Héichschoul a Fuerschung: den Innovatiounsstanduert Lëtzebuerg ausbauen
Lëtzebuerg ass e Land vun den Talenter, vum Éiergäiz op Wëssen a vun der Innovatioun. Mir mussen an Zukunft nach méi vun deem Potenzial profitéieren. De Wëssensfortschrëtt an d’Vermëttlung vu Wësse wäerten an den nächste Joren net nëmmen e gudden Deel zu der Konkurrenzfäegkeet vum Land bäidroen, ma och onverzichtbar si fir de soziale Fridde bäizebehalen. D’DP wäert dofir dat enormt Potenzial vun eise Studenten, eisen Enseignanten a vun eise Fuerscher geziilt fërderen, fir eis kënnen deene kommenden Erausfuerderungen ze stellen a fir eist Land besser als éischtklassegen Héichschoul- a Fuerschungsstanduert ze positionéieren.
Dat rezent Unisgesetz wäert de Wee dohinner weisen. D’Uni Lëtzebuerg huet eng méi grouss finanziell an organisatoresch Entscheedungsfräiheet kritt. Doduercher kann d’Uni sech an Zukunft nach méi onofhängeg a méi zilorientéiert entwéckelen. Doriwwer eraus sinn d’Leedung an d’Decisiounsprozesser vun der Administratioun méi participativ ginn. D’Presidente vun der Studenten- a vun der Personalvertriedung hunn zanter der Reform e Stëmmrecht am Conseil consultativ, dem héchsten Organ vun der Uni.
Ënnert der Responsabilitéit vum DP-gefouerte Ministère fir Héichschoul a Fuerschung sinn déi staatlech Investitiounen an d’Fuerschung an an d’Entwécklung an de leschte Joren zolidd an d’Luucht gaangen. Och an Zukunft si substantiell finanziell Moyene virgesinn. D’lescht Joer huet d’Regierung sech engagéiert fir bis 2020 1,5 Milliarden Euro an d’Héichschoul an an d’Fuerschungsinstituter z’investéieren –dat ass e Plus vu ronn 205 Milliounen Euro.
D’DP wäert den Innovatiounsstanduert Lëtzebuerg ausbauen. Mir wäerte Kaderbedéngunge schafen, fir d’Wëssenschaft méi staark ze fërderen a fir d’Ëmsetzung vun hire Resultater an innovativ Produkter ze verbesseren. Doriwwer eraus setze mir eis weider fir eng héichwäerteg Studienoffer op der Uni Lëtzebuerg an a mir wäerten dofir déi néideg finanziell an organisatoresch Mëttel bereetstellen. D’DP hält un dësem kohärenten, differenzéierten a sozial gerechte Studiëbäihëllef-Gesetz fest.
D’DP wäert weider d’Mobilitéit vun de Studenten ënnerstëtzen an all de jonke Leit e Studium erméiglechen. Zu engem Studium gehéieren an eisen Aen awer och d’Wunnen an en erfëllt Studenteliewe baussent dem Auditoire vun der Uni.
D’Uni Lëtzebuerg huet ambitionéiert Ziler an exzellent Perspektiven. Si huet sech an de leschte Joren en Numm iwwert d’Grenzen ewech gemaach a brauch den internationale Verglach a verschiddene Fuerschungsdomainer net ze scheien. Am Kader vun der rezenter Reform krut d’Uni méi Autonomie, fir hiert Potenzial besser ze entfalen an hire Stellewäert ze stäerken. D’DP wäert déi Entwécklung weider mat den néidege finanziellen an organisatoresche Mëttel ënnerstëtzen. Qualitéit an Exzellenz sollen dobäi déi richtungsweisend Leitmotiver vun der Wëssensvermëttlung a vun der Fuerschung sinn. D’DP ass och dofir, datt d’Uni sech verstäerkt mat national relevante Fuerschungstheme befaasst, z.B. am Beräich vun der Fuerschung iwwert eist Bildungswiesen oder bei der Formatioun vun Enseignanten. Weider Schwéierpunkte sollen an Zukunft beispillsweis och an de Beräicher vun de Materialwëssenschaften, der Biomedezin, de Finanzen, den digitalen Technologien an der Zäitgeschicht gesat ginn.
D’Uni an déi staatlech Recherchezentere solle weider extern evaluéiert ginn. Eng reegelméisseg Evaluatioun schaft net nëmmen Transparenz, ma si hëlleft och bei der Sécherung a bei der Entwécklung vun der Qualitéit.
D’Gesellschaft an d’Wirtschaft veränneren sech permanent. D’DP ass der Meenung, datt d’Uni an d’Rechercheinstituter sech dësem dynameschen Ëmfeld upassen a sech op déi zukunftsorientéiert Fuerschungsfelder konzentréiere sollen.
