Kultur

Kultur

Kulturpolitik: Geziilt Fërderung vun de Kënschtler a vun enger kultureller Participatioun fir all d’Leit

Fir d’DP sinn d’Fërderung vun der kultureller Villfalt an d’Wäertschätzung vun de Lëtzebuerger Kulturschaffenden a vun hire Wierker en zentrale Pilier vun der Kulturpolitik.

Fir dësem Usproch gerecht ze ginn, huet den DP-gefouerte Kulturministère säi Budget an dëser Legislaturperiod op knapp 1% vum Staatsbudget erhéicht. Doriwwer eraus sinn zentral Projeten, ewéi d’Archivgesetz an d’Ausschaffe vun engem neien Denkmolschutzgesetz, virugedriwwe ginn. Weider sinn zousätzlech Kënschtleratelieren zur Verfügung gestallt ginn an et goufen nei Subside geschaf, z.B. fir Weiderbildungsmoossnamen. De Kulturministère huet och verstäerkt op den Dialog an den Austausch gesat. Esou gouf et eng breet Debatt mat de Kulturschaffenden op den éischten „Assises culturelles“ . Déi Diskussioune sinn d’Basis fir d’Ausschaffe vum éischte Lëtzebuerger Kulturentwécklungsplang.

An den nächste Jore wäert d’DP d’Leit verstäerkt iwwert de Wee vun der Kultur zesummebréngen an d’Kultur als dagdeegleche Bestanddeel vum ëffentleche Liewen ënnerstëtzen. D’DP wäert d’Professionaliséierung vun der Kulturzeen ënnerstëtzen a sech fir eng besser materiell Situatioun vun de Kulturschaffenden asetzen. Lëtzebuerger Kënschtler sollen an alle Konschtberäicher ënnerstëtzt ginn a si sollen och international méi Geltung kréien. Kulturpolitik ass allerdéngs och Standuertpolitik, déi d’DP mat enger breeder kultureller Offer, och op internationalem Niveau, stäerke wëll. D’DP gesäit d’Nominatioun vun Esch/Uelzecht als europäesch Kulturhaaptstad 2022 als eng exzeptionell Geleeënheet, besonnesch fir d’Kulturentwécklung am Süde vum Land. D’Kollaboratioun mat den anere Gemengen aus dem Süde wäert dofir suergen, datt d’Kulturjoer wäit iwwer d’Grenze vun Esch eraus strale wäert an zu enger neier Dynamik an der Regioun bäidréit. Esouwuel op kreativem, wéi op gesellschaftlechem Niveau.

En neit Gebai fir d’Nationalarchiven

Nodeems d’Nationalbibliothéik op de Kierchbierg plënnert, sollen och d’Nationalarchiven en neit Gebai kréien. Dofir soll op déi neisten Technologien am Beräich vum Archivage, vun der Konservatioun a vun der Publikatioun zeréckgegraff ginn, fir datt d’Institut seng Aufgabe kann op déi bescht Manéier erfëllen. D’DP wäert de Gesetzprojet ënnerstëtzen, fir datt d’Nationalarchive kënnen esou séier wéi méiglech an en neit Gebai plënneren. D’Archivkultur muss an alle Beräicher gefërdert ginn.

E modernt Denkmalschutzgesetz ëmsetzen

D’DP wäert d’Reform vum Denkmalschutzgesetz an dëser Legislaturperiod ëmsetzen. Et geet em transparent a kloer Reegelungen, déi den Erhalt vum archeologeschen, architektoneschen an immateriellen Ierwe vun eisem Land garantéieren. Ënnert der Berécksiichtegung vun internationalen Normen a Reegele wäerten d’Prozedure vereinfacht a kloer Reegelen opgestallt ginn, déi genee definéieren, wéi eng Bausubstanz ënner Denkmalschutz gestallt gëtt. Doduercher gëtt d’Planifikatioun vu Bauprojeten däitlech verbessert. Fir e besseren Iwwerbléck ze kréien, wëll d’DP des Weideren eng digital Kaart mat alle geschützte Gebaier opstellen.

D’Wäertschätzung vum kulturellen Ierwen ofsécheren

Vill Leit si sech der Bedeitung vum Lëtzebuerger Kulturierwen nëmme wéineg oder guer net bewosst. Dofir –an am Sënn vun enger breet ugeluechter Kulturoffer –wëll d’DP , datt d’Vermëttlung an d’Ausstelle vu Sammlungen an de staatleche Muséeëverstäerkt gëtt. An Zesummenaarbecht mat de Glawensgemeinschaften –an am Kader vun themateschen Ausstellungen –sollen och onbekannt Schätz aus Lëtzebuerger Kulthaiser gewise ginn.

 

Zum kulturellen Ierwe vun eisem Land gehéieren net nëmme Monumenter oder materiell Artefakten, ma och immateriell Elementer, ewéi Traditiounen a Gebräich. Och si verdéngen et, fir studéiert, dokumentéiert a weidervermëttelt ze ginn. Dofir setzt d’DP sech fir eng méi staark Wäertschätzung vun dësem Vermiechtnes an der Kulturvermëttlung an.

„Lëtzebuerg-Haus“ als zentral Plaz, fir sech ze begéinen schafen

Lëtzebuerg huet eng besonnesch Identitéit, déi Muencher faszinéiert, ma sech net jidderengem direkt opdeet. D’Lëtzebuerger Sprooch ass fir vill Leit, dee markantste Aspekt vun eisem Land. Ma eis Identitéit huet däitlech méi Facetten: Lëtzebuerg ass regional a weltoppen, et ass traditionell a multikulturell, et schwätzt Lëtzebuergesch a gläichzäiteg vill aner Sproochen. Dës scheinbar Géigesätz maachen onst Land zu deem, wat et ass a sinn zanter Generatiounen déif an eiser Gesellschaft verwuerzelt. Bis elo gëtt et awer keng zentral Plaz, wou déi Villfalt vu Land a Leit, déi hei wunnen a liewen, och praktesch dokumentéiert ass Mir wëllen e „Lëtzebuerg Haus“ als zentral Plaz schafen, fir där besonnescher Zesummesetzung vun eiser Gesellschaft Rechnung ze droen. Domadder soll gewëssermoossen a „Flagship-Store“ vu Lëtzebuerg geschafe ginn, an deem sech alagesiesse Lëtzebuerger, nei Lëtzebuerger an och Visiteure kënnen e Bild maachen: hei soll ee Lëtzebuerg kënne gesinn, héieren, upaken a schmaachen. Et soll also kee Musée ginn, ma eng lieweg Plaz, wou een eis Sproochen, d’Musek, de Sport, d’Natur, d’Geschicht, d’Literatur, d’Gesellschaft an eis Kiche kann erliewen. D’Haus ass geduecht als Spigelbild vun der Lëtzebuerger Identitéit – mat all hire Facetten, hirer Traditioun, hirer Innovatioun an den dozou passenden, kontroversen Diskussiounen doriwwer.

Eng Galerie fir zäitgenëssesch Lëtzebuerger Konscht an e Lëtzebuerger Kënschtlerlexion

D’DP wäert déi vum Kulturminister annoncéiert Galerie fir zäitgenëssesch Lëtzebuerger Kënschtler am fréiere Gebai vun der Nationalbibliothéik („Ale Kolléisch“) realiséieren. Esou sollen nei Talenter eng Méiglechkeet kréien, fir hier Wierker auszestellen. An engems soll d’Kulturzeen ënnerstëtzt ginn. Esou Projete spillen eng wichteg Roll, wéi de Succès vun der Galerie „Konschthaus beim Engel“ weist. Ausserdeem wëll d’DP sech fir e Lëtzebuerger Kënschtlerlexikon – a gedréckter an an digitaler Form – staark maachen.

Oppe Kreativitéitssite schafen

D’Villa Louvigny am Häerz vun der Stad ass e geschichtsträchtegt Gebai mat ville Facetten. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt dësen eemolege Site mat deem oppenen Entourage, muss sënnvoll als kreative Site genotzt ginn, wou Kënschtler kënne schaffen an hir Wierker ausstellen. De Konzertssall soll fir kënschtleresch Optrëtter opgewäert ginn.

D’Digitaliséierung fir d’Vermëttlung vun der Kultur profitéieren

D’DP wëll d’Chance vun der Digitaliséierung och an der Kultur notzen. D’Applikatioune si multipel. Nieft der digitaler Konscht an der Kreativwirtschaft, kann domadder besonnesch d’Vermëttlung vun der Kultur a vun eisem kulturellen Ierwe gefërdert ginn. D’DP wäert déi komplett Digitaliséierung vun de Bestänn an de Muséeën an an den Archive virundreiwen. Eng Digitaliséierung bréngt net nëmmen déi wëssenschaftlech Grondlagefuerschung virun, ma erméiglecht och e bedeitend méi liichten Accès zu de Reserven, déi soss just zu extra Geleeënheeten an Ausstellungen erausgeholl ginn. Doriwwer eraus vereinfacht d’Digitaliséierung e besseren Austausch tëschent de staatleche kulturellen Institutiounen an dem breede Public.

