{"id":663,"date":"2023-05-12T14:17:03","date_gmt":"2023-05-12T14:17:03","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/?page_id=663"},"modified":"2023-05-14T15:39:25","modified_gmt":"2023-05-14T15:39:25","slug":"propper-a-secher-gemengen","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/propper-a-secher-gemengen\/","title":{"rendered":"Propper a s\u00e9cher Gemengen"},"content":{"rendered":"\n<blockquote class=\"wp-block-quote is-layout-flow wp-block-quote-is-layout-flow\">\n<p>D\u2019Gemeng ass mat responsabel fir d\u2019S\u00e9cherheet an fir d\u2019Protektioun vum Bierger. D\u2019S\u00e9cherheet \u2013 och an zemol d\u00e9i gefillte S\u00e9cherheet \u2013 geh\u00e9iert zu de wichtegste Piliere vun der Liewensqualit\u00e9it. S\u00e9cherheet schaaft een net eleng duerch m\u00e9i eng h\u00e9ich Policepr\u00e4senz, ma duerch e ganze Pak u Mesuren. Ugefaang mat enger positiver W\u00e4erteverm\u00ebttelung an der Schoul an an de Ver\u00e4iner. D\u2019Gemeng \u00ebnnerst\u00ebtzt d\u00e9i Responsabel an deene Bem\u00e9iungen. Dofir w\u00ebll d\u2019DP Helperknapp och appropri\u00e9iert Jugendariichtungen mat Betreiungspersonal af\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Weider soll d\u2019Gemeng Helperknapp eng aktiv Pr\u00e4ventiounspolitik mat der Police zesumme maachen an deems d\u2019M\u00ebnschen iwwer Verbriechenspr\u00e4ventioun an iwwert d\u00e9i g\u00e4ngeg Technike vun de Brigangen inform\u00e9iert ginn. Dat g\u00ebllt besonnesch fir eeler Leit.<\/p>\n<\/blockquote>\n\n\n\n<p><strong>Pr\u00e4ventioun bei de Jugendleche weider verst\u00e4erken.<\/strong> Jugendhaiser bidden net n\u00ebmme Aktivit\u00e9iten un, mee och eng gesellschaftlech Jugend- a Pr\u00e4ventiounsaarbecht an de Ber\u00e4icher Schoul, Drogen, Kriminalit\u00e9it, physesch a mental Gewalt, Sexualit\u00e9it, Mobbing an nach Villem m\u00e9i. D\u2019DP Helperknapp steet hannert der Initiativ vum Sch\u00e4fferot fir een neit Jugendhaus ze schafen wat integr\u00e9iert an engem Gesamtkonzept dezentral d\u00e9i Jonk do opf\u00e4nke geet wou se sech an der Gemeng ophalen.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image alignleft size-large is-resized\"><img decoding=\"async\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/05\/domestic-violence-1024x683.jpg\" alt=\"Photo by Anete Lusina.\" class=\"wp-image-866\" width=\"256\" height=\"171\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/05\/domestic-violence-1024x683.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/05\/domestic-violence-300x200.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/05\/domestic-violence-768x512.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/05\/domestic-violence-1536x1024.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/05\/domestic-violence-2048x1365.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 256px) 100vw, 256px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<p><strong>Pr\u00e4ventioun a punkto haislecher Gewalt.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert sech fir regional Ulafstellen asetzen, d\u00e9i sech \u00ebm Affer vu Gewalt bek\u00ebmmeren. Weider w\u00e4erte mir Pr\u00e4ventiounscampagnen vis-\u00e0-vis vu gewaltt\u00e4tegem Verhalen an deementspriechenden Betreiungsservicer \u00ebnnerst\u00ebtzen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>D\u2019\u00cbffentlechkeet sensibilis\u00e9ieren.<\/strong> D\u2019Gemeng soll de Bierger iwwer d\u2019Protektioun virun Abr\u00e9ch an iwwer d\u2019Verk\u00e9ierss\u00e9cherheet inform\u00e9ieren. D\u2019Opkl\u00e4rungscampagne sollen net just der Police iwwerlooss ginn. D\u2019Gemeng Helperknapp k\u00e9int nierft den aktuelle Publikatiounen am Buet an um Internet och zum Beispill reegelm\u00e9isseg Informatiounsversammlungen iwwer Plaze maachen, op deenen et besonnesch dacks zu Accidenter k\u00ebnnt.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Dat kommunaalt Policereglement an d\u2019S\u00e9cherheetskonzept upassen.<\/strong> Et ass wichteg, fir dat kommunaalt Policereglement an d\u2019S\u00e9cherheetskonzept reegelm\u00e9isseg ze pr\u00e9iwen an eventuell unzepassen. Den aktuelle Sch\u00e4fferot huet r\u00e9ischt rezent een neit, vun de concern\u00e9ierte Kommissioun avis\u00e9iert an un d\u2019Fusioun ugepasste Policereglement agefouert. D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll sech elo schonn dervir asetzen am Dialog mat de Bierger esou Reglementer reegelm\u00e9isseg z\u2019analys\u00e9ieren a wann n\u00e9ideg och unzepassen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Biergerversammlungen zum Thema Secherheet.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll regelm\u00e9isseg mat de Bierger iwwert d\u2019S\u00e9cherheetslag diskut\u00e9ieren. Op Basis vun deene Gespr\u00e9icher w\u00e4ert d\u2019DP Helperknapp net n\u00ebmmen dervir suergen datt d\u00e9i Conclusioune mat an de Comit\u00e9 de pr\u00e9vention afl\u00e9issen, mee och datt ee lokaalt S\u00e9cherheetskonzept mat der Police zesummen ausgeschafft ka ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Kommunal Zesummenaarbecht g\u00e9int Radikalis\u00e9ierung an Extremismus.<\/strong> All Gefor, d\u00e9i vun enger wuessender Radikalis\u00e9ierung oder vun Extremismus ausgeet, muss am Keim erst\u00e9ckt ginn. D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll sech hei derfir asetzen datt d\u2019Integratiounskommissioun zesumme mam Sch\u00e4fferot zesumme mat \u00ebnner anerem der Plattform <em>respect.lu<\/em> Mesuren an engem kommunale Pakt g\u00e9int Radikalis\u00e9ierung an Extremismus opzestellen d\u00e9i d\u00ebs gef\u00e9ierlech Entw\u00e9cklungen fr\u00e9i entdecken.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>M\u00e9i Defibrilateuren am \u00ebffentleche Raum.<\/strong> Den aktuelle Sch\u00e4fferot huet weider Defibrilateuren am \u00ebffentleche Raum install\u00e9iere gelooss. D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst d\u00ebs Initiativ a w\u00ebll, no Analys duerch d\u00e9i 2 CIS aus der Gemeng, weider Mesuren huelen w\u00e9i zum Beispill reegelm\u00e9isseg Course fir de Gebrauch vu sou Apparater.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Propper Gemengen.<\/strong> Propret\u00e9it ass eng wichteg Konditioun fir liewensw\u00e4ert Uertschaften. D\u2019DP Helperknapp \u00ebnnerst\u00ebtzt d\u2019Approche vum aktuelle Sch\u00e4fferot fir d\u2019Aarbechtsschr\u00ebtt an d\u2019Material vun de Gemengenservicer regelm\u00e9isseg ze pr\u00e9iwen an eventuell unzepassen. D\u2019Af\u00e9iere vu getrennten Drecksk\u00ebschten a genuch Hondstuten am \u00ebffentleche Raum sinn hei Mesuren d\u00e9i scho ganz gutt vum techneschen D\u00e9ngscht \u00ebmgesat goufen. Mir w\u00e4erten awer och weider Sensibilis\u00e9ierungscampagnen an der Gemeng maachen, fir d\u2019Bierger iwwer <em>best practices<\/em> fir e gutt Zesummeliewen z\u2019inform\u00e9ieren, an Initiativen w\u00e9i den aktuelle Projet vun der Maison Relais wou d\u2019Kanner sech selwer dem Thema Hondstuuten unhuelen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Liichtverschmotzung reduz\u00e9ieren.<\/strong> Liichtverschmotzung huet Auswierkungen op d\u2019Gesondheet vu M\u00ebnsch an \u00cbmwelt. D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst den Asaz vum Sch\u00e4fferot e Beliichtungskonzept an der Gemeng agefouert ze hunn deen d\u00e9i aktuell Standarde respekt\u00e9iert, enner anerem duerch d\u2019fl\u00e4chendeckend Af\u00e9iere vun LED Stroossebeliichtung. D\u2019Liichtverschmotzung an den Uertschaften soll awer kontinu\u00e9ierlech iwwerpr\u00e9ift ginn an eventuell Upassunge solle mam S\u00e9cherheetskonzept vun der Gemeng ofgest\u00ebmmt ginn.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-right\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/mobiliteit\/\" data-type=\"page\" data-id=\"668\">N\u00e4chst Thema: Mobilit\u00e9it<\/a><\/strong><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-group alignfull has-text-color has-background is-layout-flow wp-block-group-is-layout-flow\" style=\"color:#000000;background-color:#cccccc\">\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-large-font-size\" style=\"line-height:.9\"><strong>Nach Fro\u00ebn?<\/strong><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading has-text-align-center has-black-color has-text-color\" id=\"schedule-a-visit\" style=\"font-size:50px;line-height:1.15;text-transform:none\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/meet-greets-dp-helperknapp\/\" data-type=\"page\" data-id=\"777\">Kommt op ee vun eise Meet&amp;Greets<\/a><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-buttons is-horizontal is-content-justification-center is-layout-flex wp-container-core-buttons-is-layout-03627597 wp-block-buttons-is-layout-flex\">\n<div class=\"wp-block-button has-custom-width wp-block-button__width-50\"><a class=\"wp-block-button__link has-text-color has-background wp-element-button\" href=\"https:\/\/www.facebook.com\/events\/1003898847447959\" style=\"border-radius:50px;color:#ffffff;background-color:#000000\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Den 28. Mee ab 10:00 Auer um Helpermaart<\/a><\/div>\n<\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-small-font-size\"><em>Oder den 8. Juni op Huelmes<\/em><\/p>\n\n\n\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n<\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D\u2019Gemeng ass mat responsabel fir d\u2019S\u00e9cherheet an fir d\u2019Protektioun vum Bierger. D\u2019S\u00e9cherheet \u2013 och an zemol d\u00e9i gefillte S\u00e9cherheet \u2013 geh\u00e9iert zu de wichtegste Piliere vun der Liewensqualit\u00e9it. S\u00e9cherheet schaaft een net eleng duerch m\u00e9i eng h\u00e9ich Policepr\u00e4senz, ma duerch e ganze Pak u Mesuren. Ugefaang mat enger positiver W\u00e4erteverm\u00ebttelung an der Schoul an an [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":391,"featured_media":0,"parent":605,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-663","page","type-page","status-publish","hentry","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/663","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/users\/391"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=663"}],"version-history":[{"count":4,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/663\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":868,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/663\/revisions\/868"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/605"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=663"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}