Dee Wee wäert zu engem direkten, sozio-ekonomesche Plus féieren an d’Konkurrenzfäegkeet vun eiser Ekonomie stäerken. Dës geziilte Fërderung soll d’Autonomie vun der Uni op kee Fall beaflossen.
D’Uni Lëtzebuerg an d’Fuerschungsetablissementer solle weider zu engem gudden Deel duerch déi ëffentlech Hand finanzéiert ginn. D’Budgetsaccorden iwwer e puer Joer bidde Planungssécherheet an erméiglechen et fir laangfristeg Objektiver unzegoen. Doriwwer eraus setze mir eis fir e leeschtungs- a resultatsorientéierte Finanzéierungssystem an, deen déi ëffentlech Mëttel no klore Qualitéitscritèren accordéiert. Duerch esou leeschtungsbezuge Kontrakter tëscht dem Staat an den Etablissementer kann d’Qualitéit méi geziilt gefërdert ginn an de Fuerschungs- an Héichschoulberäich besser un d’Besoine vun der Lëtzebuerger Wirtschaft unzepassen.
D’DP wäert sech dofir asetzen, datt qualitativ héichwäerteg Fuerschungsresultater vun Instituter a Fuerschungsequipen duerch transparent a leeschtungsorientéiert Kritäre finanziell belount ginn. Dat soll eng weider Incitatioun sinn, fir resultatorientéiert an héichqualitativ Fuerschung ze bedreiwen. Doriwwer eraus soll de Staat och europäesch an international ënnerstëtzte Fuerschungsprojete méi staark ënnert d’Ärem gräifen.
An der Lëtzebuerger Fuerschungslandschaft gëtt et nach Sputt fir sënnvoll Synergien. Mir wäerten den Austausch vu Wëssen an wëssenschaftlechen Erkenntnisser tëschent de verschiddenen Acteuren aus der Lëtzebuerger Fuerschung weider ënnerstëtzen.
D’DP wäert Entreprisen d’Méiglechkeet ginn, fir iwwert Ëffentlech-Privat Partnerschaften (PPP) mat der Uni Lëtzebuerg oder mat den ëffentleche Fuerschungsinstituter séier an effizient Léisungen auszeschaffen. Z.B. bei der Produktentwécklung oder bei Opträg, déi eng intensiv Recherche mat sech bréngen. Déi Kollaboratioun soll transparent gereegelt ginn.
D’DP wäert de Prinzip vum „Matching-Fund“ aféieren. De Staat wäert privat Spenden un d’Uni Lëtzebuerg oder un ëffentlech Fuerschungsinstituter, vun engem gewësse Montant un, duerch en zousätzleche staatleche Bäitrag ënnerstëtzen.
cf. Kapital Bildung: Fair Zukunftschancë fir eis Kanner.
cf. Kapitel Bildung: Fair Zukunftschancë fir eis Kanner.
D’Ausbildung vun de Medezinsstudien zu Lëtzebuerg gëtt ausgebaut. D’Uni Lëtzebuerg wäert an den nächste Joren e Bachelor an der Medezin ubidden, esou datt d’Studenten dräi Joer studéiere kënnen, amplaz bis elo just ee Joer.
cf. Kapitel Steierpolitik: de Bierger gerecht entlaaschten an d’Entreprenariat fërderen
D’DP wäert déi nächst Jore massiv an d’Infrastruktur vun den Entwécklungs- a Recherchesiten an der Stad an op Belval investéieren. Domadder kënnen d’Uni an d’Fuerschungszentren sech optimal entwéckelen.
D’DP ass der Meenung, datt Resultater, Publikatiounen a Fuerschungsdaten aus ëffentlech finanzéierte Projete sollte gratis am Netz publizéiert ginn („Open-Access“-Politik). Ënner Berécksiichtegung vun den éischte Verwäertungsrechter. Esou gëtt der Allgemengheet den Zougang zu den neiste Fuerschungsresultater garantéiert.
D’DP wäert sech dofir asetzen, datt d’Uniscourse sollen online disponibel sinn. Mir sinn der Meenung, datt Studente musse kënne vun den technesche Mëttel vum 21. Joerhonnert profitéieren, fir d’Course kënnen onofhängeg a flexibel ze suivéieren.
Mat der Zuel vun de Studente wiisst och d’Demande no bezuelbarem Wunnraum fir déi Studenten. D’DP ass sech där Tatsaach bewosst a wäert d’Offer u bezuelbare Studentewunnengen an der Géigend vun der Uni an d’Luucht setzen. Privat Initiative fir de Bau vu Studentewunnenge ginn encouragéiert.