{"id":673,"date":"2023-05-12T15:49:54","date_gmt":"2023-05-12T15:49:54","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/?page_id=673"},"modified":"2023-05-14T12:15:57","modified_gmt":"2023-05-14T12:15:57","slug":"wunnen","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/wunnen\/","title":{"rendered":"Wunnen"},"content":{"rendered":"\n<blockquote class=\"wp-block-quote is-layout-flow wp-block-quote-is-layout-flow\">\n<p><em>Bei der Lutte g\u00e9int d\u2019Wunnengskris dr\u00e9it di \u00ebffentlech Hand eng besonnesch Responsabilit\u00e9it, och an de Gemengen. D\u2019DP w\u00ebll der steigender Nofro no bezuelbarem Wunnraum mat enger m\u00e9i s\u00e9ierer Mobilis\u00e9ierung a F\u00ebrderung vun alternative Wunnformen entg\u00e9int kommen. Ma mir \u00ebnnerst\u00ebtzen och d\u2019Zesummenaarbecht vun \u00ebffentlechen a private Bautr\u00e4ger. Dob\u00e4i w\u00e4erte mir och d\u00e9i \u00f6kologesch Aspekter m\u00e9i staark ber\u00fccksichtegen.<\/em><\/p>\n<\/blockquote>\n\n\n\n<p><strong>Bezuelbare Wunnraum schafen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll de soziale Wunnengsbau an eiser Gemeng weider ausbauen. Nierft dem geschafene Wunnraum zu B\u00e9iwen am L\u00ebtschert, solle weider Terrainen an \u00ebffentlecher Hand an \u00e9ischter Linn jonke Familljen a St\u00e9it iwwert de Wee vun Ierfpacht oder Locatioun zegutt kommen. Allerd\u00e9ngs dierf d\u00ebst net exklusiv Jonken an hiere Familjen zegutt kommen well och aner Bierger an d\u2019Situatioun risk\u00e9ieren ze komme wou se hier aktuell Wunnm\u00e9iglechkeet verluer hunn. Och ass et wichteg (w\u00e9i am Kader vum intergenerationnelle Projet vun T\u00ebnten) \u00ebmmer d\u2019M\u00e9iglechkeet vu bezuelbarem Wunnraum bei Neibaute vun der Gemeng a Betruecht ze z\u00e9ien.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Proaktiv Terraine kafen.<\/strong> Fir d\u2019Offer un accessibele Wunnengen an de Gemengen z\u2019erh\u00e9ijen, w\u00e4ert d\u2019DP Helperknapp proaktiv Leit a Betriber uschw\u00e4tzen, d\u00e9i hir Terrainen net bebauen. D\u2019Zil ass et fir d\u00e9i Terrainen ze kafen an ze bebauen, oder se fir eng Z\u00e4it ze pachten fir Modularbauten w\u00e9i Tiny Houses drop ze setzen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Terraine mobilis\u00e9ieren a Wunnprojeten \u00ebmsetzen.<\/strong> Amplaz Gemengenterraine brooch leien ze loossen, w\u00ebll d\u2019DP Helperknapp se s\u00e9ier mobilis\u00e9ieren, fir kuerzfristeg bezuelbare Wunnraum ze schafen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>M\u00e9igeneratiounshaiser f\u00ebrderen.<\/strong> M\u00e9igeneratiounshaiser sinn oppe <em>Lieux de rencontre<\/em> oder Wunnengsensemble fir M\u00ebnsche vun all Alter; mat \u00ebnnerschiddlechen Originnen a mat verschiddene kulturellen Hannergr\u00ebnn. D\u2019DP Helperknapp \u00ebnnerst\u00ebtzt ausdr\u00e9cklech de Projet vum Sch\u00e4fferot fir esou een Haus op T\u00ebnten bei d\u00e9i fr\u00e9ier Maison Relais a Schoul ze bauen. Esou \u00ebnnerst\u00ebtze mir den Zesummenhalt queesch duerch d\u2019Generatiounen an der Gemeng. Desweideren \u00ebnnerst\u00ebtze mir d\u2019Approche fir an d\u00e9i aal Schoul ee Centre m\u00e9dical z\u2019install\u00e9ieren a w\u00ebllen eis staark maache fir och eng Apdikt op dee Site ze kr\u00e9ien. Et ass immens wichteg datt d\u00ebs Iwwerleeungen ee feste Bestanddeel vun der Gesamtstrategie vun der Gemeng sinn, am Kader vum Biergerhaus.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Alternatiivt, flexibelt, beh\u00ebnnerten- an altersgerecht Wunnen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll bei gr\u00e9issere Lotissementer alternativ Wunnforme mat aplangen an dofir suergen, datt sozial a medezinesch Infrastrukturen direkt an der Noperschaft sinn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Alternativ Wunnforme f\u00ebrderen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp ass sech de Schwieregkeete vun alternative Wunnforme bewosst a w\u00e4ert dofir d\u2019Bautereglement vun der Gemeng upassen. Esou k\u00ebnnen zum Beispill Wunngemeinschaften opgesat ginn, oder d\u2019Opstelle vun Tiny houses iwwerhaapt erm\u00e9iglecht ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Jugendwunnengen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp \u00ebnnerst\u00ebtzt d\u2019Bestriewunge vum Sch\u00e4fferot w\u00e9i zum Beispill zu T\u00ebnten fir m\u00e9i Wunnenge fir jonk Leit ze schafen, d\u00e9i sech keng Wunneng um normale March\u00e9 leeschte k\u00ebnnen. D\u2019DP Helperknapp well prob\u00e9iere weider Haiser an der Gemeng ze kafen an deene kleng miwwel\u00e9iert Studioe k\u00ebnnen ageriicht ginn. D\u00ebs k\u00ebnnen deen Ament fir en accessibele Pr\u00e4is u Jonker verlount ginn d\u00e9i hire Wee an e selbstst\u00e4nnegt Liewe sichen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Nei Bauprojete s\u00e9ier realis\u00e9ieren.