Integratioun a sozial Kohäsioun duerch d’Kultur fërderen

D’Multikulturalitéit ass eng Stäerkt vu Lëtzebuerg an en Deel vun eiser Identitéit. Gelieft Multikulturalitéit dréckt sech zemol doranner aus, wa sech Leit mat verschiddenen Origine begéinen. Kultur hëlleft Brécke queesch duerch d’Gesellschaft ze bauen. Dofir wäert d’DP Manifestatiounen a Programmer fërderen, déi zum tëschemënschlechen Dialog bäidroen, z.B. duerch sougenannt Kulturallyen, bei deene Leit mat verschiddenen Originne kulturell Sehenswierdegkeete kucke ginn an esou zesummekommen.

D’Kooperatioun tëschent de Bibliothéike verdéiwen

Déi ëffentlech Bibliothéike spillen eng wichteg Roll an der Fërderung vun der Kultur. D’Kulturgut Buch muss – nieft digitalen Inhalter an E-Books – erhale bleiwen an d’Bibliothéike mussen hirer Aufgabe vum Sammelen, ma och vum Vermëttelen, gerecht ginn. An engem kleng Land wéi Lëtzebuerg ass et fir d’DP dofir sënnvoll, , d’Ressourcen ze bëndelen an d’Collaboratioun tëschent de grousse Bibliothéiken – wéi der Nationalbibliothéik an der Universitéitsbibliothéik – ze verdéiwen. Weider soll ënnersicht ginn, a wéi enge Beräicher de Service um Lieser muss verbessert ginn. D’Bibliothéiksgesetz iwwerdeems soll kritesch analyséiert ginn an deemno wéi iwwerschafft ginn. Besonnesch am Kontext mat enger administrativer Vereinfachung.

„Bicherbus“ ausbauen

Fir d’DP spillt de „Bicherbus“ eng ganz wichteg Roll, fir den Accès zu der Literatur an zu der Kultur z’erméiglechen, besonnesch an deene Géigende vum Land, wou net direkt eng ëffentlech Bibliothéik ass. D’DP wëll dofir d’Offer vum Bicherbus ausbauen a méi praktesch fir de Client gestalten. Et ass z.B. nëmme wéineg gewosst, datt een sech ka Bicher online bestellen a se vum Bicherbus liwwere loossen.

Gratis Museksunterrecht aféieren

D’Gesetz iwwert de Museksunterrecht muss prinzipiell iwwerschafft ginn. Den DP-gefouerte Kulturministère huet éischt Gespréicher mat de betraffenen Acteure gefouert. D’Ziel ass et, fir de Stellewäert vun der Musek ze verbesseren an d’Zesummenaarbecht tëschent de Museksschoulen, de Bildungs- an de Kannerbetreiungsstrukturen ze verbesseren. D’Finanzéierungsmodalitéite sollen transparent gestalt ginn an et muss sécher sinn, datt alleguerten d’Kanner kënne vun engem Museksunterrecht profitéieren. D’DP wäert landeswäit e gratis Museksunterrecht aféieren.

Lëtzebuerger Konscht am Ausland ënnerstëtzen

Lëtzebuerg soll konsequent an den ënnerschiddleche kulturelle Beräicher op internationalen Evenementer präsent sinn. Domadder sollen d’Lëtzebuerger Konschtzeen an d’Lëtzebuerger Kënschtler sech iwwer d’Grenzen eraus Relevanz verschafe kënnen.

 

An der Bichereditioun huet den DP-gefouerte Kulturministère séchergestallt, datt dëttJoer erëm eng Lëtzebuerger Delegatioun mat engem nationale Stand op der Frankfurter Buchmesse präsent ass –no laange Joren, wou dat net méi de Fall war. Déi Präsenz ass wichteg fir d’Lëtzebuerger Auteuren an Editeuren, fir Kooperatiounen a Kontakter am Ausland ze knäppen. D’DP wäert dofir suergen, datt d’Lëtzebuerger Bicherwelt erëm reegelméisseg op de wichtegste Bicherfoiren an Europa dobäi ass. Am Beräich vun de „Beaux-Arts“ si Pavillonen, wéi op der „Biennale“ vu Venedeg; och eng wichteg Geleeënheet fir Kënschtler, fir sech ze profiléieren. Fir d’DP muss Lëtzebuerg och hei op all de wichtege Rendezvousen dobäi sinn. Am Beräich vun der Musek huet d’ASBL MusicLx an de leschte Joren eng exzellent Aarbecht geleescht, fir Lëtzebuerger Musek am Ausland bekanntzemaachen. D’DP wäert den Export vun der Musek weider ausbauen.

 

D’DP wäert de kulturelle Secteur och bei internationale Visitten a Missioune konsequent abannen, fir eist Land als Kulturplaz bekannt ze maachen an de Bekanntheetsgrad vun de Kënschtler am Ausland ze vergréisseren. Op déi Manéier soll déi grenziwwerschreidend Collaboratioun vu Kultur a Kënschtler gefërdert an déi kulturell Facette vum Nationbranding gestäerkt ginn.

