Medien: D’Onofhängegkeet an d’Villfalt vu de Medie garantéieren
D’Gesetz iwwert den Informatiounszougang ass gestëmmt ginn. Dat Gesetz garantéiert de Bierger an de Journalisten en Recht zu Informatioune vun de Verwaltungen. Mat der Reform vun der Pressehëllef ass de Mediepluralismus an deem Sënn gestäerkt ginn, datt elo och Online-Medie finanziell ënnerstëtzt ginn. D’DP wäert och an Zukunft d’Onofhängegkeet an d’Villfalt vun der Press garantéieren.