{"id":693,"date":"2023-05-12T16:30:28","date_gmt":"2023-05-12T16:30:28","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/?page_id=693"},"modified":"2023-05-14T12:18:07","modified_gmt":"2023-05-14T12:18:07","slug":"digital-biergerno-an-transparent-gemengen","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/digital-biergerno-an-transparent-gemengen\/","title":{"rendered":"Digital, biergerno an transparent Gemengen"},"content":{"rendered":"\n<blockquote class=\"wp-block-quote is-layout-flow wp-block-quote-is-layout-flow\">\n<p><em>D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert voll vum Potenzial vun der Digitalis\u00e9ierung profit\u00e9ieren an de Fortschr\u00ebtt an den D\u00e9ngscht vun de Bierger stellen.<\/em><\/p>\n\n\n\n<p><em>Dofir w\u00eblle mir d\u2019Iddi vun der Smart City ausbauen a vum Potenzial vun der vernetzter Stad voll aussch\u00f6pfen &#8211; ouni Komprom\u00ebsser beim Dateschutz anzegoen. All Gemeng soll dofir e Sch\u00e4ffen hunn, dee fir de Ber\u00e4ich Digitalis\u00e9ierung responsabel ass.<\/em><\/p>\n<\/blockquote>\n\n\n\n<p><strong>Gratis surfen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst d\u2019Bem\u00e9iung vum aktuelle Sch\u00e4ffert de Bierger an de Visiteuren op staark besichte Plazen an an \u00ebffentleche Gebaier Acc\u00e8s zu engem gratis, stabillen a ges\u00e9cherten Internet unzebidden mat authentifiz\u00e9iertem Zougr\u00ebff. Dat verbessert d\u2019Attraktivit\u00e9it vun eiser Gemeng ouni ee S\u00e9cherheetsrisiko duerzestellen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Ausbau vum Glasfaser-Reseau.<\/strong> Den Acc\u00e8s zu s\u00e9ierem Internet ass eng Grondviraussetzung, fir den digitale Wandel an der Aarbechtswelt m\u00e9iglech ze maachen. D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst den Asaz vum aktuelle Sch\u00e4fferot setzt sech fir e fl\u00e4chendeckend High-speed-Netz fir d\u2019Bierger an d\u2019Betriber anzesetzen a w\u00ebll d\u2019Zesummenarbecht mat der Post weider ausbauen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Liicht verst\u00e4ndlech a m\u00e9isproocheg Kommunikatioun.<\/strong> Mir w\u00e4erten alles \u00ebnnerhuelen, fir d\u2019Sproochbarri\u00e8ren z\u2019iwwerwannen an d\u2019Kommunikatioun mat de Bierger esou einfach a verst\u00e4ndlech ew\u00e9i m\u00e9iglech ze halen. Dozou geh\u00e9iert och d\u2019Disponibilit\u00e9it vu liicht accessibelen a m\u00e9isproochegen Internets\u00e4iten a soss digitial Kommunikatiounsm\u00ebttel vun der Gemeng. D\u2019DP Helperknapp setzt sech dofir an datt d\u2019Mataarbechter vun der Gemeng form\u00e9iert ginn an och d\u00e9i n\u00e9ideg Z\u00e4it zougestane kr\u00e9ien fir d\u00ebst \u00ebmzesetzen. D\u2019Kommunikatioun muss och der demographescher Realit\u00e9it an eiser Gemeng entspriechen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>D\u2019Diversifikatioun an der Kommunikatioun weiderentw\u00e9ckelen.<\/strong> Als DP Helperknapp setze mir eis weider fir eng modern, digital, inklusiv, interaktiv an zilorient\u00e9iert Kommunikatioun an der Gemeng an. Jiddereen, dee sech inform\u00e9iere w\u00ebll, muss och m\u00e9iglechst s\u00e9ier Acc\u00e8s zu all den Neiegkeeten hunn. Als DP Helperknapp w\u00eblle mir all Kommunikatiounsforme f\u00ebrderen (www, Newsletter, sozial Medien, Gemengen-App, asw) an un d\u00e9i digital Ufuerderungen adapt\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Walbedeelegung vun den ausl\u00e4nnesche Matbierger bei de Gemengewale st\u00e4erken.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll sech derfir asetzen datt ausl\u00e4nneschen Awunner bei hirer Umeldung op der Gemeng direkt offr\u00e9iert g\u00ebtt, fir sech an d\u2019Gemengen- an an d\u2019Europawall\u00ebschten anzeschreiwen fir dass si iwwert d\u00e9i domadder verbonne Rechter a Flichten inform\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>E-Verwaltung ausbauen.<\/strong> An de leschte Joren ass scho vill geschitt, fir datt d\u00e9i meescht administrativ Demanden un d\u2019Gemenge k\u00ebnnen online gemaach ginn. D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert d\u00e9i digital Administratioun weider a m\u00e9i s\u00e9ier ausbauen an iwwerall m\u00e9iglech maachen. Doriwwer eraus solle weider all Zort vun net-pers\u00e9inlechen, administrativen Dokumenter a vu politeschen Decisioune k\u00ebnnen op der Internets\u00e4it vun der Gemeng ofgeruff ginn. Paiementer (Rechnungen, Steiertimberen, asw.) solle k\u00ebnne weider mat der Kreditkaart oder mat enger Mobile-payment-App m\u00e9iglech sinn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Report-it.<\/strong> Di nei HelperknAPP d\u00e9i de Sch\u00e4fferot agefouert huet, erm\u00e9iglecht et den Notzer einfach a mat enger spezifescher App der Gemeng iwwert Reparatur- oder Opraumbedarf am \u00ebffentleche Raum z\u2019inform\u00e9ieren. D\u00ebst ass eng einfach mee wichteg Aartaweis fir d\u2019Bierger mat anzebannen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Eng Gemeng mat engem oppenen Ouer.<\/strong> Transparenz an Accessibilit\u00e9it vum Buergermeeschter a vum Sch\u00e4fferot vis-\u00e0-vis vun de Bierger sinn essentiel. Mir w\u00e4erte reegelm\u00e9isseg Biergerspriechstonnen a -versammlungen af\u00e9ieren, an deenen d\u2019Bierger k\u00ebnnen hir Suergen, Problemer a Virschl\u00e9i \u00ebnnerbreeden. Mir stelle s\u00e9cher, datt all Propose a kuerzer Z\u00e4it vun der Verwaltung professionell gekuckt g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Flexibel \u00cbffnungsz\u00e4ite vum Biergerzenter.<\/strong> Nieft den Efforte bei der Digitalis\u00e9ierung vun de Prozeduren, brauche mir Biergerzentere mat flexibelen \u00cbffnungsz\u00e4iten. D\u2019DP Helperknapp setzt sech fir Biergerzenteren an, an deenen d\u2019Leit hir administrativ Kommissioune k\u00ebnnen onkompliz\u00e9iert maachen. D\u2019\u00cbffnungsz\u00e4ite sollen analys\u00e9iert ginn a bei Besoin, un d\u2019Aarbechtsz\u00e4ite vun de Bierger ugepasst ginn. Der DP Helperknapp ass et an deem Kontext awer och wichteg op d\u2019Besoine vun der administrativer Ekipp anzegoen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Biergerparticipatioun ausbauen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp begr\u00e9isst ausdr\u00e9cklech d\u2019Bem\u00e9iunge vum Sch\u00e4fferot fir d\u2019Biergerbedeelegung anzef\u00e9ieren a w\u00ebll d\u00ebs Approche weider f\u00ebrderen an domadder d\u00e9i partizipativ Demokratie st\u00e4erken. An deem S\u00ebnn sollen d\u2019Bierger nei Projete virschloen an doriwwer mat de Gemengeresponsabelen diskut\u00e9iere k\u00ebnnen. All Awunner k\u00ebnnen an hirem Numm, als Kollektiv oder als Ver\u00e4in e Projet areechen, deen zur Versch\u00e9inerung an zur Verbesserung vum Liewen an der Gemeng b\u00e4idroe kann oder soll.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Digitale Rattrapage.<\/strong> Vill Leit hu Problemer mat den neien Technologien. Fir datt si net den Uschloss verl\u00e9ieren, w\u00ebll d\u2019DP Helperknapp sech staark maachen datt d\u2019Gemeng Coursen ubidd, fir d\u00e9i Leit fit ze maache fir d\u00e9i digital Welt. Ob d\u00ebst op den intergenerationnelle Projet gem\u00ebnzt g\u00ebtt, oder als interkommunale Projet opgebaut g\u00ebtt, g\u00ebllt et kuerzfristeg z\u2019analys\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Eng professionell Verwaltung an all de Gemengen. <\/strong>Fir d\u2019DP Helperknapp ass eis Gemeng eng zouverl\u00e4sseg Kontakt- a Serviceverwaltung. Fir de s\u00ebllegen Aufgabe gerecht ze ginn, w\u00e4erte mir d\u2019Ekipp \u00ebnnerst\u00ebtzen an an hir Professionalis\u00e9ierung a Weiderbildung invest\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Flexibel Aarbechtsmodeller f\u00ebrderen.<\/strong> D\u2019DP Helperknapp w\u00ebll dem Changement an der Aarbechtswelt Rechnung droen a begr\u00e9isst d\u2019Af\u00e9iere vum aktuelle Sch\u00e4fferot vum flexibelen Aarbechtsmodell mat Temps de pr\u00e9sence obligatoire, engem Z\u00e4itspuerkonto sou w\u00e9i der M\u00e9iglechkeet vum Homeoffice. D\u00ebst dr\u00e9it zu enger besserer Vereenbarkeet vu Beruff a Famill zou.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Livestreaming vun de Gemengerotss\u00ebtzungen.<\/strong> Nierft den Audio-Opnamen d\u00e9i den aktuelle Sch\u00e4fferot systematis\u00e9iert huet, ass et der DP Helperknapp wichteg datt all interess\u00e9ierte Bierger kann d\u2019S\u00ebtzunge vum Conseil suiv\u00e9ieren. Mir w\u00ebllen dofir analys\u00e9ieren ob all S\u00ebtzung kann a soll gefilmt, an ob se live oder z\u00e4itversat am Internet iwwerdroe soll ginn.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-right\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/programm\/betriber\/\" data-type=\"page\" data-id=\"695\">N\u00e4chst Thema: Betriber<\/a><\/strong><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-group alignfull has-text-color has-background is-layout-flow wp-block-group-is-layout-flow\" style=\"color:#000000;background-color:#cccccc\">\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-large-font-size\" style=\"line-height:.9\"><strong>Nach Fro\u00ebn?<\/strong><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading has-text-align-center has-black-color has-text-color\" id=\"schedule-a-visit\" style=\"font-size:50px;line-height:1.15;text-transform:none\"><strong><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/meet-greets-dp-helperknapp\/\" data-type=\"page\" data-id=\"777\">Kommt op ee vun eise Meet&amp;Greets<\/a><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-buttons is-horizontal is-content-justification-center is-layout-flex wp-container-core-buttons-is-layout-03627597 wp-block-buttons-is-layout-flex\">\n<div class=\"wp-block-button has-custom-width wp-block-button__width-50\"><a class=\"wp-block-button__link has-text-color has-background wp-element-button\" href=\"https:\/\/www.facebook.com\/events\/1003898847447959\" style=\"border-radius:50px;color:#ffffff;background-color:#000000\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Den 28. Mee ab 10:00 Auer um Helpermaart<\/a><\/div>\n<\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-center has-small-font-size\"><em>Oder den 8. Juni op Huelmes<\/em><\/p>\n\n\n\n<div style=\"height:64px\" aria-hidden=\"true\" class=\"wp-block-spacer\"><\/div>\n<\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D\u2019DP Helperknapp w\u00e4ert voll vum Potenzial vun der Digitalis\u00e9ierung profit\u00e9ieren an de Fortschr\u00ebtt an den D\u00e9ngscht vun de Bierger stellen. Dofir w\u00eblle mir d\u2019Iddi vun der Smart City ausbauen a vum Potenzial vun der vernetzter Stad voll aussch\u00f6pfen &#8211; ouni Komprom\u00ebsser beim Dateschutz anzegoen. All Gemeng soll dofir e Sch\u00e4ffen hunn, dee fir de Ber\u00e4ich [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":391,"featured_media":0,"parent":605,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-693","page","type-page","status-publish","hentry","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/693","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/users\/391"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=693"}],"version-history":[{"count":3,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/693\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":829,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/693\/revisions\/829"}],"up":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/605"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/helperknapp\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=693"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}