Ateliere fir Kënschtler an Acteure vun der Kreativwirtschaft schafen

D’Kënschtler brauche Plaze fir auszestellen, ma och méi Atelieren. D’DP setzt sech dofir an, datt méi Ateliere fir Lëtzebuerger Kënschtler geschaf ginn.

 

An der Kreativwirtschaft besteet e grousst Potenzial fir d’Lëtzebuerger Konschtzeen an d’Ekonomie. D’Kreativwirtschaft ëmfaasst e breede Spektrum un Aktivitéiten: Konschthandwierk, Design, Graphik, Spillentwécklung oder soss Beruffsprofiller. Fir Synergien tëschent den eenzelen Acteuren ze schafen an d’Innovatioun ze bëndelen, setzt d’DP sech fir genuch Plazen an Atelieren an, wou d’Kënschtler aus der Kreativwirtschaft sech entfale kënnen. Esou wéi am „1535°“ zu Déifferdeng, wëll d’DP nach aner „creative hubs“ uechter d’Land installéieren an dës dynamesch Beweegung ënnerstëtzen.

Eidel Plaze fir kulturell Aktivitéite mobiliséieren

D’DP wäert d’Konscht an d’Kultur méi staark an d’Ëffentlechkeet droen an engem breede Public am Alldag zougänglech maachen. D’DP wäert eng Plattform schafen, fir Proprietäre vun deels eidele Commercen a Kënschtler matenaner a Kontakt ze bréngen. Esou kënne Konschtwierker punktuell dem Grand public virgestallt ginn a Vitrinne vun eidele Butteker kënne sënnvoll profitéiert ginn.

Europäesch Kulturhaaptstad „Esch/Uelzecht 2022“ als Chance fir d’Kultur an d’Kreativwirtschaft notzen

D’DP wäert sech voll a ganz fir de Projet Esch 2022 asetzen. D’DP wäert dofir suergen, datt d’Kënschtler am Kader vum Kulturjoer eng gréisstméiglech Fräiheet kréien an datt eng inklusiv Participatioun vun all den Acteure méiglech ass. D’DP wëll, datt dat europäescht Kulturjoer och no 2022 Spueren am Süde vum Land hannerléisst, an datt d’Kultur- an d’Kreativwirtschaft och laangfristeg vun deem Evenement profitéiert.

Eng regional ausgeglache Kulturpromotioun sécherstellen

D’Kultur ass fir jiddereen. Dofir ass et wichteg, fir eng regional ausgeglachen Offer ze suergen. D’DP wäert dofir kulturell Aktivitéiten – an de Stied an iwwer Land – fërderen an d’Entwécklung vun der Kulturzeen uechter d’ganz Land promouvéieren. Z.B. duerch eng gezillten Ënnerstëtzung vu regionale Kulturmanifestatiounen

Op d’mannst 1% vum Staatsbudget an d’Kultur investéieren

De Kulturministère brauch déi néideg finanziell Moyene fir senger Aufgabe gerecht ze ginn, fir d’Lëtzebuerger Konscht- a Kulturzeen adequat z’ënnerstëtzen an ze fërderen. D’Regierung huet de Budget déi lescht fënnef Joer reegelméisseg an d’Luucht gesat. D’DP wäert konsequent op deem Wee wieder goen an de Budget vun op d’mannst 1% vum Staatsbudget bäibehalen.

De Kulturentwécklungsplang ëmsetzen a mat den „Assises culturelles“ weiderfueren

D’Ausschaffe vun engem Kulturentwécklungsplang an dëser Legislaturperiod huet eng grondleeënd Basis fir d’Kulturfërderung an de kommende Jore geluecht. Duerch eng objektiv Analys vun de Stäerkten a Schwächten vun der Kulturzeen, an ënnert der Bedeelegung vun all de Kulturschaffenden, ass eng ëmfaassend Strategie op d’Bee gestallt ginn, déi op d’Besoine vum Secteur ageet a seng Entwécklung an de kommende Joer optimal begleet. D’DP wäert de Kulturentwécklungsplang an den nächste Jore konsequent ëmsetzen.

 

Di éischt „Assises culturelles“ vu virun zwee Joer hu gewisen, wéi wichteg e reegelméissegen Echange tëscht dem Ministère an de kulturellen Acteure fir d’Entwécklung vu Secteur ass. No de positive Resultater an der konstruktiver Zesummenaarbecht ass et wichteg fir eng koordinéiert Kulturpolitik, datt d’„Assises culturelles“ reegelméisseg widderholl ginn, an datt de Kulturentwécklungsplang reegelméisseg ugepasst gëtt.