\u00c9ier ech op d\u2019Detailer aginn, w\u00ebll ech d\u00ebs Gelee\u00ebnheet notzen, fir e kuerzen R\u00e9ckbl\u00e9ck op d\u00e9i lescht zwielef M\u00e9int aus der Perspektiv vun der Oppositioun ze maachen.<\/p>\n\n\n\n
E Merci geet un d\u2019Buergemeeschtesch an un all Memberen aus dem Sch\u00e4ffen- a Gemengerot fir d\u00e9i fair a konstruktiv Zesummenaarbecht. Natierlech ginn et och verschidde Meenungen, mee am Endeffekt schaffen mir zesummen am Interessi vun de Maacher Bierger. <\/p>\n\n\n\n
E grousse Merci geet och un d\u2019Mataarbechter vun der Gemeng fir hir konsequent a qualitativ h\u00e9ichw\u00e4erteg Aarbecht \u2013 am Haus an um Terrain.<\/p>\n\n\n\n
Z\u00ebnter dem Wiessel um Buergemeeschterstull ass eng nei Dynamik am Gemengerot entstanen. De Wiessel an der Majorit\u00e9it am Abr\u00ebll \u2013 wou den 8. Gewielten op der L\u00ebscht vun der CSV noger\u00e9ckelt ass \u2013 huet zwar um Pabeier n\u00e4ischt un de Wielerst\u00ebmmen ge\u00e4nnert, mee d\u2019Verh\u00e4ltnisser hu sech irgendw\u00e9i awer verschiebt a schmaachen lo \u00e9ischter w\u00e9i \u00ebn Amer mat B\u00e9ier<\/p>\n\n\n\n
Och dist Joer ass neess op d\u2019Oppositioun gelauschtert ginn. Wann och nach \u00ebmmer n\u00ebt genuch. Am Laf vum Joer hu mir op verschiddene Projeten interven\u00e9iert fir datt nogebessert g\u00ebtt: d\u2019Neigestaltung vun der Maartplaz g\u00ebtt nach eemol iwwerpr\u00e9ift, an am neie Centre Machera hu mir Problemer opgel\u00ebscht, wou fir de gr\u00e9issten Deel L\u00e9isungen an Siicht sinn.
Et ginn awer och Projeten, wou mir net averstanen sinn \u2013 well d\u2019Planung net iwwerzeegt oder well e Gesamtkonzept feelt. Beispill: de Parking op Flohr oder de R\u00e9am\u00e9nagement vun engem Deel vun der Tr\u00e9ier Strooss.
Buergemeeschtesch huet gesot: \u201eMir invest\u00e9ieren mat Aenmooss an si weider drun, d\u2019Ziler vun der Sch\u00e4ffenrotserkl\u00e4rung \u00ebmzesetzen.\u201c Wann een awer op d\u2019Priorit\u00e9iten kuckt, stinn der n\u00e9ng an der Erkl\u00e4rung, dovun sinn der bis elo just zwou ofgeschloss \u2013 an dat sinn d\u00e9i, d\u00e9i schonn an der viregter Legislaturperiod am Chantier waren. Dr\u00e4i Priorit\u00e9iten sinn an der Planung, bei v\u00e9ier ass et roueg. An eisen Aen missten d\u00ebs Priorit\u00e9iten och priorit\u00e4r behandelt ginn, well et Verspriechen un d\u2019Bierger waren.
Bis Enn 2026 belafen d\u2019Emprunten sech op bal 45 Milliounen Euro. D\u2019Remboursementer leien bei ronn 3,5 Milliounen Euro pro Joer, dovun ongef\u00e9ier 1 Millioun Euro Z\u00ebnsen. Dat belaascht den ordin\u00e4ren Budget staark. Z\u00ebnter 2016 ass quasi all Joer en Emprunt opgeholl ginn.
D\u2019Buergemeeschtesch seet: \u201eBeim Emprunt hu mir och nees gespuert\u201c. Et brauch een keen Economist ze sinn, fir ze gesinn, datt d\u00ebs Ausso falsch ass. En
Enn 2026 belafen d\u2019Emprunten sech op bal 45 Milliounen Euro<\/p>\n\n\n\n
<\/p>\n\n\n\n
Z\u00ebnter 2016 ass quasi all Joer en Emprunt opgeholl ginn.<\/p>\n<\/blockquote>\n<\/div>\n<\/div>\n\n\n\n
Zu deene Priorit\u00e9iten, d\u00e9i nach mussen \u00ebmgesat ginn geh\u00e9ieren den Ausbau vun der Grondschoul an der Maison Relais, Neigestaltung vun der Maartplaz, dr\u00ebtt Phase vun der Muselpromenade, de neien Gemeenenatelier, de soziale Wunnengsbau. A w\u00e4erten substantiell Investitiounen erfuerderen. D\u00ebs Projeten stinn am CSV- Wahlprogramm an an der Sch\u00e4ffenrotserkl\u00e4rung. En Verspriechen un den Wieler.
Apropos Verspriechen: d\u2019Emgestaltung vun der Op-\/Offahrt vun der A1 um Potaschbierg, L\u00e9isungen fir de Verk\u00e9iersfloss am Kreesverk\u00e9ier Kummert, Asetzen fir eng Br\u00e9ck iwwer den Hafen direkt op d\u2019A1\u2026 D\u00ebst sinn alles Punkten, d\u00e9i och versprach goufen, mee wou nach n\u00e4ischt geschitt ass. D\u00ebs Projeten droen zu enger besserer Liewensqualit\u00e9it b\u00e4i, mee si brauchen Z\u00e4it a virun allem mussen se och finanz\u00e9iert ginn.
Gl\u00e9cklecherweis bleiwen de Fonds de Dotation de l\u2019\u00c9tat an d\u2019Gewerbesteier h\u00e9ich \u2013 wat awer net dem Verd\u00e9ngscht vum Sch\u00e4ffenrot zouzeschreiwen ass.
Schonns d\u2019lescht Joer hunn mir gewarnt:
D\u00e9penses ordinaires \u00ebm 9% geklommen<\/p>\n\n\n\n
Elo, ee Joer m\u00e9i sp\u00e9it, gesi mir, datt d\u2019D\u00e9penses ordinaires \u00ebm 9% geklommen sinn, d\u2019Recettes ordinaires just \u00ebm 2%. Alt er\u00ebm! Dat m\u00e9cht eis Suergen \u2013 der Majorit\u00e9it anscheinend net.<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n\n\n\n
E puer Detailer aus dem Budget Extraordinaire falen op: Mobilier am Gemengenhaus, Haushaltsmaschinnen an der Maison Relais, elektresch Renforc\u00eb um Camping, p\u00e4dagogescht Material an der Musikschoul, iPads fir d’Schoul. Dat sinn Ersatzk\u00e4schten, d\u00e9i eigentlech an den ordin\u00e4ren Budget geh\u00e9ieren. Zesumme k\u00ebnnt een op bal 300.000 Euro. Soll domat den Budget ordinaire manner belaast ginn oder geet et \u00e9ischter dr\u00ebms D\u00e9pensen vum Budget ordinaire k\u00ebnschtl\u00ebch besser duerzestellen?
Mir w\u00e4erten och an Zukunft konstruktiv matschaffen, am Wuel vun de Bierger. Mir w\u00ebssen, datt muss invest\u00e9iert ginn \u2013 mee net esou, w\u00e9i wann et kee Muer g\u00e9if ginn. An daat Muer steet nach m\u00e9i wi soss an de St\u00e4ren.
Mir w\u00e4erten och an Zukunft konstruktiv matschaffen, am Wuel vun de Bierger. <\/p>\n<\/blockquote>\n<\/div>\n<\/div>\n\n\n\n
Aus all deene Gr\u00ebnn k\u00ebnne mir weder de Budget rectifi\u00e9 2025 nach de Budget 2026 matst\u00ebmmen
Merci.
Sertznig Claire, Frieden Patrick, Wagner Claude<\/em><\/p>\n\n\n\n
<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"
B.R. 2025 a Budget 2026: Stellungnahm vun der DP Fraktioun: Claire Sertznig, Patrick Frieden a Claude Wagner<\/p>\n","protected":false},"author":396,"featured_media":1410,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[23,22,20,21],"class_list":["post-1629","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-news","tag-claire-sertznig","tag-claude-wagner","tag-gemeenerot","tag-patrick-frieden","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1629","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/users\/396"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1629"}],"version-history":[{"count":9,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1629\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1640,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1629\/revisions\/1640"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/media\/1410"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1629"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1629"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/maacher\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1629"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}