Justiz a Rechtsstaat

Justiz a Rechtsstaat

Strofdote konsequent verfollegen a bestrofen

D’DP ass der Meenung, datt grondsätzlech all kriminell Handlung muss verfollegt ginn. De Prinzip vum Ermiessungsspillraum („opportunité des poursuites“) erlaabt et awer dem Parquet eegestänneg ze entscheeden, op e Geriichtsverfaren opgeholl gëtt oder op de Fall classéiert gëtt. Mir wëllen dëse Prinzip begrenzen, andeems mir fir eng Rei vu Strofdote verlaangen, datt de Parquet ëffentlech begrënne muss, wann en e Fall classéiert.

„Comparution immédiate“ aféieren

Nodeems schonns eng „procédure accélérée“ agefouert ginn ass, fuerdert d’DP zousätzlech d’Méiglechkeet vun enger „comparution immédiate“ fir Täter, déi op frëscher Dot ertappt ginn oder géint déi eendeiteg Beweiser virleien. Si sollen sou séier wéi méiglech kënne viru Geriicht gestallt, fir ë.a. d’Geriichter z’entlaaschten. Selbstverständlech musse bei enger „comparution immédiate“ all déi üblech Rechter vum Ugeklote respektéiert ginn.

Verjärungsfrist fir Vergewaltegungen ofschafen

Den Ament verjäre Vergewaltegungen no 10 Joer. Den Täter kann no dëser Frist also net méi zur Rechenschaft gezu ginn. A ville Länner soll déi Frist op 20 oder esouguer 30 Joer verlängert ginn. D’DP wäert déi Frist zu Lëtzebuerg ganz ofschafen, well verschidden Affer eréischt no Joerzéngte capabel sinn, eng Plainte wéinst esou Verbriechen ze maachen. Mir sinn der Meenung, datt dat psychescht Leed vun den Affer net och nach doduercher verstäerkt dierf ginn, datt den Auteur vum Verbriechen dovunner profitéiert, datt d’Affer sech eréischt méi spéit iwwerwanne kënnen, wéinst esou engem Verbrieche juristesch virzegoen.

Alternativ Strofen aféieren

D’DP wäert den aktuelle Strofkatalog iwwerpréiwen a wann néideg un déi haiteg Constellatiounen upassen.. Mir wäerten d’Aféiere vun alternative Strofen, wéi zum Beispill pädagogesch Strofe bei Verkéiersdelikter oder Aarbechten am ëffentlechen Interessi, iwwerpréiwen a se wärend Pilotprojeten testen. Mir setzen eis och fir en differenzéierte Prisong an, deen et Klengkrimineller erlaabt wäert sech erëm méi séier an d’Gesellschaft z’integréieren.

Mediatioun an zivilrechtleche Froe fërderen

Vill zivilrechtlech Prozesser kéinte mat Hëllef vun enger Mediatioun evitéiert ginn. D’DP wäert dofir dës Form vu Konfliktléisung weider fërderen.

Tutelle-Gesetz reforméieren

D’DP wäert eng Reform vum Tutelle-Gesetz duerchféieren, fir besonnesch Mënsche mat enger Behënnerung méi staark doranner ze ënnerstëtzen, fir datt si erëm selwer iwwert hiert Liewen entscheede kënnen. D’Instrument vun der Tutelle gräift momentan ze staark an d’Rechter vu ville Betraffenen an, zum Beispill duerch den automateschen Entzug vum Walrecht. Och fir krank an eeler Leit ass eng Reform vum Tutelles-Gesetz absolut néideg. D’DP wëll dobäi de rigide System vun der Tutelle duerch e System ersetzen, wou déi Betraffen eng Persoun zur Säit kréien, déi hinnen hëlleft (Bäistand). Besonnesch wichteg ass och datt eng reegelméisseg Iwwerpréiwung vum Besoin a vun der Verhältnisméissegkeet vun de Mesure gemaach gëtt.

Personal an der Justiz massiv opstocken

D’DP wäert d’Längt vun de Prozesser op de Lëtzebuerger Geriichter däitlech verkierzen andeems si der Justiz déi néideg personell a finanziell Mëttel gëtt, fir sou effizient wéi méiglech schaffen ze kënnen. De Manktem u Personal an der Justiz wëlle mir ënnert anerem duerch eng Vereinfachung vun der Astellungsprozedur fir Magistrate behiewen.

D’Justiz digitaliséieren

D’DP wäert d’Prozeduren vum Justizapparat digitaliséieren an esou d’Duerchschnëttsdauer vun de Prozesser däitlech verkierzen. Do dernieft wäerte mir d’Justiz méi transparent gestalten, andeems all d’Geriichtsuerteeler um Internet verëffentlecht wäerte ginn.

D’Kompetenze vun de Pecherten („Agents municipaux“) erweideren

D’DP wäert de Gesetzprojet iwwert d’Kompetenze vun de Pecherten („Agents municipaux“) schnellstméiglech ëmsetzen, fir esou d’Police ze entlaaschten. No enger éischter Phase wäert d’DP iwwerpréiwen, ob déi nei Kompetenzen an Ausbildungen och um Terrain gräifen. D’DP wäert uschléissend d’Kompetenze vun de Pecherte weider opmaachen, beispillsweis andeems si och an Zukunft och kënnen Autoen ofschleefe loossen.

Stroosseprostitutioun evitéieren

Nodeems an der leschter Legislaturperiod schonn e Gesetz fir eng besser Protektioun vun den Affer vun der Zwangsprostitutioun gestëmmt ginn ass, wäert d’DP zousätzlech Efforte maachen, fir d’Prostitutioun vun de Lëtzebuerger Stroossen ewech ze kréien. Mir wäerte préiwen, ob eng deelweis Legaliséierung a staatlech kontrolléierten Installatiounen hëllefe kann, fir dat Zil z’erreechen.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp