D’Demokratesch Partei steet fir eng sozial a liberal Politik. Op an der Regierung, an der Chamber, an Europa oder an eise Gemengen, d’DP an hir Vertrieder setzen sech fir méi Liewensqualitéit fir jiddereen an.
Partei
D’Demokratesch Partei, dat si virun allem iwwert 6.000 Memberen, déi sech ënnert der Féierung vun eiser Presidentin Corinne Cahen an dem Generalsekretär Claude Lamberty fir eng besser Zukunft asetzen.
D’DP an der Regierung ass de Garant fir eng sozial a liberal Politik zu Lëtzebuerg. Mam Premierminister Xavier Bettel huet Lëtzebuerg de beschtméigleche Kapitän u senger Spëtzt.
D’Ekipp ronderëm de Fraktiounspresident Gilles Baum an de Chamberpresident Fernand Etgen setzen sech an der Chamber fir d’Interessie vum Land an de Bierger an.
Mir sinn eng duerch an duerch pro-europäesch Partei. De Charles Goerens an d’Monica Semedo setzen sech am europäesche Parlament fir e bessert Europa fir all Bierger an.