen
Marc Hansen

Neie Gehälter-Accord

Den neie Gehälter-Accord mat der CGFP erlaabt et der Regierung an Zukunft, fir de Fokus am ëffentlechen Déngscht op d’Aarbechtskonditioune vun de Beamten ze leeën.

weider liesen

Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat.

weider liesen
Marc Hansen

Neie Gehälter-Accord

Den neie Gehälter-Accord mat der CGFP erlaabt et der Regierung an Zukunft, fir de Fokus am ëffentlechen Déngscht op d’Aarbechtskonditioune vun de Beamten ze leeën.

weider liesen

Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat.

weider liesen

Eenzelthemen

Kultur

Geziilt Fërderung vun de Kënschtler a vun enger kultureller Participatioun fir all d’Leit

Fir d’DP sinn d’Fërderung vun der kultureller Villfalt an d’Wäertschätzung vun de Lëtzebuerger Kulturschaffenden a vun hire Wierker en zentrale Pilier vun der Kulturpolitik.

Fir dësem Usproch gerecht ze ginn, huet den DP-gefouerte Kulturministère säi Budget an dëser Legislaturperiod op knapp 1% vum Staatsbudget erhéicht. Doriwwer eraus sinn zentral Projeten, ewéi d’Archivgesetz an d’Ausschaffe vun engem neien Denkmolschutzgesetz, virugedriwwe ginn. Weider sinn zousätzlech Kënschtleratelieren zur Verfügung gestallt ginn an et goufen nei Subside geschaf, z.B. fir Weiderbildungsmoossnamen. De Kulturministère huet och verstäerkt op den Dialog an den Austausch gesat. Esou gouf et eng breet Debatt mat de Kulturschaffenden op den éischten „Assises culturelles“ . Déi Diskussioune sinn d’Basis fir d’Ausschaffe vum éischte Lëtzebuerger Kulturentwécklungsplang.

An den nächste Jore wäert d’DP d’Leit verstäerkt iwwert de Wee vun der Kultur zesummebréngen an d’Kultur als dagdeegleche Bestanddeel vum ëffentleche Liewen ënnerstëtzen. D’DP wäert d’Professionaliséierung vun der Kulturzeen ënnerstëtzen a sech fir eng besser materiell Situatioun vun de Kulturschaffenden asetzen. Lëtzebuerger Kënschtler sollen an alle Konschtberäicher ënnerstëtzt ginn a si sollen och international méi Geltung kréien. Kulturpolitik ass allerdéngs och Standuertpolitik, déi d’DP mat enger breeder kultureller Offer, och op internationalem Niveau, stäerke wëll. D’DP gesäit d’Nominatioun vun Esch/Uelzecht als europäesch Kulturhaaptstad 2022 als eng exzeptionell Geleeënheet, besonnesch fir d’Kulturentwécklung am Süde vum Land. D’Kollaboratioun mat den anere Gemengen aus dem Süde wäert dofir suergen, datt d’Kulturjoer wäit iwwer d’Grenze vun Esch eraus strale wäert an zu enger neier Dynamik an der Regioun bäidréit. Esouwuel op kreativem, wéi op gesellschaftlechem Niveau.

Benevolat

D’DP ass sech bewosst, wéi wichteg de Benevolat an eiser Gesellschaft ass an dofir wëlle mir déi vill Fräiwëlleg an hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Mir wäerten dofir e Kadergesetz fir d’Fërderung vun de Benevollen ausschaffen, an deem déi aktuell Reglementatiounen a staatlech Ënnerstëtzunge vereenheetlecht ginn. Mir wëllen och nei Motivatioune schafen, fir d’Fräiwëllegenaarbecht méi attraktiv ze maachen.

 

Méi gewuer ginn

Demokratie a Matbestëmmung
Gesellschaft

Zesummeliewen an der Gesellschaft: oppen, tolerant, solidaresch an inklusiv

D’DP steet fir eng fräi, oppen an tolerant Gesellschaft, déi net nëmme solidaresch mat deene méi Schwaachen ass, ma déi sech dofir asetzt, datt alleguerten d’Mënsche kënnen um gesellschaftleche Liewen deelhuelen.

Gesellschaftspolitesch huet d’DP-gefouert Regierung remarkabel Succèsen Opweises. D’Prozedur fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, gouf méi einfach gemaach. D’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch bleift awer weider en entscheedende Critère. Gläichgeschlechtlech Koppelen dierfen sech endlech matenaner bestueden a Kanner adoptéieren. Déi zweeten obligatoresch Consultatioun vu Fraen, déi sech fir en Avortement (IVG) decidéiert hunn, ass ofgeschaaft ginn. E ganz grousse Schrack war iwwerdeems d’Neireegelung vun de Relatiounen tëscht dem Staat an de Reliounen, déi zesumme mat de verschiddene Glawensgemeinschaften ausgeschafft ginn ass.

Sprooch

D’Lëtzebuerger Sprooch: Geziilt fërderen an hire Stellewäert stäerken

D’Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun eiser Identitéit a vun eisem kulturellen Ierwen. Si dréit als Integratiouns- an als Alldagssprooch e wesentlechen Deel zur sozialer Kohäsioun an eisem Land bäi. D’DP setzt sech fir eng Stäerkung vun der Lëtzebuerger Sprooch an a betruecht d’Méisproochegkeet als essentiellen a wäertvollen Tromp vun eisem Land. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt déi verschidde Sproochen hei am Land – zemol Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch – am ëffentlechen an am alldeegleche Liewe sollen Hand an Hand goen.

Déi vun der DP gefouert Ministère fir d’Bildung a fir d’Kultur hunn d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch an dëser Legislaturperiod entscheedend ausgebaut. An enger ëmfaassender Strategie si véier iwwergräifend Zieler fixéiert ginn: 1. de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken, 2. d’Norméierung, den Alldagsgebrauch an d’Fuerschung ausbauen, 3. d’Léiere vun der Sprooch a vun der Kultur ënnerstëtzen, a 4. d’Kultur op Lëtzebuergesch ze fërderen. Doriwwer eraus ass d’Offer u Lëtzebuergesch-Coursen däitlech vergréissert ginn. Duerch déi multilingual Sproochefërderung ass séchergestallt ginn, datt an alle staatlech ënnerstëtzte Kannerbetreiungsstrukture mëttlerweil och Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Gläichzäiteg ginn d’Kanner op eng spilleresch Manéier un déi natierlech Méisproochegkeet an eisem Land erugefouert.

D’DP wäert de gesellschaftleche Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch och an Zukunft stäerken an hir eng grouss Bedeitung als Sprooch vun der Kommunikatioun, vun der Integratioun a vun der Literatur zouerkennen.

Méi gewuer ginn

Digitalisatioun

Ënnert der Responsabilitéit vun der DP huet d’Regierung mat der Initiativ „Digital Lëtzebuerg“ e wichteg Grondstee fir déi digital Zukunft geluecht. Lëtzebuerg huet eng global digital Strategie, déi alleguerten d’Beräicher ofdeckt –vun der Informatiséierung vun de Staatsverwaltungen iwwer d’Fërderung vun digitale Kompetenzen bis bei d’Entwécklung vu neie Kompetenznischen. 

D’DP wäert an Zukunft vun der Digitaliséierung profitéieren, fir d’Wirtschaft méi breet opzestellen. Wéinst der Produktivitéit, déi wieder wiisst, wäerte mir de Wuesstem méi op Qualitéit ausriichten. D’Tatsaach, datt Google Lëtzebuerg als Standuert fir en Datenzenter consideréiert, weist, datt d’Efforte vun der DP-gefouerter Regierung fir eist Land zu engem digitalen Hub ze maachen, Friichten dréit. D’DP wäert den ICT-Standuert Lëtzebuerg weider ausbauen.

D’DP wäert dofir suergen, datt och d’Aarbechtswelt vum digitale Wandel profitéiert. Mir wäerten nei, flexibel Aarbechtsmodeller fërderen, déi eréischt duerch d’Digitaliséierung méiglech ginn. Zu Lëtzebuerg solle méi Aarbechtsplazen duerch d’Digitaliséierung an duerch d’Robotiséierung bäikommen, wéi där aler ewechfalen. Eng Offensiv an der Weiderbildung soll dofir suergen, datt d’Salariéëbeschtméiglech op d’Aarbecht vun der Zukunft preparéiert sinn.

Méi gewuer ginn

Sport

Sport a Beweegung: E gesond Liewe fërderen

D’DP moosst dem Sport eng héich gesellschaftspolitesch Bedeitung zou. De Sport fërdert d’Gesondheet, vermëttelt Toleranz a Teamgeescht, hëlleft sozial Diskrepanzen z’iwwerwannen an ass e wichtegen Integratiounsfaktor. Mir wëllen dës Bedeitung bei de Leit stäerken an de Breede-, Leeschtungs-, a Behënnertesport an deem Sënn fërderen.

Déi finanziell Ënnerstëtzung fir d’Jugendaarbecht ass an der leschter Legislaturperiod ganz vill an d’Luucht gesat ginn. Mat der Aféierung vum „Subside Qualité Plus“ ass de Montant vun der Ënnerstëtzung u kloer Ausbildungskritäre vun de Trainere geknäppt ginn. Fir déi lokal Veräiner ass dëst een zousätzlechen Ureiz, fir an eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vun de jonke Sportler z’investéieren.

Nieft de Veräiner sinn och d’Sportsverbänn Piliere vum Lëtzebuerger Sport. Dës grouss Verantwortung gëtt dagdeeglech vun ee puer wéinege Fräiwëllege gedroen, ouni där hiren onermiddlechen Asaz keng Kompetitioun am Land méi kéint stattfannen. D’Federatioune stousse besonnesch bei den administrativen Uspréch un hir Grenzen. Mir wäerten dofir d’Sportsverbänn ënnerstëtzen, fir sech méi professionell opzestellen an d’Professionaliséierung vum Verbandssport an deem Sënn virundreiwen.

D’DP wëll och dem Beweegungsmanktem bei de Kanner konsequent entgéintwierken. De Manktem u kierperlecher Aktivitéit ass zu engem eeschte Problem vun de Famillje ginn. D’Konsequenze gi vun enger schlechter Fitness iwwer eng schlecht Kierperhaltung, bis zu enger schlechter Leeschtungsfäegkeet. Mir wäerten dofir d’Beweegungserzéiung, bannent a baussent vun der Schoul, extra ënnerstëtzen.

 

Méi gewuer ginn

Gemengen
Justiz a Rechtsstaat
Medien

D’Onofhängegkeet an d’Villfalt vu de Medie garantéieren

D’Gesetz iwwert den Informatiounszougang ass gestëmmt ginn. Dat Gesetz garantéiert de Bierger an de Journalisten en Recht zu Informatioune vun de Verwaltungen. Mat der Reform vun der Pressehëllef ass de Mediepluralismus an deem Sënn gestäerkt ginn, datt elo och Online-Medie finanziell ënnerstëtzt ginn. D’DP wäert och an Zukunft d’Onofhängegkeet an d’Villfalt vun der Press garantéieren.

Méi gewuer ginn

Sécherheet a Verdeedegung

E friddlecht Matenaner fërderen

Am Kampf géint den Terrorismus huet d’DP-gefouert Regierung e Gesetz fir eng méi effizient Terrorbekämpfung ëmgesat. D’Kompetenze vun der Police a vun der Justiz am Fall vun enger Terrorbekämpfung an enger Gefor fir déi national Sécherheet sinn erweidert ginn, fir esou méiglech Attentater ze evitéieren.

Am Beräich vun der bannenzeger Sécherheet gouf d’Police nei organiséiert, fir méi effizient a méi no um Bierger agéieren ze kënnen. Eng nei Ära gouf dann och am Beräich vum Rettungswiesen agelaut. Eng grondleeënd Professionaliséierung vun de Strukture gouf ëmgesat, fir kënnen e landeswäit performante Rettungsdéngscht unzebidden.

D’DP wäert och an Zukunft Mesuren ergräifen, fir d’Sécherheet am Land ze garantéieren an e friddlecht Matenaner ze fërderen.

Staat an ëffentlechen Déngscht

Staat an ëffentlechen Déngscht: modern an effizient

Eng modern an effizient ëffentlech Administratioun vun de kuerze Weeër ass e wichtege Bestanddeel vum Erfollegsmodell Lëtzebuerg an dréit zu der Kompetitivitéit an der Attraktivitéit vun eisem Land bäi. Am Laf vun de leschte fënnef Joer ass den ëffentlechen Déngscht gestäerkt ginn, andeems eng sëlleche nei Plaze bäikomm sinn. Domadder ass der deels chronescher Ënnerbesetzung an de verschiddenen Administratiounen entgéintgewierkt ginn.

Fir DP ass et vun nationaler Wichtegkeet, datt Lëtzebuerg och an Zukunft op kompetent, gutt ausgebilten a motivéiert Fonctionnairen am ëffentlechen Déngscht zeréckgräife kann. D’DP wäert d’Moderniséierung an d’Digitaliséierung vum Staat virundreiwen. Dobäi si fir d’DP den Dialog mam Bierger, d’Transparenz an d’Effikassitéit wichteg Piliere vun engem moderne Staat. D’DP huet d’Zil, datt Lëtzebuerg déi modernsten, biergerfrëndlechsten a digitaalsten Verwaltung an Europa kritt.

Verfassung an Institutiounen

D’Demokratie brauch staark Institutiounen an e kloert Reegelwierk am Interessi vun alle Bierger an zum Schutz vun all Eenzelen. De SREL-Skandal huet 2013 d’Vertrauen an de Staat an a seng Institutioune grondleeënd un d’Wackele bruecht an huet schlussendlech zu virgezunne Wale gefouert. D’DP huet an hirer Regierungsverantwortung déi néideg Impulser gimm, fir dat verluerent Vertrauen erëmhierzestellen. De Geheimdéngscht gouf grondleeënd reforméiert an d’Kontroll vu sengen Aktivitéiten däitlech verstäerkt.

D’Chamber, d’Regierung an de Staatsrot hu sech an der lafender Legislaturperiode kloer Behuel- an Transparenzreegele ginn. En Deontologieskodex verflicht beispillsweis zur Verëffentlechung vu finanzielle Participatiounen a vu berufflechen Aktivitéite fir esou virun Interessekonflikter virzebeugen. An der zoustänneger Chamberkommissioun gouf iwwregens d’Reform vun eiser Constitutioun ofgeschloss, esou datt kuerz no de Chamberwalen am Hierscht kann an engem Referendum iwwert de Verfassungstext ofgestëmmt ginn.

Aarbecht

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipisicing elit, sed do eiusmod tempor incididunt ut labore et dolore magna aliqua. Ut enim ad minim.veniam, quisu fugiat nulla pariatur. Excepteur sint occaecat cupidatat non proident, sunt in culpa qui fficia deserunt mollit anim

Famill

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipisicing elit, sed do eiusmod tempor incididunt ut labore et dolore magna aliqua. Ut enim ad minim.veniam, quisu fugiat nulla pariatur. Excepteur sint occaecat cupidatat non proident, sunt in culpa qui fficia deserunt mollit anim

Gesondheet

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipisicing elit, sed do eiusmod tempor incididunt ut labore et dolore magna aliqua. Ut enim ad minim.veniam, quisu fugiat nulla pariatur. Excepteur sint occaecat cupidatat non proident, sunt in culpa qui fficia deserunt mollit anim