{"id":2340,"date":"2023-05-14T17:28:54","date_gmt":"2023-05-14T17:28:54","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/?page_id=2340"},"modified":"2023-05-14T17:47:08","modified_gmt":"2023-05-14T17:47:08","slug":"eise-walprogramm-kapitel-3-eng-nohalteg-gemeng","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/eise-walprogramm-kapitel-3-eng-nohalteg-gemeng\/","title":{"rendered":"Eise Walprogramm &#8211; Kapitel 3: Eng nohalteg Gemeng"},"content":{"rendered":"\n<h1 class=\"wp-block-heading\">Energie a Klima <\/h1>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\"><em>Fir en effiziente Klimaschutz, mussen alleguerten d\u2019Acteuren un engem Strack z\u00e9ien. D\u2019Gemengen hunn hei eng besonnesch Responsabilit\u00e9it an domadder eng Virbildfunktioun. D\u2019DP w\u00ebll de Klimaschutz op lokalem Niveau dofir konsequent st\u00e4erken. Mir w\u00ebllen d\u2019Gemenge m\u00ebttelfristeg ganz klimaneutral kr\u00e9ien. Mir w\u00ebllen d\u00e9i erneierbar Energien ausbauen, d\u00e9i kommunal Gebaier energeetesch san\u00e9ieren an d\u2019Energieeffizienz steigeren. An deem Kontext m\u00e9cht d\u2019DP sech och staark fir en doucen \u00cbmgang mat eisen natierleche Ressourcen a w\u00e4ert de Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft an alle Hisiichte respekt\u00e9ieren. De Bierger soll och duerch Sensibilis\u00e9ierungscampagnen an duerch geziilten H\u00ebllefe fir klimafr\u00ebndlech Mesure m\u00e9i staark agebonnen an \u00ebnnerst\u00ebtzt ginn.<\/em><\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Virbildfunktioun.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u00e9i \u00ebffentlech Hand muss hirer Virbildfunktioun a punkto erneierbaren Energien an Energieeffizienz gerecht ginn an op deementspriechend Technologien \u00ebmstellen. D\u2019DP erhofft sech doduerjer e Schub fir d\u2019Produktioun a fir d\u2019Erfuerschung vun erneierbaren Energien.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Greening vun der Gemeng.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019Klimakris ass en Challenge fir eis Stied an Dierfer. Eng adapt\u00e9iert Beplanzung h\u00eblleft besonnesch am Summer fir d\u2019Temperaturen am \u00ebffentleche Raum ze reduz\u00e9ieren an esou d\u2019Liewensqualit\u00e9it vun de Biergerinnen a Bierger ze verbesseren. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert \u2013 do, wou et m\u00e9iglech ass \u2013 h\u00ebllefen, fir Gebaier an Diecher ze beplanzen. Mier w\u00ebllen eng Campagne dofir maachen. D\u2019Biergerinnen a Bierger sollen och op eng Berodung bei der Gemeng zr\u00e9ckgr\u00e4ife k\u00ebnnen, fir d\u00e9i richteg Beplanzung ze plangen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Dr\u00e9nkwaasserspender.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert op \u00ebffentlechen a vill frequent\u00e9ierte Plazen (Parken, Spillplazen, Hondsterrain) fr\u00e4i accessibel Dr\u00e9nkwaasserspender opstellen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Parrainage fir \u00ebffentlech Gr\u00e9ngfl\u00e4chen a Infrastrukturen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll \u00ebffentlech Gr\u00e9ngfl\u00e4chen an Infrastruktur fir Patenschaften opmaachen. Engers\u00e4its sollen d\u2019Bierger, Schoulen oder Betriber d\u2019M\u00e9iglechkeet kr\u00e9ien, fir sech \u00e9ierenamtlech \u00ebm d\u2019Beplanzung an d\u2019Fleeg vu Gemeinschaftsg\u00e4ert, Blummebeeter, Planzebacken, asw. ze bek\u00ebmmeren. Anerers\u00e4its sollen z.B. Entreprise k\u00ebnne Parrainage vun Infrastrukturen (\u00eb.a. Dr\u00e9nkwaasserspender oder B\u00e4nken) iwwerhuelen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Ausbau vu klimaneutraler Stroumversuergung.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll d\u2019M\u00e9iglechkeete fir d\u2019Produktioun vun erneierbaren Energien an der Gemeng voll ausnotzen. All \u00ebffentlech Gebaier (Gemeng, Schoul, Sportshal, asw.) sollen esou s\u00e9ier ew\u00e9i m\u00e9iglech mat lokal produz\u00e9iertem Stroum versuergt ginn. Mir w\u00e4erten dofir d\u2019Installatioun an d\u2019Notzung vu Photovoltaik-Anlagen op den Diech vu Gemengegebaier konsequent ausbauen. D\u2019Iwwerproduktioun k\u00e9int eventuell verkaf an an d\u2019Stroumnetz agespeist ginn.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img fetchpriority=\"high\" decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"683\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Solar-panel-pixabay-1024x683.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-2354\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Solar-panel-pixabay-1024x683.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Solar-panel-pixabay-300x200.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Solar-panel-pixabay-768x512.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Solar-panel-pixabay-1536x1024.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Solar-panel-pixabay.jpg 1920w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><figcaption class=\"wp-element-caption\">Photo: Pixabay<\/figcaption><\/figure>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>M\u00e9i Luucht, manner Energie.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019Stroossebeliichtung m\u00e9cht e substantiellen Deel vun eisem Stroumverbrauch aus. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll all Gemengebeliichtung&nbsp; op d\u00e9i energieeffizient LED-Technologie \u00ebmstellen a wa m\u00e9iglech mat engem Dimmer a mat Beweegungssensoren equip\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Bierger abannen a sensibilis\u00e9ieren.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Op Basis vum nationale Klimabiergerrot, w\u00ebll d\u2019DP d\u2019Bierger och op lokalem Niveau m\u00e9i staark beim Ausschaffe vu konkreten, klimapolitesche Mesuren abannen. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert och reegelm\u00e9isseg Informatiouns- a Sensibilis\u00e9ierungscampagne fir Erwuessener, Jugendlecher a fir Kanner organis\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Energieberodung<\/strong>.<\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Zous\u00e4tzlech zu den nationale Berodungszenteren, ew\u00e9i der Klimaagence, w\u00e4ert d\u2019DP Gemeng Mamer d\u2019Berodungsoffere fir privat St\u00e9it a fir Betriber ausbauen. Duerch Informatiouns- a Sensibilis\u00e9ierungscampagne soll iwwerdeems och d\u2019Gemengepersonal zum Energiespueren anim\u00e9iert ginn. En Energieberoder vun der Gemeng soll de Biergerinnen a Bierger sou konkret w\u00e9i m\u00e9iglech soe k\u00ebnnen, wat fir eng K\u00e4schten an Aspuerunge si bei hiren Energierspuerprojeten erwaarden.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Klima- an \u00ebmweltfr\u00ebndlecht Bauen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert dofir suergen, datt all kommend Bauprojeten dem h\u00e9chsten energeetesche Stand entspriechen. Bei Gemengegebaier soll besonnesch op \u00ebmweltfr\u00ebndlecht Baumaterial, w\u00e9i z.B. Holz, an op eng Planung nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft uecht gedoe ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Energeetesch San\u00e9ierung.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer setzt sech fir en allgemengen Investitiounsprogramm op alle Verwaltungsniveauen an, fir \u00ebffentlech Ariichtungen energeetesch ze san\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Klimafr\u00ebndlech Subventiounen ausbauen.<\/strong><strong><\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Zous\u00e4tzlech zu de staatleche Subventioune fir erneierbar Energien, fir energeetesch San\u00e9ierung oder klimaneutral Mobilit\u00e9it, w\u00e4ert d\u2019DP Gemeng Mamer op Gemengenniveau d\u2019Subventiounen upassen, resp. neier af\u00e9ieren, fir esou weider staark Ureizer fir d\u2019Bierger ze schafen. Och de Kaf vun energieeffizienten Haushaltsapparate soll gef\u00ebrdert ginn, besonnesch fir akommesschwaach St\u00e9it.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>H\u00e9chst Zertifiz\u00e9ierung beim Klimapakt 2.0.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Mamer ass Member vum Klimapakt 2.0. Mier w\u00e4erten dorops hi schaffen, dass eis Gemeng d\u00e9i h\u00e9chsten Zertifiz\u00e9ierung fir virbildlech Klimaschutzmoossname kritt.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"768\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8673-1024x768.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-1860\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8673-1024x768.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8673-300x225.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8673-768x576.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8673-1536x1152.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8673-2048x1536.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Nohalteg Ressource gebrauchen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP setzt sech dofir an, datt Wueren a Servicer, d\u00e9i vun de Gemenge kaf ginn, m\u00e9iglechst h\u00e9ijen \u00cbmwelt-, Sozial- a Governance-Kritt\u00e4ren (ESG) entspriechen. D\u2019Gemeng soll Projeten \u00ebnnerst\u00ebtzen fir Gebaier aus recycelte Materialien opzeriichten. Och d\u2019Uschafen an d\u2019Installatioun vu Reewaassertanke solle vun der Gemeng \u00ebnnerst\u00ebtzt ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Soumissiounen no Nohaltegkeetskritt\u00e4ren.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Zous\u00e4tzlech zu den \u00fcbleche finanzielle Kritt\u00e4re bei \u00ebffentlechen Ausschreiwungen, sollen och Facteuren ew\u00e9i \u00cbmweltverdr\u00e9iglechkeet, Kreeslafwirtschaft, schounende Waasserverbrauch an Energieeffizienz an d\u2019Konditioune vun de Soumissiounen agebaut ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Antigaspi<\/strong><strong>-Gemeng.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Een Dr\u00ebttel vun de Liewensm\u00ebttel op der Welt g\u00ebtt ewechgeh\u00e4it, w\u00e4rend vill Leit op der Welt Honger leiden an et Enkp\u00e4ss bei der Versuergung mat Weess g\u00ebtt. Niewent eiser ethescher Verflichtung, fir sech deem Problem unzehuelen, dierf dob\u00e4i och net d\u00e9i \u00f6kologesch Dimensioun vum Problem vergiess ginn. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert dofir suergen, datt d\u2019Gemeng d\u2019Bierger iwwert d\u2019Campagne antigaspi.lu zu deem Thema sensibilis\u00e9iert. Weider f\u00ebrdert d\u2019DP d\u2019Zesummenaarbecht vun der Gemeng mat den Acteure vum Foodsharing.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Nohalteg Notzung vun de B\u00ebscher.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Mir \u00ebnnerst\u00ebtzen d\u00e9i nohalteg Neesopforstung a Bewirtschaftung vum B\u00ebsch, z.B. als Energiequell fir Holzhackschn\u00ebtzelheizungen oder fir klassesch Holzheizungen. Doriwwer eraus setze mir eis dofir an, datt d\u00e9i nohalteg Forstwirtschaft mat der regionaler Wirtschaftsentw\u00e9cklung verkn\u00ebppt a gef\u00ebrdert g\u00ebtt; \u00eb.a. fir w\u00e4it Transporter ze vermeiden.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"768\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-8-1024x768.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-2196\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-8-1024x768.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-8-300x225.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-8-768x576.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-8-1536x1152.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-8-2048x1536.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Aktive Buedemschutz.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Den aktive Schutz vum Buedem geh\u00e9iert zu den absolutte Priorit\u00e9iten am \u00cbmweltber\u00e4ich. D\u2019DP w\u00e4ert net n\u00ebmme verh\u00ebnneren, datt den Zoustand vun eise Biedem sech weider verschlechtert, ma mir w\u00e4erten och dofir suergen, datt d\u00e9i scho verknaschte Biedem san\u00e9iert ginn. Fir eng qualitativ h\u00e9ichw\u00e4erteg Dr\u00e9nkwaasserversuergung ass en effiziente Quelleschutz absolut noutwenneg.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Biodiversit\u00e9it sch\u00fctzen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Och op lokalem Niveau spillt d\u2019Widderstandsf\u00e4egkeet vun eisen \u00d6kosystemer eng immens wichteg Roll. Dofir w\u00e4ert d\u2019DP Gemeng Mamer den Asaz vu Planzeschutzm\u00ebttel reduz\u00e9ieren, d\u2019Uertschafte m\u00e9i begr\u00e9ngen, Gemengewisen a Gr\u00e9ngfl\u00e4che laanscht d\u2019Stroossen dem Fauchage tardif no \u00ebnnerhalen a lokal Biotopen, ew\u00e9i Fiichtwisen, proteg\u00e9ieren an renatur\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large is-resized\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-2-1024x768.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-2178\" width=\"1000\" height=\"750\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-2-1024x768.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-2-300x225.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-2-768x576.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-2-1536x1152.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Natur-Cap-Holzem-2-2048x1536.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 1000px) 100vw, 1000px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Alternativen zur Buedemversigelung ausbauen.<\/strong><strong><\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll bei \u00ebffentlechen Infrastrukturen, ew\u00e9i z.B. beim Bau vun neie Parkplazen, m\u00e9iglechst op Fl\u00e4cheversigelung verzichten a se duerch Eco-Parkplazen ersetzen. D\u00e9i Formule mat hire Wuesgittere l\u00e9isst d\u2019Waasser n\u00e4mlech an de Buedem duerchlafen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>M\u00e9i op Reewaasser zer\u00e9ckgr\u00e4ifen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Och L\u00ebtzebuerg leit \u00ebmmer m\u00e9i \u00ebnner Waassermanktem. Bei San\u00e9ierungen a beim Neibau vu kommunalen Ariichtunge w\u00eblle mir dofir Systemer fir d\u2019Opf\u00e4nke vu Reewaasser aplangen, dat da fir d\u2019Sanit\u00e4ranlage gebraucht g\u00ebtt. D\u2019DP Gemeng Mamer \u00ebnnerst\u00ebtzt d\u2019Konzept vum Modell Sponge city, bei deem d\u2019Reewaasser lokal opgefaangen a gesp\u00e4ichert g\u00ebtt, amplaz datt et just kanalis\u00e9iert an oflafe gelooss g\u00ebtt. Esou k\u00ebnnen \u00eb.a. och d\u2019Beem am \u00ebffentleche Raum bew\u00e4ssert ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>H\u00e9ichwaasserschutz verbesseren, Waasserleef renatur\u00e9ieren.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u00e9i lescht Joren hunn eis d\u2019Wichtegkeet vum H\u00e9ichwaasserschutz op eng dramatesch Man\u00e9ier gewisen. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert en \u00ebmfaassend Konzept fir den H\u00e9ichwaasserschutz entw\u00e9ckelen an zemol d\u2019Renatur\u00e9ierung vun de Waasserleef an de Gemengen virundreiwen. An engems w\u00e4ert d\u2019DP Gemeng Mamer an d\u2019Protektioun vun Objeten invest\u00e9ieren, fir menac\u00e9iert Gebaier beschtm\u00e9iglech op all Risike virzebereeden, zum Beispill duerch mobil Schleisen. D\u2019DP w\u00e4ert och grouss, \u00ebnnerierdesch Waassersammelbecken ulee\u00ebn, an d\u00e9i d\u2019Waasser bei staarkem Reen kann opgefaange ginn, fir esou Iwwerschwemmungen ze verh\u00ebnneren. D\u00e9i Reserve k\u00ebnnen dann an Dr\u00e9cheperioden z.B. fir d\u2019Netze profit\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Gew\u00e4sserschutz verbesseren.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Et k\u00ebnnt \u00ebmmer er\u00ebm zu Pollutioune vun eise Gew\u00e4sser, wat eng substantiell Belaaschtung vun der Waasserqualit\u00e9it a vun der Flora&amp;Fauna bedeit; sief et duerch Chantieren, sief et duerch illegal Offallentsuergung. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert sech dofir asetzen, datt de Pollueur m\u00e9i ferm zur Rechenschaft gezu g\u00ebtt. Mir w\u00e4erten och reegelm\u00e9isseg Aktiounsdeeg organis\u00e9ieren. D\u2019Gemeng soll, a Collaboratioun mat allen Acteuren, Quelle sch\u00fctzen.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"768\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Mamerdall-5-1024x768.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-2106\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Mamerdall-5-1024x768.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Mamerdall-5-300x225.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Mamerdall-5-768x576.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Mamerdall-5-1536x1152.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Mamerdall-5-2048x1536.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<p><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/eise-walprogramm-fir-eng-modern-an-innovativ-gemeng\">Zr\u00e9ck bei de Sommaire vum Walprogramm.<\/a><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Energie a Klima Fir en effiziente Klimaschutz, mussen alleguerten d\u2019Acteuren un engem Strack z\u00e9ien. D\u2019Gemengen hunn hei eng besonnesch Responsabilit\u00e9it an domadder eng Virbildfunktioun. D\u2019DP w\u00ebll de Klimaschutz op lokalem Niveau dofir konsequent st\u00e4erken. Mir w\u00ebllen d\u2019Gemenge m\u00ebttelfristeg ganz klimaneutral kr\u00e9ien. Mir w\u00ebllen d\u00e9i erneierbar Energien ausbauen, d\u00e9i kommunal Gebaier energeetesch san\u00e9ieren an d\u2019Energieeffizienz steigeren. [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":376,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-2340","page","type-page","status-publish","hentry","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2340","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/users\/376"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2340"}],"version-history":[{"count":9,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2340\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":2379,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2340\/revisions\/2379"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2340"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}