Natur- an Ëmweltschutz: Nohaltegkeet als Leetfuedem
Fir d’DP ass en effizienten Natur- an Ëmweltschutz noutwenneg fir d’Biodiversitéit an d’Liewensqualitéit vun de Mënschen an eisem Land. Fir d’DP stinn eng aktiv Wirtschaftspolitik an e konsequenten Natur- an Ëmweltschutz net am Widdersproch. Am Géigendeel, d’Natur kennt kee Verbëtzen, si ass markéiert duerch eng Abberzuel un zouenen a stabille Kreesleef. Eng nohalteg Wirtschaft, déi op dëser Erkenntnis opbaut, suergt och fir nohaltege Wuelstand a fir méi Liewensqualitéit. Ekonomie an Ekologie si keng Géigesätz, ma Synergien. Mesuren, déi gutt fir d’Ëmwelt sinn, wierke meescht regional a schafen doduercher Aarbechtsplazen no bei de Leit.
Déi DP-gefouert Regierung huet an dësem Sënn de sougenannten „Rifkin-Prozess“ lancéiert, mat deem fir d’éischte Kéier e Konzept fir eng laangfristeg an nohalteg Entwécklung vun eisem Land ausgeschafft ginn ass. An dëser Legislaturperiod ass och en neit Naturschutzgesetz gestëmmt ginn; mat kloere Reegele fir den administrativen Opwand ze reduzéieren a mat engem Flächepool, fir d’Kompenséierungsmesuren an Zukunft méi einfach a méi effizient duerchféieren ze kënnen. Doriwwer eraus ass en neien Aktiounsplang Naturschutz decidéiert ginn.
D’DP strieft no enger respektvoller Notzung vun eise Ressourcen, fir d’Iwwerliewe vun eisem Planéit op laang Siicht ze sécheren, a fir eise Bierger eng beschtméiglech Liewensqualitéit ze bidden. D’DP setzt sech an fir protegéiert Liewensraim an domadder och fir eng Landesplanung, déi eng weider Zersiidlung vun der Landschaft verhënnert. Weider wäert d’DP geziilt Moossnamen ergräifen, fir de Verloscht vun der Biodiversitéit ze stoppen, z.B. duerch eng weider Reduzéierung vu Planzeschutzmëttel. D’DP deet dorobber uecht, datt Naturschutzpolitik net zu enger Verhënnerungspolitik gëtt a Bauprojeten net onnéideg verdeiert an an d’Längt gezu ginn. D’DP steet fir kloer, novollzéibar, séier a gerecht Prozeduren, déi de Bierger an de Betriber Planungssécherheet ginn.
Fir de Flächeverbrauch ze miniméieren, ass et sënnvoll fir dicht an de Siidlungsraim ze bauen. D’DP leet allerdéngs e grousse Wäert dorobber, datt et dobäi net zu enger iwwerméisseger Versigelung vum Buedem kënnt. D’DP wäert d’Gemengen encouragéieren, fir Gréngflächen an den Uertschaften anzeplangen an z’erhalen. D’DP wäert sech och fir den Erhalt vun der Biodiversitéit op ëffentleche Plaze beméien.
Dat neit Naturschutzgesetz gesäit Flächepoole vir, déi d’Zerstéierung vun natierlechem Liewensraum kompenséiere wäerten. Dat wäert zu enger Vereinfachung vun där Kompenséierung féieren. D’DP wäert d’Effikassitéit vun deene Poole bewäerten, wat hir Effizienz betrëfft an och den Opwand u Bürokratie fir déi betraffen Acteuren.
Fir de Landverbrauch fir Kompenséierungsmesuren ze bremsen, wäert d’DP d’Kompenséieren an Zukunft op Waldumbau, Renaturéierungsmoossnamen a produktiounsintegréierte Kompensatiounsmesuren (Lerchenfenster, Blumesträifen op ofwiesselenden Terrainen, duebele Reienofstand beim Setze vu Wantergeescht) op Flächen, déi an net-ëffentlecher Hand sinn, erlaben.
D’DP wäert den Ausbau vun engem flächendeckende Netz u biologesche Statioune weiderdreiwen an déi aktuell weiderféieren, mam Zil fir dat ganzt Land ofzedecken. Mat de concernéierten Acteuren (Awunner, Baueren, Gemengen, Gemengesyndikater, Natur- a Forstverwaltung an Naturschutzorganisatiounen) solle konkret Moossname fir d’Protektioun vun der Natur ausgeschafft an ëmgesat ginn.
De Remembrement muss der Realitéit ugepasst ginn. D’DP wäert dofir en neit Gesetz deponéieren, fir de Remembrement am Austausch mat de betraffenen Acteuren ze moderniséieren. Dat neit Gesetz soll d’Produktivitéit vu Land- a Forstwirtschaft a vum Wäibau verbesseren. Dobäi steet déi nohalteg Notzung vun de Biedem am Virdergrond.
Déi natierlech, erneierbar an net-erneierbar Ressource sinn d’Grondlag vun eisem Liewen. Fir d’Verbesserung vum Natur-, Waasser- a Buedemschutz sinn déi lescht fënnef Joer eng Rei u Gesetzprojeten zum Votte kommen. Fir d’DP ass e schounenden a responsabelen Ëmgang mat eise Ressourcen eng Fro vun der Generatiounegerechtegkeet an en zentrale Punkt fir déi nohalteg Entwécklung vun eisem Land. D’DP wäert déi digital Entwécklung notzen, fir eng ressourcëschounend Produktioun ze fërderen. D’DP vertrëtt och den Usaz vum Liewenszyklus, dee vum Rohstoff iwwert de Recycling bis bei d’Weiderverwäertung vun de Rohstoffer geet.
Fir onnéidegen Offall ze vermeiden, setzt d’DP op eng kloer Offallhierarchie: Offallvermeidung, Weiderverwäertung, Recycling, soss Verwäertung an als leschte Méiglechkeet eng méiglechst ëmweltschounend Eliminatioun. Bei der Offallvermeidung geet et besonnesch drëms fir de Pollueur ze sensibiliséieren.
D’DP wäert d’Kaderbedéngunge fir eng innovativ Kreeslafwirtschaft konsequent verbesseren. Déi DP-gefouerte Regierung huet schonn e puer Projeten nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft geplangt, z.B. de Wunnprojet „Wunne mat der Wooltz“ oder de „Luxembourg Automotive Campus“ zu Biissen. D’DP wäert dofir suergen, datt de Staat an dësem Beräich eng Virbildfunktioun iwwerhëlt.
Eng nohalteg Offallwirtschaft mat modernen an effizienten Offallbehandlungstechniken déngt dem Ressourcen- Klimaschutz. D’DP setzt konsequent op d’Weiderentwécklung vun der Offallwirtschaft op europäeschem an internationalem Niveau a fërdert nohalteg Konzepter, mat deene kënne Matières premières oder Energie aus Offall gewonne ginn.
cf. Kapitel Land- an Ernierungswirtschaft: am Interessi vun de Baueren, de Konsumenten a vun der Ëmwelt
cf. Kapitel Land- an Ernierungswirtschaft: am Interessi vun de Baueren, de Konsumenten a vun der Ëmwelt
D’DP ass sech der Roll vun der Juegd bei der Reguléierung vum Wëld an zur Preventioun vu Wëldschied bewosst. D’DP wëll d’Jeeër dofir an Aarbechtsgruppen abannen, wou si hir Experienz beim Opstelle vun Aktiounspläng am Kontext mam Wollefs- a Fuussbestand kënnen abréngen. D’DP wäert mat de Jeeër no méigleche Léisunge sichen, datt déi gesetzlech Ofschosspläng besser kënnen agehale ginn. D’DP wäert d’Entwécklung vum Fuussbestand a vun deene Fiiss mam Fuussebandwuerm am A behalen, fir enger ze staarker Zounam kënnen entgéintzewierken.
Iwwer een Drëttel vun eisem Land besteet aus Bësch. D’DP wäert de Bësch erhalen, fir datt en och an Zukunft ka seng wichteg Funktiounen erfëllen. De Bësch ass net nëmmen déi gréng Long vun eisem Land, ma och de Liewensraum fir eng sëllechen Déieren- a Planzenzorten. Doriwwer eraus ass de Bësch e wichtegen Erhuelungsraum fir d’Mënschen a liwwert de wichtege Rohstoff Holz.
D’DP wäert de „Code forestier“ a Collaboratioun mat de Privatbëschbesëtzer an den Ëmweltorganisatioune virundreiwen, fir d’Funktioune vum Bësch weider garantéieren ze kënnen. Den neien „Code forestier“ soll zu engem effikasse Schutz vum Bësch bäidroen an eng nohalteg wirtschaftlech Exploitatioun am Respekt virun der Proprietéit vun de Privatbëschbesëtzer sécherstellen. D’DP wäert sech och dofir asetzen, datt Holz aus Lëtzebuerg méi heiheem gebraucht gëtt, amplaz wäit ewech exportéiert gëtt.
cf. Kapitel Land- an Ernierungswirtschaft: am Interessi vun de Baueren, de Konsumenten a vun der Ëmwelt
cf. Kapitel Steierpolitik: d’Bierger gerecht entlaaschten an d’Entreprenariat fërderen
cf. Kapitel Steierpolitik: d’Bierger gerecht entlaaschten an d’Entreprenariat fërderen
D’DP wäert dofir suergen, datt de Staat a Saachen Nohaltegkeet mat guddem Beispill virgeet. Dofir fuerdert d’DP, datt en Daagkadaster vun allen ëffentleche Gebaier opgestallt gëtt, fir zousätzlech Plaze fir d’Installatioun vu Solaranlagen ze fannen. Dovunner ofgesinn, wäert d’DP d’Haiser vum Staat systematesch energetesch sanéieren.
D’DP wäert och eng Nohaltegkeetsstrategie fir all d’Ministèren an d’Verwaltungen entwéckelen. D’Chancëvun der Digitaliséierung solle genotzt ginn, fir Ressourcen ze spueren.
D’DP wäert e moderne Cahier de charges fir eng ëmweltschounend Acquisitioun fir ëffentlech Träger an Etablissementer ausschaffen. Doduercher kënnen nohalteg Kritäre besser an ëffentleche Soumissiounen agebonne ginn.
cf. Kapitel Land- an Ernierungswirtschaft: am Interessi vun de Baueren, de Konsumenten a vun der Ëmwelt
cf. Kapitel Land- an Ernierungswirtschaft: am Interessi vun de Baueren, de Konsumenten a vun der Ëmwelt
cf. Kapitel Finanzplaz: gutt reglementéiert an international konkurrenzfäeg