{"id":681,"date":"2023-05-12T16:09:47","date_gmt":"2023-05-12T16:09:47","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/?page_id=681"},"modified":"2023-05-14T15:21:02","modified_gmt":"2023-05-14T15:21:02","slug":"energie-a-klima","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/energie-a-klima\/","title":{"rendered":"Energie a Klima"},"content":{"rendered":"\n<blockquote class=\"wp-block-quote is-layout-flow wp-block-quote-is-layout-flow\">\n<p><em>Fir en effiziente Klimaschutz, mussen alleguerten d\u2019Acteuren un engem Strack z\u00e9ien. D\u2019Gemengen hunn hei eng besonnesch Responsabilit\u00e9it an domadder eng Virbildfunktioun. D\u2019DP w\u00ebll de Klimaschutz op lokalem Niveau dofir konsequent st\u00e4erken. Mir w\u00ebllen d\u2019Gemenge m\u00ebttelfristeg ganz klimaneutral kr\u00e9ien. Mir w\u00ebllen d\u00e9i erneierbar Energien ausbauen, d\u00e9i kommunal Gebaier energeetesch san\u00e9ieren an d\u2019Energieeffizienz steigeren. An deem Kontext m\u00e9cht d\u2019DP sech och staark fir en doucen \u00cbmgang mat eisen natierleche Ressourcen a w\u00e4ert de Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft an alle Hisiichte respekt\u00e9ieren. De Bierger soll och duerch Sensibilis\u00e9ierungscampagnen an duerch geziilten H\u00ebllefe fir klimafr\u00ebndlech Mesure m\u00e9i staark agebonnen an \u00ebnnerst\u00ebtzt ginn.<\/em><\/p>\n<\/blockquote>\n\n\n\n<p><strong>Virbildfunktioun.<\/strong> D\u00e9i \u00ebffentlech Hand muss hirer Virbildfunktioun a punkto erneierbaren Energien an Energieeffizienz gerecht ginn an op deementspriechend Technologien \u00ebmstellen. D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst d\u00e9i grouss Efforte vum Sch\u00e4fferot fir erneierbar Energien, an erhofft sech doduerjer e Schub net n\u00ebmme fir d\u2019Produktioun a fir d\u2019Erfuerschung vun erneierbaren Energien, mee och fir d\u2019Akzeptanz vun esou Mesure vun alle Bierger.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Greening vun der Gemeng.<\/strong> D\u2019Klimakris ass en Challenge fir eis Stied an Dierfer. Eng adapt\u00e9iert Beplanzung h\u00eblleft besonnesch am Summer fir d\u2019Temperaturen am \u00ebffentleche Raum ze reduz\u00e9ieren an esou d\u2019Liewensqualit\u00e9it vun de Bierger ze verbesseren. D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst d\u2019Efforte vum Sch\u00e4fferot (enner anerem um Campushaff) fir der Beplanzung eng ganz h\u00e9ich Priorit\u00e9it ze ginn, a w\u00ebll h\u00ebllefen, fir Gebaier an Diecher ze beplanzen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Dr\u00e9nkwaasserspender.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert op \u00ebffentlechen a vill frequent\u00e9ierte Plazen (Parken a Spillplazen) fr\u00e4i accessibel Dr\u00e9nkwaasserspender opstellen, a mobil Spender asetzen op Fester vun der Gemeng.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Parrainage fir \u00ebffentlech Gr\u00e9ngfl\u00e4chen a Infrastrukturen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll \u00ebffentlech Gr\u00e9ngfl\u00e4chen an Infrastrukturen fir Patenschaften opmaachen. Engers\u00e4its sollen d\u2019Bierger, de Campus oder Betriber d\u2019M\u00e9iglechkeet kr\u00e9ien, fir sech \u00e9ierenamtlech \u00ebm d\u2019Beplanzung an d\u2019Fleeg vu Gemeinschaftsg\u00e4ert, Blummebeeter, Planzebacken, asw. ze bek\u00ebmmeren. Anerers\u00e4its sollen z.B. Entreprise k\u00ebnne Parrainage vun Infrastrukturen (\u00eb.a. Dr\u00e9nkwaasserspender) iwwerhuelen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Ausbau vu klimaneutraler Stroumversuergung. <\/strong>D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll d\u2019M\u00e9iglechkeete fir d\u2019Produktioun vun erneierbaren Energien an der Gemeng voll ausnotzen. All \u00ebffentlech Gebaier (Gemeng, Campus, Sportshal, asw.) sollen esou s\u00e9ier ew\u00e9i m\u00e9iglech mat lokal produz\u00e9iertem Stroum versuergt ginn. Mir begr\u00e9issen dofir d\u2019Installatioun an d\u2019Notzung vu Photovoltaik-Anlagen op den Diecher vu Gemengegebaier a w\u00ebllen d\u00ebst konsequent ausbauen. D\u2019Iwwerproduktioun ka verkaf an an d\u2019Stroumnetz agespeist ginn. Weider \u00ebnnerst\u00ebtze mir gronds\u00e4tzlech Partnerschafte mat lokalen a regionale Energiekooperativen, d\u00e9i den energeetesche Wiessel virundreiwen.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image alignright size-large is-resized\"><img fetchpriority=\"high\" decoding=\"async\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/01\/nohaltegkeet-1024x1024.jpg\" alt=\"Wandmillen\" class=\"wp-image-356\" width=\"512\" height=\"512\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/01\/nohaltegkeet-1024x1024.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/01\/nohaltegkeet-300x300.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/01\/nohaltegkeet-150x150.jpg 150w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/01\/nohaltegkeet-768x768.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/01\/nohaltegkeet-1536x1536.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-content\/uploads\/sites\/11\/2023\/01\/nohaltegkeet-2048x2048.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 512px) 100vw, 512px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<p><strong>M\u00e9i vun der Wandenergie profit\u00e9ieren.<\/strong> Beim Notze vun der Wandkraaft huet L\u00ebtzebuerg nach vill Sputt no uewen. D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert Faisabilit\u00e9itsstudien weiter verd\u00e9ifen fir lokal Sitten ze fannen, d\u00e9i praktesch keen Impact op D\u00e9ierewelt an Natur hunn. D\u00ebst geschitt och an enkem Kontakt mat de Bierger, fir esou m\u00e9igleche Bedenke Rechnung ze droen. Ausserdeem w\u00e4ert d\u2019DP Helperknapp de Bierger d\u2019M\u00e9iglechkeet bidden, fir sech u Wandmilleprojeten ze bedeelegen. Benefisser k\u00e9imen esou de Bierger aus der Gemeng zegutt.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>M\u00e9i Luucht, manner Energie.<\/strong> D\u2019Stroossebeliichtung m\u00e9cht e substantiellen Deel vun eisem Stroumverbrauch aus. D\u2019DP Helperknapp \u00ebnnerstr\u00e4icht d\u2019Bem\u00e9iung vum Sch\u00e4fferot an dem Techneschen D\u00e9ngscht fir all Gemengebeliichtung op d\u00e9i energieeffizient LED- Technologie \u00ebmgestallt ze hunn a w\u00ebll do wou s\u00ebnnvoll, d\u00ebs Luuchte mat engem Dimmer a mat Beweegungssensoren equip\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Fuhrpark modernis\u00e9ieren.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp setzt op e klimaneutralen Transport a w\u00e4ert de Fuhrpark vun der Gemeng weider schr\u00ebttweis op CO2-neutral Gefierer \u00ebmstellen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Energieberodung.<\/strong> Zous\u00e4tzlech zu den nationale Berodungszenteren, ew\u00e9i der Klimaagence, w\u00e4ert d\u2019DP Helperknapp och op lokalem Niveau d\u2019Berodungsoffere fir privat St\u00e9it a fir Betriber ausbauen. Duerch Informatiouns- a Sensibilis\u00e9ierungscampagne soll iwwerdeems och d\u2019Gemengepersonal zum Energiespueren anim\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Klima- an \u00ebmweltfr\u00ebndlecht Bauen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert dofir suergen, datt all kommend Bauprojeten dem h\u00e9chsten energeetesche Stand entspriechen. Bei Gemengegebaier soll besonnesch op \u00ebmweltfr\u00ebndlecht Baumaterial, w\u00e9i z.B. Holz, an op eng Planung nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft uecht gedoe ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Energeetesch San\u00e9ierung.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp setzt sech fir en allgemengen Investitiounsprogramm op alle Verwaltungsniveauen an, fir \u00ebffentlech Ariichtungen energeetesch ze san\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Klimafr\u00ebndlech Subventiounen ausbauen.<\/strong> Zous\u00e4tzlech zu de staatleche Subventioune fir erneierbar Energien, fir energeetesch San\u00e9ierung oder klimaneutral Mobilit\u00e9it, w\u00e4ert d\u2019DP Helperknapp d\u2019Subventiounen vun der Gemeng reegelm\u00e9isseg analys\u00e9ieren a wann n\u00e9ideg upassen, resp. neier af\u00e9ieren, fir esou weider staark Ureizer fir d\u2019Bierger ze schafen. Och de Kaf vun energieeffizienten Haushaltsapparate soll gef\u00ebrdert ginn, besonnesch fir akommesschwaach St\u00e9it.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Mesuren aus dem Klimapakt 2.0 \u00ebmsetzen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst datt d\u2019Gemeng dem Klimapakt 2.0 b\u00e4igetrueden ass an ee Klimasch\u00e4ffen huet. Elo g\u00ebllt et m\u00e9iglechst vill vun de propos\u00e9ierte Mesuren \u00ebmzesetzen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Nohalteg Manifestatiounen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll d\u2019Approche vum Sch\u00e4fferot weiderf\u00e9ieren wou Clibb d\u00e9i d\u2019Emweltcharta \u00ebnnerschriwwen hunn an ee Green-Event Subside kr\u00e9ien, eng weidere finanziell Subventioun ze ginn. Desweidere w\u00e4erte mir s\u00e9cherstellen, datt all Manifestatiounen vun der Gemeng den Nohaltegkeetskritt\u00e4ren entspriechen an den Ufuerderunge vum Label Green event vun der Superdrecksk\u00ebscht entspriechen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Nohalteg Ressource gebrauchen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp setzt sech dofir an, datt Wueren a Servicer, d\u00e9i vun de Gemenge kaf ginn, m\u00e9iglechst h\u00e9ijen \u00cbmwelt-, Sozial- a Governance-Krit\u00e4ren (ESG) entspriechen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Soumissiounen no Nohaltegkeetskrit\u00e4ren.<\/strong> Zous\u00e4tzlech zu den \u00fcbleche finanzielle Kritt\u00e4re bei \u00ebffentlechen Ausschreiwungen, sollen och Facteuren ew\u00e9i \u00cbmweltverdr\u00e9iglechkeet, Kreeslafwirtschaft, schounende Waasserverbrauch an Energieeffizienz an d\u2019Konditioune vun de Soumissiounen agebaut ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Antigaspi-Gemengen.<\/strong> Een Dr\u00ebttel vun de Liewensm\u00ebttel op der Welt g\u00ebtt ewechgeh\u00e4it, w\u00e4rend vill Leit op der Welt Honger leiden an et Enkp\u00e4ss bei der Versuergung mat Weess g\u00ebtt. Niewent eiser ethescher Verflichtung, fir sech deem Problem unzehuelen, dierf dob\u00e4i och net d\u00e9i \u00f6kologesch Dimensioun vum Problem vergiess ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst dofir d\u2019Initiativ vun der Gemeng een \u00e9ischten Anti-Gaspi Frigo op T\u00e9inten install\u00e9iert ze hunn, a begr\u00e9isst datt een zweeten op Bruch an d\u2019Koll k\u00ebnnt wou d\u00e9i Platen d\u00e9i an der Kantin vum Campus Rescht bliwwe sinn k\u00ebnne fir ee klengt Entgelt geholl ginn. Och ass d\u2019Approche eng Foodsharing Associatioun an de Park B\u00ebschdref z\u2019integr\u00e9ieren luewensw\u00e4ert. Fir eis ass et wichteg datt d\u2019Gemeng all Bierger iwwert d\u00ebs Projeten inform\u00e9iert an iwwert d\u2019Thema antigaspi.lu sensibilis\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Nohalteg Notzung vun de B\u00ebscher.