<\/strong> Laang Prozedure si mat d\u2019Haaptursaach, firwat de Wunnengsbau hei am Land n\u00ebmme lues viruk\u00ebnnt. D\u2019DP Helperknapp setzt sech dofir an, fir d\u00e9i Prozedure maximal z\u2019acceler\u00e9ieren, fir d\u00e9i d\u2019Gemeng verantwortlech ass.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Autofr\u00e4i Quartieren.<\/strong> Bei neie Lotissementer w\u00e4ert d\u2019DP Helperknapp nei Raumnutzungkonzepter analys\u00e9ieren a wa m\u00e9iglech, den \u00ebffentleche Raum priorit\u00e4r fir d\u2019M\u00ebnsche virgesinn. Hei k\u00e9inten zBsp amplaz vu ville private Parkplazen, d\u2019Parkplazen zentralis\u00e9iert ginn an esou manner Verk\u00e9ier virun den Haiser schafen. De Verk\u00e9ier g\u00e9if deen Ament \u2013 ausser fir Livraisounen \u2013 gr\u00e9isstendeels aus dem Quartier verschwannen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-right\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/energie-a-klima\/\" data-type=\"page\" data-id=\"681\">N\u00e4chst Thema: Energie a Klima<\/a><\/strong><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-group alignfull has-text-color has-background is-layout-flow wp-block-group-is-layout-flow\" style=\"color:#000000;background-color:#cccccc\">\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-large-font-size\" style=\"line-height:.9\"><strong>Nach Fro\u00ebn?<\/strong><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading has-text-align-center has-black-color has-text-color\" id=\"schedule-a-visit\" style=\"font-size:50px;line-height:1.15;text-transform:none\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/meet-greets-dp-helperknapp\/\" data-type=\"page\" data-id=\"777\">Kommt op ee vun eise Meet&amp;Greets<\/a><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-buttons is-horizontal is-content-justification-center is-layout-flex wp-container-core-buttons-is-layout-03627597 wp-block-buttons-is-layout-flex\">\n<div class=\"wp-block-button has-custom-width wp-block-button__width-50\"><a class=\"wp-block-button__link has-text-color has-background wp-element-button\" href=\"https:\/\/www.facebook.com\/events\/1003898847447959\" style=\"border-radius:50px;color:#ffffff;background-color:#000000\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Den 28. Mee ab 10:00 Auer um Helpermaart<\/a><\/div>\n<\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-small-font-size\"><em>Oder den 8. Juni op Huelmes<\/em><\/p>\n\n\n\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n<\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Bei der Lutte g\u00e9int d\u2019Wunnengskris dr\u00e9it di \u00ebffentlech Hand eng besonnesch Responsabilit\u00e9it, och an de Gemengen. D\u2019DP w\u00ebll der steigender Nofro no bezuelbarem Wunnraum mat enger m\u00e9i s\u00e9ierer Mobilis\u00e9ierung a F\u00ebrderung vun alternative Wunnformen entg\u00e9int kommen. Ma mir \u00ebnnerst\u00ebtzen och d\u2019Zesummenaarbecht vun \u00ebffentlechen a private Bautr\u00e4ger. Dob\u00e4i w\u00e4erte mir och d\u00e9i \u00f6kologesch Aspekter m\u00e9i staark [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":391,"featured_media":0,"parent":605,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-673","page","type-page","status-publish","hentry","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/673","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/users\/391"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=673"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/673\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":824,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/673\/revisions\/824"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/605"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=673"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}