{"id":1495,"date":"2024-12-20T08:25:00","date_gmt":"2024-12-20T08:25:00","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/?p=1495"},"modified":"2024-12-20T09:24:17","modified_gmt":"2024-12-20T09:24:17","slug":"stellungnahm-zum-budget-vun-der-dp","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/stellungnahm-zum-budget-vun-der-dp\/","title":{"rendered":"Stellungnahm zum Budget vun der DP"},"content":{"rendered":"\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><em>Frieden Patrick, Sertznig Claire, Wagner Claude<\/em><\/h3>\n\n\n\n<p>W\u00e9i \u00ebmmer zum Schluss vum Joer g\u00ebtt den Budget present\u00e9iert, diskut\u00e9iert, komment\u00e9iert an, ob \u00ebn elo gest\u00ebmmt g\u00ebtt oder net: \u00eb geet \u00ebmmer op.<\/p>\n\n\n\n<p>\u00c9ier ech zum komment\u00e9ieren kommen w\u00ebll ech awer vum Moment profit\u00e9ieren fir kuerz op d\u00e9i lescht 12. M\u00e9int zer\u00e9ckkucken. D\u00e9i duerch den Wiessel un der Sp\u00ebtzt vun der Stad Maacher gepr\u00e4\u00e4gt waren. Wou Monique als \u00e9ischt Buergermeeschtesch vereedegt gouf. S\u00e4itdeem ass eng nei Dynamik am Gemengerot opkomm, a mir als Oppositioun begr\u00e9issen, dat mir m\u00e9i staark an d\u00e9i lafend Projekter mat agebonnen goufen. Och wann ganz am Ufank beim Ausschaffen vum Taxen Reglement fir Poubellen dat nach net de Fall war,&nbsp; sou gouf dat awer vum Monique erkannt an ab do waren mir w\u00e9i gesot besser agebonnen. Och haten&nbsp; mir deen een oder aneren Punkt um Ordre du Jour wou duerch iis Interventiounen nogebessert gouf. Dem Monique an allen Memberen aus dem Sch\u00e4ffen an Gemengerot en Merci fir d\u00e9i fair an goud Zesummenaarbecht hei um D\u00ebsch. E batteren Nogeschmaach l\u00e9isst do leider de Gemengerot vum 10.12.2024. Mir hunn eis an deem Gemengerot kloer zu der Moartplatz position\u00e9iert,&nbsp; eng&nbsp; Zone de Rencontre an engem Sens-unique fir den motoris\u00e9ierten Verk\u00e9ier an d\u2018\u00cbmdr\u00e9ine Entr\u00e9e\/Sortie vum Parking \u201eRengmauer\u201c: Mir hunn esou guer ganz konkret Iddien deen Owend, a Form vu Pl\u00e4ng\/ Skitzen dem Monique weider ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Verwonnert ware mir dunn iwwer een Artikel am Wort den 12. Dezember. Ouni datt de Journalist am Gemengerot war an ouni mat eis geschwat ze hunn, huet d\u00e9i Persoun, d\u00e9i verschidde Punkten d\u00e9i mir virgedroen haten am Wort anescht an deels esou guer falsch duergestallt.<\/p>\n\n\n\n<p>Zous\u00e4tzlech w\u00eblle mir \u00ebnnerstr\u00e4ichen, datt mir als DP \u00ebmmer fair waren an ni Informatiounen no bausse gedroen hunn, \u00e9ier se sprochr\u00e4if waren. Dofir stelle mir elo d\u2019Funktioun vun den Aarbechtss\u00ebtzunge fir d\u2019Zukunft a Fro. W\u00e9i de Begr\u00ebff et scho seet, sollen d\u00ebs S\u00ebtzungen der Ausaarbechtung d\u00e9ngen an net fir definitiv Entscheedungen ze treffen. Bis elo hu mir als DP \u00ebmmer konstruktiv un allen Aarbechtss\u00ebtzungen a Workshops matgewierkt.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Aart a Weis, w\u00e9i et beim Thema vun der Moartplatz awer elo ugefouert gouf, hannerl\u00e9isst awer bei iis \u00eb ganz batteren Nogeschmaach. Mir stellen de positiven Driff aus de leschte M\u00e9int&nbsp; mat deem w\u00e9i et ofgelaf ass&nbsp; fir d\u2019Zukunft a Fro.<\/p>\n\n\n\n<p>Et ginn s\u00e9cherlech d\u00e9i een oder aner Meenung mee mir sinn all hei zum Wuel vun den Bierger aus iiser Stad.&nbsp; En&nbsp; groussen Merci geet un Mataarbechter hei aus dem Haus fir d\u00e9i vill Arbescht iwwer ganz Joar an och zesummestellen vun den Dokumenter vum Budget mee och fir d\u00e9i goud Zesummenaarbecht am D\u00e9inst vum Bierger.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Elo zum Budget:<\/h2>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">En puer Wierder zur Nohaltegkeet.<\/h3>\n\n\n\n<p>Mir haten schonn bei der Sch\u00f6ffenrotserkl\u00e4rung gesot dat et \u00cbmsetzung vum Walprogramm vun der CSV ass mat en puer w\u00e9inegen Gr\u00e9ngen Iddien<\/p>\n\n\n\n<p>Mir sinn Member am Natur Pakt wou d\u2018Gemeen mat engem Punktesystem Zieler festlee\u00ebt an deemno vum Staat Subsiden kr\u00e9it. Datt d\u2018Gemeen lei nach relativ goud do steet, huet \u00ebnnert anerem d\u00ebm Staat seiner rieseger Photovoltaikanlag b\u00e4i d\u00eb Schl\u00e9is ze verdanken.<\/p>\n\n\n\n<p>Divers Moossnamen goufen an der Ried opgezielt: Energie Aspueren, Ofschalten vun der Beliichtung vun den \u00ebffentlechen Gebaier, \u00ebmstellen op LED-Luuchten fir just d\u00ebs ze nennen. D\u00ebst sinn fir iis hautzudaags quasi Normalit\u00e9iten, d\u00e9i souwisou an d\u2019Responsablit\u00e9it vun eener Gemeen rafaalen. Et ass also e gouden Ufank, allerd\u00e9ngs geet et an iisen Aan laang net duer. Hei stelle mir iis d\u2019Fro: Wou sinn d\u00e9i Gr\u00e9ng? Wou sinn d\u00e9i Gr\u00e9ng Iddien?<\/p>\n\n\n\n<p>Beim Bauen g\u00ebtt an iisen Aan net genuch op Nohaltegkeet gekuckt, e Paradabeispill dofir ass d\u00e9i n\u00e9i Busgare&#8230;.Mir hunn elo r\u00e9ischt d\u00e9i \u00e9ischt Photovoltaik , n\u00e4mlech d\u00e9i um neien Centre install\u00e9iert. Et ass Potential do: Haal op Flohr, Stade op Flohr, Tennishaal, an, an, an. Mir w\u00ebllen iis Bierger sensibilis\u00e9ieren fir Panneauen ze install\u00e9ieren. Am Budget stinn&nbsp; 75000\u20ac fir Subsiden fir Energie Renouvelables; hei h\u00e4tten mir iis erwaart dat Gemeen selwer m\u00e9i eegen Anlagen&nbsp; install\u00e9iert fir selwer an Maacher m\u00e9i Energie ze produz\u00e9ieren. Wou gewosst ass dat den Stroumpr\u00e4is an Zukunft klammen w\u00e4ert.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Informatioun an Transparenz<\/h3>\n\n\n\n<p>Am Budget kl\u00ebmmt den Solde vum Bulletin Municipale vun 75000\u20ac op 92500\u20ac; k\u00ebnnt den Bulletin an domat d\u2019 Informatiounen elo m\u00e9i s\u00e9ier bei L\u00e9it? S\u00e9cherlech sinn Printmedien net ewech ze denken, mee d\u2019L\u00e9it w\u00ebllen m\u00e9i s\u00e9ier Inform\u00e9iert ginn och wat am Gemengerot geschwat g\u00ebtt. Hei nach emol den Rappel fir endlech Sitzungen ze Iwwerdroen an och dono am Replay zu Verf\u00fcgung ze stellen. Dat g\u00e9if dann och de Journalisten, d\u00e9i net am Gemengerot waren, m\u00e9i Transparenz ginn a s\u00eb k\u00e9inte (vill\u00e4ischt) m\u00e9i objektiv schreiwen. Awer d\u2019Leit k\u00e9inten sech op alle Fall&nbsp; hier eegen Meenung maachen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Centre Machera<\/h3>\n\n\n\n<p>De Finanzement vun den Evenementer am Centre Machera weist e kloert Ongl\u00e4ichgewiicht op: mat Recetten vun 180.000 \u20ac g\u00e9int Depensen am ordin\u00e4re Budget vun 560.000 \u20ac. W\u00e9i geet dat weider, a w\u00e9i laang k\u00ebnne mir dat stemmen? Wann een bedenkt, dass d\u00ebsen D\u00e9ficit vu bal 400.000 \u20ac ausschliisslech fir Evenementer ass \u2013 ouni d\u2019Salairen an d\u2019Fonctionnementsk\u00e4schten ze ber\u00e9cksiichtegen \u2013 stellt sech d\u2019Fro, ob net eng aner Approche m\u00e9i s\u00ebnnvoll wier. Wier et net besser direkt en oder m\u00e9i extern Event-Organisateuren mat an d\u2019Boot ze huelen, fir de sch\u00e9ine Sall konsequent mat Evenementer ze f\u00ebllen? Et ass evident, dass de Sall m\u00e9i staark un extern Ubidder verlount sollt ginn. Fir dat effektiv \u00ebmzesetzen, br\u00e9icht et Leit aus d\u00ebr Branche sellwer. D\u00ebs Erausfuerderung h\u00e4tt an isen Aen scho l\u00e4ngst missen ugepaakt ginn, fir de Sall optimal ze notzen an de Potenzial voll auszesch\u00ebpfen.&#8221;<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Schoul<\/h3>\n\n\n\n<p>Beim Masterplang vun der Schoul ass elo en Architekten Concours um Lafen, hei Fro: w\u00e4r et net besser gewiescht den Projet anescht \u00ebmzesetzen. Vl\u00e4icht besteet jo nach M\u00e9iglechkeet, no dem Prinzip vun Design and Build oder mat enger Entreprise G\u00e9n\u00e9rale ze plangen. Hei k\u00e9inten wesentlech K\u00e4schten a gespuert ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Verk\u00e9ier Potaschbierg rue Kummert<\/h3>\n\n\n\n<p>An der Sch\u00f6ffenrotserkl\u00e4rung steet \u00cbmgestallten vun der Op an Offaart A1 Potaschbierg an L\u00e9isungen fir eng verbessert Verk\u00e9ierssituatioun, am Budget ass&nbsp; heizou n\u00e4ischt ze fannen. Mir s\u00ebn mat d\u00e4r Iddi d\u2018accord mee d\u00e9i r\u00e9alis\u00e9iert een och net vun Haut op Muer an dat sinn Themen wou Bierger dr\u00ebngend L\u00e9isungen w\u00ebllen gesinn. An dofir&nbsp; mussen elei esu s\u00e9ier w\u00e9i m\u00e9iglech L\u00e9isungen kommen an zwar \u00e9ier d\u2018Industriezone ausgebaut g\u00ebtt. Hei leid d\u2019Liewensqualit\u00e9it vun den Bierger dr\u00ebnner.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Emprunt an Scholdz\u00ebnsen<\/h3>\n\n\n\n<p>Mir w\u00ebssen et an dir w\u00ebsst et och: Waat ee m\u00e9i Su\u00eb l\u00e9int, waat de Boni vum gesamte Budget kurzfrist\u00ebg mi h\u00e9isch ass. Daat m\u00ebscht sech no baussen zwar ganz sch\u00e9in; d\u2018Zuelen t\u00e4uschen awer iwer d\u00e9i r\u00e9ell Situatioun ewech! Well se mat gel\u00e9inte Su\u00ebn gepuscht get. E finalen BONI vun 3,4 Mio \u20ac am Budget rectifi\u00e9 2024: Dat s\u00ebnn n\u00e4ischt aneres w\u00e9i bei der Bank gl\u00e9inte Su\u00ebn fir Arbechten, d\u00e9i am Joer 2024 nach n\u00ebt realis\u00e9iert gi sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir hunn an der Vergaangenheet Emprunt mat gestemmt dat 2021 7mio\u20ac an 2023 12 Mio\u20ac&nbsp; d\u00ebst fir en Projet wou mir \u00ebmmer \u00cbnnerst\u00ebtzt hun, n\u00e4mlech de neie Centre culturel. Dob\u00e4i kommen nach 8,3 Mio\u20ac Subsiden.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Budget ordinaire<\/h3>\n\n\n\n<p>Positiv ass op d\u00e4r anerer S\u00e4it d\u2018Entw\u00e9cklung vun iser Haapt Recette. Wann d\u2019Recetten aus der <em>Gewerbesteier<\/em> plus dem <em>Fond de dotation vum Staat<\/em> am <em>Budget initial<\/em> 2025 \u00ebm 17,2 % iwwer de Betrag klammen, deen 2023 op de Kont iwwerwise gouf: Dann ass et an eener Budgetsried einfach ze erkl\u00e4ren, datt bis 2023 am Budget ordin\u00e4re iis Recetten m\u00e9i s\u00e9ier geklomme s\u00ebn w\u00e9i iis Depensen. Elo s\u00eb m\u00eb awer 2025 an am Budget ordinaire steet do, datt d\u2018Recetten \u00ebm 2.52 % an d\u2018D\u00e9pensen awer \u00ebm 6.52 % an d\u2018Luet ginn. Op ee Joar gekuckt ass dat elo vill\u00e4ischt net dramat\u00ebsch, mee wann d\u2018D\u00e9pensen an deem Rhytmus weider klammen, komme m\u00eb g\u00e4r genouch am ordin\u00e4re Budget (an dann och am Budget extraordinaire) an d\u2018Labrenten. Elei heescht et Fouss b\u00e4im Mol haalen, weil n\u00ebmmen mat eem anst\u00e4nnegen Boni am Ordinaire kri m\u00ebr di zuk\u00fcnfteg Investitiounen an d\u00ebr Zukunft gest\u00e4mmt.<\/p>\n\n\n\n<p>Beem w\u00e4erten eben net an den Himmel wuessen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Personalplanung<\/h3>\n\n\n\n<p>B\u00e4i den D\u00e9penses ordinaires ma\u00ebn eleen d\u2018Personalk\u00e4schten iwer 12 Milliounen \u20ac aus, also ronn 38%. Een gesond Personalplanung ass dofir immens wicht\u00ebg fir een Gemeen, weil s\u00eb n\u00ebmmen esou \u00eb positiven Afloss op d\u2018D\u00e9pensen (an domat op de Budget ordinaire) holle kann.<\/p>\n\n\n\n<p>Ouni&nbsp; d\u2018Aarbecht vum Gemengepersonal och n\u00ebmme ee Jota w\u00ebllen a Fro ze stellen, bleiwwe mir der Meenung, dass fir verschidden Servicer een Audit n\u00e9ideg ass, deen mir iwwri\u00ebns schon \u00ebfters gefroot hunn. W\u00e9i gesot: Et geet net dr\u00ebms irgendeen ze kujen\u00e9ieren, mee et geet dr\u00ebms, d\u2018Organisatioun sou hin ze kr\u00e9ien, datt \u00ebn zefriedent Personal E de beschtm\u00e9iglechste Service um Bierger&nbsp; garant\u00e9ieren kann. Mir stellen eis d\u2019Fro op d\u00e9i aktuell Majorit\u00e9it do d\u00e9i rischteg Schinn fiert.<\/p>\n\n\n\n<p>Aus alle virgenannte Gr\u00ebnn k\u00ebnne mir weder de Budget rectifi\u00e9 2024 nach de&nbsp; Budget 2025 matst\u00ebmmen. D\u00ebst verh\u00ebnnert awer net, datt mir bei wichtege Projee\u00ebn isen accord w\u00e4erte k\u00ebnne gin.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>B.R. 2024 a Budget 2025: Stellungnahm vun der DP Fraktioun: Claude Wagner, Patrick Frieden a Claire Sertznig<\/p>\n","protected":false},"author":396,"featured_media":1410,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[23,22,20,21],"class_list":["post-1495","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-news","tag-claire-sertznig","tag-claude-wagner","tag-gemeenerot","tag-patrick-frieden","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1495","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/users\/396"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1495"}],"version-history":[{"count":5,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1495\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1520,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1495\/revisions\/1520"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/media\/1410"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1495"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1495"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1495"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}