<\/strong> Mir ennerst\u00ebtzen d\u00e9i nohalteg Neesopforstung a Bewirtschaftung vum B\u00ebsch, z.B. als Energiequell fir Holzhackschn\u00ebtzelheizungen oder fir klassesch Holzheizungen. Doriwwer eraus setze mir eis dofir an, datt d\u00e9i nohalteg Forstwirtschaft mat der regionaler Wirtschaftsentw\u00e9cklung verkn\u00e4ppt a gef\u00ebrdert g\u00ebtt; \u00ebnner anerem fir w\u00e4it Transporter ze vermeiden.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Biodiversit\u00e9it sch\u00fctzen.<\/strong> Och op lokalem Niveau spillt d\u2019Widderstandsf\u00e4egkeet vun eisen \u00d6ekosystemer eng immens wichteg Roll. Dofir w\u00e4ert d\u2019DP Helperknapp den Asaz vu Planzeschutzm\u00ebttel reduz\u00e9ieren, d\u2019Uertschafte m\u00e9i begr\u00e9ngen, Gemengewisen a Gr\u00e9ngfl\u00e4che laanscht d\u2019Stroossen dem Fauchage tardif no \u00ebnnerhalen a lokal Biotopen, ew\u00e9i Fiichtwisen, enner anerem am Kader vum SICONA sch\u00fctzen an renatur\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Planzen amplaz Gravier.<\/strong> D\u00e9i w\u00e4itverbreete Schotterg\u00e4ert sinn eng \u00f6kologesch bedenklech Entw\u00e9cklung. D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert dofir Informatiounscampagnen opsetzen an deen Ament och Mesure propos\u00e9ieren, d\u00e9i d\u2019Leit dozou anim\u00e9ieren, fir m\u00e9i \u00ebmweltfr\u00ebndlech G\u00e4ert unzelee\u00ebn a fir bestee\u00ebnd Schotterg\u00e4ert zer\u00e9ckzebauen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Alternativen zur Buedemversigelung ausbauen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll bei \u00ebffentlechen Infrastrukturen, ew\u00e9i zum Beispill beim Bau vun neie Parkplazen, m\u00e9iglechst op Fl\u00e4cheversigelung verzichten a se duerch Eco-Parkplazen ersetzen sou w\u00e9i dat zu T\u00ebnten bei der Gemeng an Bruch beim Campus a bei der Kierch rezent de Fall ass.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>M\u00e9i op Reewaasser zer\u00e9ckgr\u00e4ifen.<\/strong> Och L\u00ebtzebuerg leidt \u00ebmmer m\u00e9i \u00ebnner Waassermanktem. Bei San\u00e9ierungen a beim Neibau vu kommunalen Ariichtunge w\u00eblle mir dofir Systemer fir d\u2019Opf\u00e4nke vu Reewaasser aplangen, dat da fir d\u2019Sanit\u00e4ranlage gebraucht g\u00ebtt. D\u2019DP Helperknapp \u00ebnnerst\u00ebtzt d\u2019Konzept vum Modell <em>Sponge city<\/em>, bei deem d\u2019Reewaasser lokal opgefaangen a gesp\u00e4ichert g\u00ebtt, amplaz datt et just kanalis\u00e9iert an oflafe gelooss g\u00ebtt (w\u00e9i zum Beispill um Campus Helperknapp). Esou k\u00ebnnen \u00ebnner anerem och d\u2019Beem am \u00ebffentleche Raum bew\u00e4ssert ginn.<br><\/p>\n\n\n\n<blockquote class=\"wp-block-quote is-layout-flow wp-block-quote-is-layout-flow\">\n<p><em>H\u00e9ichwaasserschutz verbesseren, Waasserleef renatur\u00e9ieren. D\u00e9i lescht Joren hunn eis d\u2019Wichtegkeet vum H\u00e9ichwaasserschutz op eng dramatesch Man\u00e9ier gewisen. D\u2019DP w\u00e4ert en \u00ebmfaassend Konzept fir den H\u00e9ichwaasserschutz entw\u00e9ckelen an zemol d\u2019Renatur\u00e9ierung vun de Waasserleef an de Gemengen virundreiwen. An engems w\u00e4ert d\u2019DP an d\u2019Protektioun vun Objeten invest\u00e9ieren, fir menac\u00e9iert Gebaier beschtm\u00e9iglech op all Risike virzebereeden.