Groussregioun

Groussregioun

Dezentral Aarbechtsplaze schafen an den „Télétravail“ an der Groussregioun fërderen

Besonnesch d’Grenzgänger hunn et dacks wäit bis op hir Aarbecht zu Lëtzebuerg. D’DP ass der Meenung, datt et steierlech keen Ënnerscheed maachen dierf, ob de Salariéop der Aarbecht schafft oder am Télétravail an der Groussregioun. D’DP wäert dofir mat de Nopeschlänner verhandelen, fir datt d’Frontaliere keng steierlech Nodeeler wéinst dem Télétravail kréien. D’DP wäert och d’Aktivitéitszone laanscht d’Grenz ausbauen an d’Entreprisen encouragéieren, fir Filiale baussent der Stad Lëtzebuerg opzeriichten. Domadder brénge mir d’Aarbecht méi no bei d’Leit an net ëmgedréint. Esou spuere besonnesch d’Grenzgänger vill Zäit beim Trajet. Doriwwer eraus wäert d’DP Open-Office-Strukture laanscht d’Grenzen ariichten, an deene Betriber sech kënne Büroen deelen.

„Zones franches“ déi Säit vun de Grenze schafen

Fir d’DP ass d’Groussregioun keen abstrakt Konzept, ma eng lieweg Realitéit. Och op ekonomeschem Niveau soll d’Kooperatioun mat den Nopere weiderentwéckelt ginn. D’DP wäert sech dofir fir „zones franches“ am Grenzgebitt asetzen. Bei eise franséischen Nopere kéint d’Implantatioun vu franséische Rechercheinstituter z.B. Synergië mam Fuerschungsstanduert vun Esch-Belval schafen. Et wier och méiglech, datt Lëtzebuerger Betriber Deeler vun hiren Aktivitéiten an dës Zon verlageren. Dofir muss awer e legale Statut ausgehandelt ginn. Éischt Gespréicher si schonn an deem Sënn mat Frankräich gefouert ginn. Esou e Projet wier eng Win-Win-Situatioun fir Lëtzebuerg a fir Frankräich. Lëtzebuerger Entreprise kéinten op zousätzlech Terrainen zeréckgräifen, wärend dat franséischt Grenzgebitt vun enger wirtschaftlecher Relance kéint profitéieren. D’DP wëll, datt de FEDER („Fonds européen de développement rural“) dëse grenziwwerschreidende Projet matfinanzéiert.

D’Prozedure fir Aarbechtsautorisatiounen a fir Visae méi séier maachen

A verschidden héichspezialiséierte Branchëfeelt et zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun u qualifizéierte Leit. D’DP wëll dofir, datt déi néideg Aarbechtsautorisatiounen an Openthaltsgeneemegunge solle méi séier ausgestallt ginn. Limitéiert Autorisatioune géingen dat Ganzt nach méi séier maachen. Wann déi gesetzlech Bestëmmungen awer net erfëllt ginn an déi néideg Dokumenter net mat Zäit erakommen, sollt dat streng bestrooft ginn.

Mobilitéit grenziwwerschreidend denken

D’DP wäert d’Groussregioun an d’Mobilitéitsplanung matabezéien. Et geet net duer, fir P&Ren ze bauen, ma et mussen der och an der Grenzregioun geplangt ginn. Dofir mussen d’Tariffer vum ëffentlechen Transport an der Grenzregioun deenen zu Lëtzebuerg méi no kommen. D’DP wëll en MPass fir d’Groussregioun ubidden. Donieft setze mir eis fir besser’Zuchverbindungen an d’Ausland an (z.B. op Bréissel).

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp