{"id":2343,"date":"2023-05-14T17:19:15","date_gmt":"2023-05-14T17:19:15","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/?page_id=2343"},"modified":"2023-05-14T17:51:38","modified_gmt":"2023-05-14T17:51:38","slug":"eise-walprogramm-kapitel-4-e-liewenswaert-a-modernt-liewen-an-der-gemeng","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/eise-walprogramm-kapitel-4-e-liewenswaert-a-modernt-liewen-an-der-gemeng\/","title":{"rendered":"Eise Walprogramm &#8211; Kapitel 4: E liewensw\u00e4ert a modernt Liewen an der Gemeng"},"content":{"rendered":"\n<h1 class=\"wp-block-heading\">Eng digital, biergerno an transparent Gemeng<\/h1>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\"><em>D\u2019DP w\u00e4ert voll vum Potenzial vun der Digitalis\u00e9ierung profit\u00e9ieren an de Fortschr\u00ebtt an den D\u00e9ngscht vun de Bierger stellen.<\/em><\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Eng smart Gemeng.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll d\u2019Iddi vun der Smart City ausbauen a vum Potenzial vun der vernetzter Gemeng voll aussch\u00ebpfen &#8211; ouni Komprom\u00ebsser beim Dateschutz anzegoen. Eis Gemeng soll dofir eng Sch\u00e4ffin oder e Sch\u00e4ffen hunn, dee fir de Ber\u00e4ich Digitalis\u00e9ierung responsabel ass.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Gratis surfen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert de Bierger an den Touristen op staark frequent\u00e9ierte Plazen Acc\u00e8s zu engem gratis a stabelen Internet ubidden. Dat verbessert d\u2019Attraktivit\u00e9it vun der Gemeng.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img fetchpriority=\"high\" decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"768\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8895-1024x768.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-2034\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8895-1024x768.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8895-300x225.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8895-768x576.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8895-1536x1152.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/IMG_8895-2048x1536.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Ausbau vum Glasfaser-Reseau.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Den Acc\u00e8s zu s\u00e9ierem Internet ass eng Grondviraussetzung, fir den digitale Wandel an der Aarbechtswelt m\u00e9iglech ze maachen. D\u2019DP setzt sech fir e fl\u00e4chendeckend High-speed-Netz fir d\u2019Bierger, d\u2019Betriber an d\u2019Schoulen an.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Liicht verst\u00e4ndlech a m\u00e9isproocheg Kommunikatioun.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Mir w\u00e4erten alles \u00ebnnerhuelen, fir d\u2019Sproochebarri\u00e8ren hei am Land z\u2019iwwerwannen an d\u2019Kommunikatioun mat de Bierger esou einfach a verst\u00e4ndlech ew\u00e9i m\u00e9iglech ze halen. Dozou geh\u00e9iert och d\u2019Disponibilit\u00e9it vu liicht accessibelen a m\u00e9isproochegen Internets\u00e4ite vun de Gemengen. D\u2019Kommunikatioun soll och der demographescher Realit\u00e9it an der Gemeng entspriechen. Et solle Gruppe vu Leit zesumme gesat ginn, fir d\u00e9i Kommunikatiounsoffer ze testen. Mamer TV soll esou reform\u00e9iert ginn, dass nieft de politesch Responsabelen och d\u2019Biergerinnen a Bierger m\u00e9i zu Wuert kommen. Och hei soll eng m\u00e9isproocheg Approche an d\u2019Entw\u00e9cklung vum neie Konzept afl\u00e9issen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>D\u2019Diversifikatioun an der Kommunikatioun weiderentw\u00e9ckelen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Als DP setze mir eis weider fir eng modern, digital, inklusiv, interaktiv an zilorient\u00e9iert Kommunikatioun an de Gemengen an. Jiddereen, dee sech inform\u00e9iere w\u00ebll, muss och m\u00e9iglechst s\u00e9ier Acc\u00e8s zu all den Neiegkeeten hunn. Als DP w\u00eblle mir all Kommunikatiounsforme f\u00ebrderen (SMS2Citizen, Newsletter, sozial Medien, Homepage, Gemengen- an Noperschafts-App) an un d\u00e9i digital Ufuerderungen adapt\u00e9ieren. D\u2019Kommunikatioun leeft awer net just iwwer den Internet. Dofir w\u00eblle mir op strategesch wichtege Plazen grouss Ecranen opriichten, d\u00e9i wesentlech Neierungen an Evenementer an der Gemeng annonc\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Walbedeelegung vun den ausl\u00e4nnesche Matbierger bei de Gemengewale st\u00e4erken.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert den ausl\u00e4nneschen Awunner bei hirer Umeldung op der Gemeng direkt offr\u00e9ieren, fir sech an d\u2019Gemengen- an an d\u2019Europawall\u00ebschten anzeschreiwen a si iwwert d\u00e9i domadder verbonne Rechter a Flichten z\u2019inform\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>E-Verwaltung ausbauen.<\/strong><strong><\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">An de leschte Joren ass scho vill geschitt, fir datt d\u00e9i meescht administrativ Demanden un d\u2019Gemenge k\u00ebnnen online gemaach ginn. D\u2019DP w\u00e4ert d\u00e9i digital Administratioun weider a m\u00e9i s\u00e9ier ausbauen an iwwerall m\u00e9iglech maachen. Doriwwer eraus soll all Zort vun net-pers\u00e9inlechen, administrativen Dokumenter a vu politeschen Decisioune k\u00ebnnen op der Internets\u00e4it vun der Gemeng ofgeruff ginn. Weider sollen all Paiementer (Rechnungen, Steiertimberen, asw.) k\u00ebnne mat der Kreditkaart oder mat enger Mobilepayment- App m\u00e9iglech sinn. Mir w\u00e4erten d\u2019Webs\u00e4it <a href=\"http:\/\/www.mamer.lu\">www.mamer.lu<\/a> an deem S\u00ebnn komplett iwwerhuelen an se zu enger moderner Plattform ausbauen, d\u00e9i fir jiddereen accessibel ass. Anengems soll d\u2019Mamer-App esou weider entw\u00e9ckelt ginn, dass all Informatiounen an Demarchen och iwwer de Wee zoug\u00e4nglech gemaach ginn. D\u2019Biergerinnen a Bierger sollen d\u2019M\u00e9iglechkeet kr\u00e9ien, fir automatesch um Lafende gehalen ze ginn iwwer administrativ Neierungen, iwwer politesch Decisiounen oder iwwer d\u2019Manifestatiounskalenneren. D\u2019Biergerinnen a Bierger solle wiele k\u00ebnnen, ob si de Gemengebuet an digitaler Form oder an Drockform bez\u00e9ie w\u00ebllen.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"768\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Website-Mamer-1024x768.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-2349\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Website-Mamer-1024x768.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Website-Mamer-300x225.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Website-Mamer-768x576.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Website-Mamer-1536x1152.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Website-Mamer-2048x1536.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Eng Gemeng mat engem oppenen Ouer.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Transparenz an Accessibilit\u00e9it vum Buergermeeschter a vum Sch\u00e4fferot vis-\u00e0-vis vun de Bierger sinn essentiel. Mir w\u00e4erte reegelm\u00e9isseg Biergerspriechstonnen a -versammlungen organis\u00e9ieren, an deenen d\u2019Bierger k\u00ebnnen hir Suergen, Problemer a Virschl\u00e9i \u00ebnnerbreeden. Mir stelle s\u00e9cher, datt all Propose a kuerzer Z\u00e4it vun der Verwaltung professionell gekuckt g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Biergerparticipatioun ausbauen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Als DP Gemeng Mamer w\u00eblle mir d\u2019Biergerbedeelegung weider f\u00ebrderen an domadder d\u00e9i participativ Demokratie st\u00e4erken. An deem S\u00ebnn sollen d\u2019Bierger nei Projete virschloen an doriwwer mat de Gemengeresponsabelen diskut\u00e9iere k\u00ebnnen. All Awunner k\u00ebnnen an hirem Numm, als Kollektiv oder als Ver\u00e4in e Projet areechen, dee graff gesot, zur Versch\u00e9inerung an zur Verbesserung vum Liewen an de Gemenge b\u00e4idroe soll.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Digitale Rattrapage.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Vill Leit hu Problemer mat den neien Technologien. Fir datt si net den Uschloss verl\u00e9ieren, sollen d\u2019Gemenge Coursen ubidden, fir d\u00e9i Leit fit ze maache fir d\u00e9i digital Welt. D\u2019Gemeng soll awer och eng Plattform ubidden, d\u00e9i Leit zesumme br\u00e9ngt, d\u00e9i digital H\u00ebllef brauchen a Leit, d\u00e9i \u00cbnnerst\u00ebtzung k\u00ebnnen ubidden.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Eng professionell Verwaltung an all de Gemengen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Fir d\u2019DP ass d\u2019Gemeng eng zouverl\u00e4sseg Kontakt- a Serviceverwaltung. Fir de s\u00ebllegen Aufgabe gerecht ze ginn, w\u00e4ert d\u2019DP Gemeng Mamer an d\u2019Professionalis\u00e9ierung an an d\u2019Weiderbildung vum ganze Personal invest\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Flexibel Aarbechtsmodeller f\u00ebrderen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll dem Changement an der Aarbechtswelt Rechnung droen an dem Wonsch vu ville Gemengebeamten no&nbsp; flexibelen Aarbechtsmodeller an no enger besserer Vereenbarkeet vu Beruff a Famill nokommen. Deelweisen Homeoffice soll do m\u00e9iglech sinn, wou et S\u00ebnn m\u00e9cht.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Livestreaming vun de Gemengerotss\u00ebtzungen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Fir d\u2019DP muss all interess\u00e9ierte Bierger k\u00ebnnen d\u2019S\u00ebtzunge vum Conseil suiv\u00e9ieren. Mir setzen eis dofir an, datt all S\u00ebtzung soll gefilmt a live oder z\u00e4itversat am Internet iwwerdroe g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"531\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2022\/12\/Conseil-communal-Mamer-1024x531.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-330\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2022\/12\/Conseil-communal-Mamer-1024x531.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2022\/12\/Conseil-communal-Mamer-300x156.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2022\/12\/Conseil-communal-Mamer-768x398.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2022\/12\/Conseil-communal-Mamer-1536x796.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2022\/12\/Conseil-communal-Mamer-2048x1062.jpg 2048w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<h1 class=\"wp-block-heading\">Betriber<\/h1>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\"><em>M\u00ebttelst\u00e4nneg Betriber sinn de R\u00e9ckhalt vu gesonde Gemengen an droen zum groussen Deel zur Attraktivit\u00e9it an zur Beliewung vun den Dierfer a Stied b\u00e4i. Dofir verd\u00e9ngen den Erhalt an d\u2019Implantatioun vun Entreprisen a Gesch\u00e4fter d\u00e9i ganz Opmierksamkeet vun der Gemengepolitik. D\u2019DP tr\u00ebtt och ganz kloer fir d\u2019F\u00ebrderung vum Eenzelhandel \u2013 och am l\u00e4ndleche Raum \u2013 an.<\/em><\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Erhalt vum Eenzelhandel.<\/strong><strong><\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP setzt sech dofir an, datt de Wee zu essenziellen Akeef a Servicer fir de Bierger esou kuerz ew\u00e9i m\u00e9iglech bleift. Mir w\u00e4erten eis weider fir den Erhalt vum Eenzelhandel an den Uertschaften asetzen. Wou dat net m\u00e9iglech ass, w\u00e4erte mir eis am Dialog fir den Ausbau vun alternative Modeller asetzen (mobil Filialen, ambulante Verkaf). Mir w\u00e4erten testen, w\u00e9i ges\u00e9chert Distributeuren mat Basis-Wueren aus lokaler a regionaler Produktioun op strategesche Plazen an der Gemeng ugeholl ginn a si perennis\u00e9iere, wann d\u00e9i Offer positive opgeholl g\u00ebtt. Lokal M\u00e4ert sollen am Zentrum vun den Dierfer stattfanne.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Schafe vun engem lokalen Entreprener-Forum.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Mir w\u00ebllen zu Mamer eng Plattform mat den Entreprisen a Gesch\u00e4fter &#8211; eventuell mat dem Gesch\u00e4ftsverband &#8211; organis\u00e9ieren, an d\u00e4r si sech k\u00ebnnen iwwer hir Uleies austauschen. Reegelm\u00e9isseg soll zu Mamer en Jobdag organis\u00e9iert ginn, fir lokal Betriber mat Aarbechtssichender an der Gemeng an an der Regioun zesummenzebr\u00e9ngen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Industrie- an Handelszone weider f\u00ebrderen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP w\u00ebll weider op kommunal an op regional Industrie- an Handelszone setzen, an deene sech schonn etabl\u00e9iert Entreprisen entw\u00e9ckelen an nei Aktivit\u00e9iten unz\u00e9ie k\u00ebnnen. Et ass eis wichteg, datt d\u00e9i Zonen effikass un de Stroossereseau, de Bus, den Zuch, asw. ugebonne sinn, an dass esou kee Pendlertrafic an den Uertschaften entsteet.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Startup-Entreprisen \u00ebnnerst\u00ebtzen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Startup-Firmen hunn et net einfach, fir sech anzwousch z\u2019etabl\u00e9ieren. Dacks feelt et hinnen um n\u00e9idege Kapital an un der Plaz. Dofir w\u00eblle mir jonken an innovative Startuppen a lokalen Handwierksbetriber en Deel vun de kommunalen Aktivit\u00e9itszonen a B\u00fcroe g\u00ebnschteg zur Verf\u00fcgung stellen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Sharing economy.<\/strong><strong><\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP w\u00e4ert dofir suergen, datt d\u2019Gemengen \u2013 eventuell a Kollaboratioun mat Nopeschgemengen \u2013 Strukture schafen, an deenen d\u2019Leit sech k\u00ebnnen Haushaltsapparater, Maschinnen oder Geschier (z.B. Buerer, M\u00e9imaschinn,\u2026) l\u00e9inen oder selwer verl\u00e9inen. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00e4ert och lokal Initiativen an deem S\u00ebnn \u00ebnnerst\u00ebtzen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Repair-Caf\u00e9\u00eb <\/strong><strong>f\u00ebrderen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Am S\u00ebnn vun der Schounung vun den Ressourcen a vun der Kreeslafwirtschaft soll d\u2019Fl\u00e9cke vun Apparaten a vu soss Gebrauchsg\u00e9igest\u00e4nn gef\u00ebrdert ginn. D\u2019DP Gemeng Mamer \u00ebnnerst\u00ebtzt d\u2019Repair Caf\u00e9en \u2013 an deenen een net n\u00ebmmen esou G\u00e9igest\u00e4nn ka fl\u00e9cke loossen, ma dat och l\u00e9iere kann. Esou Repair-Caf\u00e9\u00eb br\u00e9ngen och d\u2019Leit beienaner.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Coworking spaces <\/strong><strong>ausbauen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Coworking spaces g\u00ebllen als Plaze mat engem h\u00e9ije Potenzial un Innovatioun a ginn als Alternativ zum Homeoffice oder zur klassescher Aarbechtsplaz \u00ebmmer m\u00e9i wichteg. Besonnesch well een esou de Pendlertrafic ka reduz\u00e9ieren. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll d\u2019Potenzial vun d\u00ebser neier Form vum Zesummeschaffen ausnotzen an ausbauen a kucke, wou esou Coworking-Spaces schnell k\u00ebnnen zur Verf\u00fcgung gestallt ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Pop-up stores<\/strong><strong>.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Fir eppes g\u00e9int eidel Gesch\u00e4ftsraim am K\u00e4r vun den Uertschaften z\u2019\u00ebnnerhuelen, fir nei Commercen unzez\u00e9ien an den Zentrum vun de Gemengen ze beliewen, setzt d\u2019DP Gemeng Mamer verst\u00e4erkt dorobber, datt Gesch\u00e4fter esou Raim k\u00ebnne fir eng begrenzten Z\u00e4it notzen.<\/p>\n\n\n\n<h1 class=\"wp-block-heading\">Gemengefinanzen<\/h1>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\"><em>D\u2019DP steet fir eng prevoyant Finanzpolitik a Form vun enger m\u00ebttelfristeger Finanzplanung.<\/em><\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Effiziente Budgetsmanagement.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP setzt sech fir eng effikass Ausgabepolitik an de Gemengen an a w\u00ebll \u2013 iwwer sougenannte Screeningen an (inter-)kommunal Akafszentralen \u2013 zous\u00e4tzlech M\u00ebttel fir nei Initiativen an Investitioune schafen. Mir si fir eng responsabel Versch\u00ebldungspolitik an de Gemengen. D\u2019Versch\u00ebldungscapacit\u00e9ite sollen n\u00ebmmen da genotzt ginn, wa spezifesch Investitiounen an d\u2019Zukunft vun der Gemeng a vun hire Bierger noutwenneg sinn. Dob\u00e4i dierfen d\u2019Nofolgek\u00e4schte fir de Budget op kee Fall aus den Ae verluer ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Alternativ Finanz\u00e9ierungsmodeller.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">Als DP si mir dovunner iwwerzeegt, datt vill Potenzial an der \u00ebffentlech-privater Finanz\u00e9ierung vun Investitiounsprojete mat privaten Entreprener an interess\u00e9ierte Bierger st\u00e9cht. Och alternativ Finanz\u00e9ierungskonzepter, ew\u00e9i z.B. Public private partnership oder Crowdfunding bei Solaranlagen sollen op hir Machbarkeet gepr\u00e9ift a gegeebenefalls \u00ebmgesat ginn.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Reegelm\u00e9isseg Auditten.<\/strong><strong><\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u2019DP tr\u00ebtt dofir an, datt sech all Gemeng muss engem finanzwirtschaftlechen Audit duerch e R\u00e9viseur d\u2019entreprise \u00ebnnerz\u00e9ien \u2013 am Rhythmus vun 12 Joer (zwou Legislaturperioden). D\u2019Resultater vum Audit musse publiz\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" width=\"1024\" height=\"576\" src=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Short-movie-Mamer-Schlass-1024x576.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-2235\" srcset=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Short-movie-Mamer-Schlass-1024x576.jpg 1024w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Short-movie-Mamer-Schlass-300x169.jpg 300w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Short-movie-Mamer-Schlass-768x432.jpg 768w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Short-movie-Mamer-Schlass-1536x864.jpg 1536w, https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-content\/uploads\/sites\/20\/2023\/05\/Short-movie-Mamer-Schlass.jpg 1920w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\"><strong>Interkommunal Zesummenaarbecht f\u00ebrderen.<\/strong><\/h3>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\">D\u00e9i w\u00e9inegste Gemenge k\u00ebnnen hire Bierger all Infrastrukturen a Servicer ubidden. Dofir w\u00ebll d\u2019DP m\u00e9i staark op eng intercommunal Kooperatioun setzen. Esou eng Zesummenaarbecht erlaabt Synergie bei bestee\u00ebnde Strukturen, Servicer, neien Infrastrukturprojeten (Piscine, Tennishal, asw.); ma och beim Akaf vu grousse Maschinnen, wou k\u00ebnne K\u00e4schten agespuert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/eise-walprogramm-fir-eng-modern-an-innovativ-gemeng\">Zr\u00e9ck bei de Sommaire vum Walprogramm.<\/a><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eng digital, biergerno an transparent Gemeng D\u2019DP w\u00e4ert voll vum Potenzial vun der Digitalis\u00e9ierung profit\u00e9ieren an de Fortschr\u00ebtt an den D\u00e9ngscht vun de Bierger stellen. Eng smart Gemeng. D\u2019DP Gemeng Mamer w\u00ebll d\u2019Iddi vun der Smart City ausbauen a vum Potenzial vun der vernetzter Gemeng voll aussch\u00ebpfen &#8211; ouni Komprom\u00ebsser beim Dateschutz anzegoen. Eis Gemeng [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":376,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"footnotes":""},"class_list":["post-2343","page","type-page","status-publish","hentry","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2343","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/users\/376"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2343"}],"version-history":[{"count":8,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2343\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":2383,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2343\/revisions\/2383"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/mamer\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2343"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}