<\/em><\/p>\n\n\n\n<p><em>D\u2019DP w\u00e4ert och grouss, \u00ebnnerierdesch Waassersammelbecken ulee\u00ebn, an d\u00e9i d\u2019Waasser bei staarkem Reen kann opgefaange ginn, fir esou Iwwerschwemmungen ze verh\u00ebnneren. D\u00e9i Reserve k\u00ebnnen dann an Dr\u00e9cheperioden z.B. fir d\u2019Netze profit\u00e9iert ginn.<\/em><\/p>\n<\/blockquote>\n\n\n\n<p><strong>Starkreenetud. <\/strong>No den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021huet den aktuelle Sch\u00e4fferot propos\u00e9iert eng Staarkreenet\u00fcd an d\u2019Wee ze leeden wou all Bierger sech m\u00ebttelfristeg kann drun uschl\u00e9issen a wou d\u2019Chance besteet datt de Staat een Deel vun de private Mesur\u00eb ka finanz\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-right\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/digital-biergerno-an-transparent-gemengen\/\" data-type=\"page\" data-id=\"693\">N\u00e4chst Thema: Digital, biergerno an transparent Gemengen<\/a><\/strong><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-group alignfull has-text-color has-background is-layout-flow wp-block-group-is-layout-flow\" style=\"color:#000000;background-color:#cccccc\">\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-large-font-size\" style=\"line-height:.9\"><strong>Nach Fro\u00ebn?<\/strong><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading has-text-align-center has-black-color has-text-color\" id=\"schedule-a-visit\" style=\"font-size:50px;line-height:1.15;text-transform:none\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/meet-greets-dp-helperknapp\/\" data-type=\"page\" data-id=\"777\">Kommt op ee vun eise Meet&amp;Greets<\/a><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-buttons is-horizontal is-content-justification-center is-layout-flex wp-container-core-buttons-is-layout-03627597 wp-block-buttons-is-layout-flex\">\n<div class=\"wp-block-button has-custom-width wp-block-button__width-50\"><a class=\"wp-block-button__link has-text-color has-background wp-element-button\" href=\"https:\/\/www.facebook.com\/events\/1003898847447959\" style=\"border-radius:50px;color:#ffffff;background-color:#000000\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Den 28. Mee ab 10:00 Auer um Helpermaart<\/a><\/div>\n<\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-small-font-size\"><em>Oder den 8. Juni op Huelmes<\/em><\/p>\n\n\n\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n<\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Fir en effiziente Klimaschutz, mussen alleguerten d\u2019Acteuren un engem Strack z\u00e9ien. D\u2019Gemengen hunn hei eng besonnesch Responsabilit\u00e9it an domadder eng Virbildfunktioun. D\u2019DP w\u00ebll de Klimaschutz op lokalem Niveau dofir konsequent st\u00e4erken. Mir w\u00ebllen d\u2019Gemenge m\u00ebttelfristeg ganz klimaneutral kr\u00e9ien. Mir w\u00ebllen d\u00e9i erneierbar Energien ausbauen, d\u00e9i kommunal Gebaier energeetesch san\u00e9ieren an d\u2019Energieeffizienz steigeren. An deem Kontext [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":391,"featured_media":0,"parent":605,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-681","page","type-page","status-publish","hentry","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/681","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/users\/391"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=681"}],"version-history":[{"count":4,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/681\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":857,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/681\/revisions\/857"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/605"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=681"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}