Inklusioun

Inklusioun

Fir d’DP ass d’Inclusioun e Mënscherecht. Fir eis ass et en zentraalt Uleies, datt Mënsche mat spezielle Besoine kënnen um gesellschaftleche Liewen deelhuelen. All Bierger soll iwwerdeem e méiglechst selbstbestëmmt Liewe féiere kënnen. Den DP-gefouerte Familljeministère huet d’Iddi vun der Inclusioun an de leschte fënnef Joren virubruecht an déi am Joer 2011 ratifizéiert UNO-Behënnerterechtskonventioun konsequent ëmgesat. Esou ass e Bilan gezu ginn – zesumme mat de Vertrieder vun der Zivilgesellschaft an den zoustännege ministerielle Servicer – iwwert d’Ëmsetzung vum Aktiounsplang fir behënnert Leit. Fir datt Mënsche mat Limitten an eeler Leit kënnen ouni Problem um gesellschaftleche Liewe participéieren, huet d’DP d’Ëmsetzung vun neie Mesuren ausgebaut, déi en fräien Zougang – ouni Barrièren – zu ëffentleche Plazen erlaben.

Weider ass e Gesetz op den Instanzewee bruecht ginn, fir eng Assistance zur Inclusioun op der Aarbecht. Entreprisëkréien deemno unerkannten Experten zur Verfügung gestallt, déi d’Aglidderung vu Persoune mat engem Behënnertestatut oder Leit, déi an der Reinsertioun sinn, ënnerstëtzen. D’DP huet schliisslech d’Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch als offiziell Sprooch zu Lëtzebuerg duerchgesat. D’DP geet iwwregens mam gudde Beispill vir: Op eise Kongresser ass allkéiers eng Iwwersetzung an der Gebäerdesprooch an eise Kuerzwalprogramm gëtt an der sougenannter „Leichten Sprache“ publizéiert. Doriwwer eraus ass eise Walprogramm an enger Audio-Versioun disponibel.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp