Natur- an Ëmweltschutz

Natur- an Ëmweltschutz

Natur- an Ëmweltschutz: Nohaltegkeet als Leetfuedem

Fir d’DP ass en effizienten Natur- an Ëmweltschutz noutwenneg fir d’Biodiversitéit an d’Liewensqualitéit vun de Mënschen an eisem Land. Fir d’DP stinn eng aktiv Wirtschaftspolitik an e konsequenten Natur- an Ëmweltschutz net am Widdersproch. Am Géigendeel, d’Natur kennt kee Verbëtzen, si ass markéiert duerch eng Abberzuel un zouenen a stabille Kreesleef. Eng nohalteg Wirtschaft, déi op dëser Erkenntnis opbaut, suergt och fir nohaltege Wuelstand a fir méi Liewensqualitéit. Ekonomie an Ekologie si keng Géigesätz, ma Synergien. Mesuren, déi gutt fir d’Ëmwelt sinn, wierke meescht regional a schafen doduercher Aarbechtsplazen no bei de Leit.

Déi DP-gefouert Regierung huet an dësem Sënn de sougenannten „Rifkin-Prozess“ lancéiert, mat deem fir d’éischte Kéier e Konzept fir eng laangfristeg an nohalteg Entwécklung vun eisem Land ausgeschafft ginn ass. An dëser Legislaturperiod ass och en neit Naturschutzgesetz gestëmmt ginn; mat kloere Reegele fir den administrativen Opwand ze reduzéieren a mat engem Flächepool, fir d’Kompenséierungsmesuren an Zukunft méi einfach a méi effizient duerchféieren ze kënnen. Doriwwer eraus ass en neien Aktiounsplang Naturschutz decidéiert ginn.

D’DP strieft no enger respektvoller Notzung vun eise Ressourcen, fir d’Iwwerliewe vun eisem Planéit op laang Siicht ze sécheren, a fir eise Bierger eng beschtméiglech Liewensqualitéit ze bidden. D’DP setzt sech an fir protegéiert Liewensraim an domadder och fir eng Landesplanung, déi eng weider Zersiidlung vun der Landschaft verhënnert. Weider wäert d’DP geziilt Moossnamen ergräifen, fir de Verloscht vun der Biodiversitéit ze stoppen, z.B. duerch eng weider Reduzéierung vu Planzeschutzmëttel. D’DP deet dorobber uecht, datt Naturschutzpolitik net zu enger Verhënnerungspolitik gëtt a Bauprojeten net onnéideg verdeiert an an d’Längt gezu ginn. D’DP steet fir kloer, novollzéibar, séier a gerecht Prozeduren, déi de Bierger an de Betriber Planungssécherheet ginn.

Gréngflächen an den Uertschaften erhalen an ausbauen

Fir de Flächeverbrauch ze miniméieren, ass et sënnvoll fir dicht an de Siidlungsraim ze bauen. D’DP leet allerdéngs e grousse Wäert dorobber, datt et dobäi net zu enger iwwerméisseger Versigelung vum Buedem kënnt. D’DP wäert d’Gemengen encouragéieren, fir Gréngflächen an den Uertschaften anzeplangen an z’erhalen. D’DP wäert sech och fir den Erhalt vun der Biodiversitéit op ëffentleche Plaze beméien.

D’Effikassitéit vu Flächepoole bewäerten

Dat neit Naturschutzgesetz gesäit Flächepoole vir, déi d’Zerstéierung vun natierlechem Liewensraum kompenséiere wäerten. Dat wäert zu enger Vereinfachung vun där Kompenséierung féieren. D’DP wäert d’Effikassitéit vun deene Poole bewäerten, wat hir Effizienz betrëfft an och den Opwand u Bürokratie fir déi betraffen Acteuren.

 

Fir de Landverbrauch fir Kompenséierungsmesuren ze bremsen, wäert d’DP d’Kompenséieren an Zukunft op Waldumbau, Renaturéierungsmoossnamen a produktiounsintegréierte Kompensatiounsmesuren (Lerchenfenster, Blumesträifen op ofwiesselenden Terrainen, duebele Reienofstand beim Setze vu Wantergeescht) op Flächen, déi an net-ëffentlecher Hand sinn, erlaben.

Biologesch Statiounen ausbauen

D’DP wäert den Ausbau vun engem flächendeckende Netz u biologesche Statioune weiderdreiwen an déi aktuell weiderféieren, mam Zil fir dat ganzt Land ofzedecken. Mat de concernéierten Acteuren (Awunner, Baueren, Gemengen, Gemengesyndikater, Natur- a Forstverwaltung an Naturschutzorganisatiounen) solle konkret Moossname fir d’Protektioun vun der Natur ausgeschafft an ëmgesat ginn.

Ländlech Flächen nohalteg notzen

De Remembrement muss der Realitéit ugepasst ginn. D’DP wäert dofir en neit Gesetz deponéieren, fir de Remembrement am Austausch mat de betraffenen Acteuren ze moderniséieren. Dat neit Gesetz soll d’Produktivitéit vu Land- a Forstwirtschaft a vum Wäibau verbesseren. Dobäi steet déi nohalteg Notzung vun de Biedem am Virdergrond.

E schounenden Ëmgang mat eise Ressource sécherstellen

Déi natierlech, erneierbar an net-erneierbar Ressource sinn d’Grondlag vun eisem Liewen. Fir d’Verbesserung vum Natur-, Waasser- a Buedemschutz sinn déi lescht fënnef Joer eng Rei u Gesetzprojeten zum Votte kommen. Fir d’DP ass e schounenden a responsabelen Ëmgang mat eise Ressourcen eng Fro vun der Generatiounegerechtegkeet an en zentrale Punkt fir déi nohalteg Entwécklung vun eisem Land. D’DP wäert déi digital Entwécklung notzen, fir eng ressourcëschounend Produktioun ze fërderen. D’DP vertrëtt och den Usaz vum Liewenszyklus, dee vum Rohstoff iwwert de Recycling bis bei d’Weiderverwäertung vun de Rohstoffer geet

Offall vermeiden

Fir onnéidegen Offall ze vermeiden, setzt d’DP op eng kloer Offallhierarchie: Offallvermeidung, Weiderverwäertung, Recycling, soss Verwäertung an als leschte Méiglechkeet eng méiglechst ëmweltschounend Eliminatioun. Bei der Offallvermeidung geet et besonnesch drëms fir de Pollueur ze sensibiliséieren.

 

D’DP wäert d’Kaderbedéngunge fir eng innovativ Kreeslafwirtschaft konsequent verbesseren. Déi DP-gefouerte Regierung huet schonn e puer Projeten nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft geplangt, z.B. de Wunnprojet „Wunne mat der Wooltz“ oder de „Luxembourg Automotive Campus“ zu Biissen. D’DP wäert dofir suergen, datt de Staat an dësem Beräich eng Virbildfunktioun iwwerhëlt.

Eng nohalteg Offallwirtschaft fërderen

Eng nohalteg Offallwirtschaft mat modernen an effizienten Offallbehandlungstechniken déngt dem Ressourcen- Klimaschutz. D’DP setzt konsequent op d’Weiderentwécklung vun der Offallwirtschaft op europäeschem an internationalem Niveau a fërdert nohalteg Konzepter, mat deene kënne Matières premières oder Energie aus Offall gewonne ginn.

E kooperative Waasserschutz garantéieren

Waasser ass dat wichtegst Liewensmëttel iwwerhaapt. D’Protektioun vum Drénkwaasser huet fir d’DP déi héchste Prioritéit. D’Garantie vun der Protektioun muss an enker Collaboratioun mat der Landwirtschaft geschéien. Dofir mussen d’Baueren, déi Terrainen an de Waasserschutzgebidder bewirtschaften, aktiv begleet, beroden an eventuell ënnerstëtzt ginn. D’Waasserfournisseure sollen déi präventiv Schutzmesuren (wéi z.B. LASKU an der Uewersauerregioun) matfinanzéieren.

Planzeschutz nei gestalten

Den Aktiounsplang „Pestiziden“ ass 2017 vum DP-gefouerte Landwirtschaftsministère virgestallt ginn, mam Zil den Asaz vu Planzeschutzmëttelen ze reduzéieren. D’DP wäert den Aktiounsplang Schrëtt fir Schrëtt ëmsetzen, fir déi doranner festgehalen Ziler ëmzesetzen. Dozou gehéiert z.B. d’Sortie vum Gebrauch vu Glyphosat. Et geet kee Wee laanscht eng däitlech Reduzéierung vum Asaz vu Planzeschutzmëttelen an der Landwirtschaft, fir d’Aartevillfalt z’erhalen an d’Uewerflächewaasser an d’Quelle fir de Gebrauch vun Drénkwaasser ze protegéieren. Dobäi ass wichteg, datt d’Bauere wärend enger Iwwergangsphas berode ginn, an datt si konkret a praxisorientéiert Hëllef an Alternative beim Wiessel ewech vum Glyphosat kréien. Och wann d’EU d’Autorisatioun fir de Glyphosat am November zejoert – géint d’Stëmm vun der DP-Regierung – fir fënnef Joer verlängert huet, fuerdert d’DP e konkrete Plang fir eng Sortie op EU-Niveau.

Aktiv Roll vun der Juegd am Naturschutz stäerken

D’DP ass sech der Roll vun der Juegd bei der Reguléierung vum Wëld an zur Preventioun vu Wëldschied bewosst. D’DP wëll d’Jeeër dofir an Aarbechtsgruppen abannen, wou si hir Experienz beim Opstelle vun Aktiounspläng am Kontext mam Wollefs- a Fuussbestand kënnen abréngen. D’DP wäert mat de Jeeër no méigleche Léisunge sichen, datt déi gesetzlech Ofschosspläng besser kënnen agehale ginn. D’DP wäert d’Entwécklung vum Fuussbestand a vun deene Fiiss mam Fuussebandwuerm am A behalen, fir enger ze staarker Zounam kënnen entgéintzewierken.

De Bësch schützen an nohalteg bewirtschaften

Iwwer een Drëttel vun eisem Land besteet aus Bësch. D’DP wäert de Bësch erhalen, fir datt en och an Zukunft ka seng wichteg Funktiounen erfëllen. De Bësch ass net nëmmen déi gréng Long vun eisem Land, ma och de Liewensraum fir eng sëllechen Déieren- a Planzenzorten. Doriwwer eraus ass de Bësch e wichtegen Erhuelungsraum fir d’Mënschen a liwwert de wichtege Rohstoff Holz.

 

D’DP wäert de „Code forestier“ a Collaboratioun mat de Privatbëschbesëtzer an den Ëmweltorganisatioune virundreiwen, fir d’Funktioune vum Bësch weider garantéieren ze kënnen. Den neien „Code forestier“ soll zu engem effikasse Schutz vum Bësch bäidroen an eng nohalteg wirtschaftlech Exploitatioun am Respekt virun der Proprietéit vun de Privatbëschbesëtzer sécherstellen. D’DP wäert sech och dofir asetzen, datt Holz aus Lëtzebuerg méi heiheem gebraucht gëtt, amplaz wäit ewech exportéiert gëtt.

De ländleche Raum entwéckelen

D’DP steet fir eng nohalteg Entwécklung vum ländleche Raum a wäert sech dofir asetzen, datt déi respektiv europäesch Mëttel och dofir profitéiert ginn. D’DP ënnerstëtzt d’Wirtschaftskraaft an de ländleche Regiounen an déi nohalteg Bewirtschaftung vun de natierleche Ressourcen.

Reparatiounen an elektresch Autoe steierlech bevirdeelegen

Op europäeschem Niveau gëtt den Ament d’TVA-Taxatioun iwwerschafft, fir de Memberstaate méi Sputt ze loossen. Nom Motto „Reparéieren amplaz Ewechgeheien“ wäert d’DP de superreduzéierten TVA-Taux vun 3% op alle Reparaturaarbechten applizéieren. Domadder solle Gebrauchsgéigestänn méi laang am Gebrauch bleiwen an d’Kreeslafwirtschaft gefërdert ginn.

 

Elektresch Fortbewegungsmëttel sinn e wichtegen Deel vun der emissiounsaarmer Mobilitéit vun der Zukunft. Fir d’Elektromobilitéit méi staark z’ënnerstëtzen, wäert d’DP de superreduzéierten TVA-Taux vun 3% op elektresche Fortbewegungsmëttel (E-Auto, E-Bike, Pedelec, elektresch Trottinetten) aféieren.

Lues a lues aus dem Tanktourissem erausklammen

De luesen Austrëtt aus dem Tanktourissem ass scho vun der DP-gefouerter Regierung ageleet ginn. D’DP wäert och an Zukunft keng iwwerstierzte Mesuren decidéieren, déi zu engem séieren Ofhuele vun den Akziserecette géinge féieren, ma um Wee vun engem luesen a kontinuéierlechen Ausstig weiderfueren.

Der Virbildfunktioun vum Staat an der Nohaltegkeet gerecht ginn

D’DP wäert dofir suergen, datt de Staat a Saachen Nohaltegkeet mat guddem Beispill virgeet. Dofir fuerdert d’DP, datt en Daagkadaster vun allen ëffentleche Gebaier opgestallt gëtt, fir zousätzlech Plaze fir d’Installatioun vu Solaranlagen ze fannen. Dovunner ofgesinn, wäert d’DP d’Haiser vum Staat systematesch energetesch sanéieren.

 

D’DP wäert och eng Nohaltegkeetsstrategie fir all d’Ministèren an d’Verwaltungen entwéckelen. D’Chancëvun der Digitaliséierung solle genotzt ginn, fir Ressourcen ze spueren.

„Cahier de charges“ fir ëmweltschounend Acquisitiounen ausschaffen

D’DP wäert e moderne Cahier de charges fir eng ëmweltschounend Acquisitioun fir ëffentlech Träger an Etablissementer ausschaffen. Doduercher kënnen nohalteg Kritäre besser an ëffentleche Soumissiounen agebonne ginn.

Regional Produite fërderen

D’DP wäert d’Kaderbedéngunge verbesseren, fir datt den Eegebedarf u Liewensmëttelen an Zukunft besser duerch déi national Produktioun assuréiert gëtt. Dat gëllt z.B. fir d’Gefligel a fir d’Geméis. Den Ament produzéiert d’Lëtzebuerger Agrikultur just 1,6% vun der nationaler Demande u Gefligel a knapps iwwer 1% beim Geméis. Zesumme mat de Bauere soll déi Eegebedarfsquot systematesch verbessert ginn.

 

Mir wäerte weider dorunner schaffen, datt méi regional Produiten an de Kantine verschafft ginn, besonnesch an de Schoulen, Maisons Relaisen, Kannerbetreiungsstrukturen, Spideeler an an Alters- a Fleegeheemer. Dat soll iwwert d’Ausschreiwe vu regionale Critère goen. Dat neit Gesetz iwwert d’Soumissiounen erlaabt an ënnerstëtzt dee Wee, andeems Critère wéi Qualitéit, Nohaltegkeet a sozial Bedingunge bei der Produktioun vun de Liewensmëttele berécksiichtegt ginn. An der Vergaangenheet huet dacks just de Präis bei ëffentleche Soumissiounen entscheet.

 

D’DP wäert déi Strukturen an der Weiderveraarbechtung méi staark fërderen, déi et erlaben, fir déi Produiten esou ze preparéieren, datt se den Ufuerderunge vu Kantinnen entspriechen. Doriwwer eraus soll e sougenannten „Matcher“ d’Zesummenaarbecht vun e puer Landwirtschaftsbetriber ënnerstëtzen, fir datt och méi kleng Produzente kënne bei enger grousser Ausschreiwung matmaachen.

Biolandwirtschaft fërderen

D’DP wëll den Undeel vun der biologescher Landwirtschaft däitlech an d’Luucht schrauwen, fir op déi steigend Demande bei verschiddene Produkter ze reagéieren. Bio sinn den Ament just knapps 5% vun de Betriber a 4% vun der Agrarfläch. Wéinst enger substantieller Erhéijung vun der Bioprimm an der Kompatibilitéit vun dëser Primm mat aneren Ëmweltmesuren ass Lëtzebuerg dat Land, dat d’Biolandwirtschaft am meeschte fërdert. Elo muss de Consommateur op d’Virdeeler vun den nationale Bioprodukter opmierksam gemaach ginn. D’Kafverhale vun de Cliente bestëmmt nämlech, wéi eng Liewensmëttele schlussendlech an de Rayone vun de Supermarchéen offréiert ginn. D’DP wëll déi wëssenschaftlech Recherche an der biologescher Landwirtschaft finanziell begleeden an de Bio-Aktiounsplang an dem Sënn nei gestalten.

D’Virreiderroll am Beräich vun den nohaltege Finanzen a vun der „green finance“ stäerken

Ënnert dem Impuls vum DP-gefouerte Finanzministère huet Lëtzebuerg sech zum Virreider am Beräich vun den nohaltege Finanzen entwéckelt, z.b. duerch d’Schafe vun der weltgréisster Bourse fir ëmweltfrëndlech Scholdschäiner („green bonds“). D’DP wäert déi privat-ëffentlech Partenariater an dësem Beräich weider stäerken. D’Roll vun der Lëtzebuerger Bourse (Luxembourg Green Exchange) a vu LuxFlag (international onofhängeg Label-Agence) solle weider ausgebaut ginn. Doriwwer eraus soll d’Entwécklung vun der ëffentlech-privater „Luxembourg Sustainable Development Finance Platform“ , déi Investissementer a Promoteuren am Beräich vun der Nohaltegkeet zesummebréngt, weiderentwéckelt ginn.

 

Fir de Beräich vun den nohaltege Finanzen – besonnesch am Beräich vun der Bekämpfung vum Klimawandel – däitlech ze stäerken, wäert d’DP e Fong schafen, mat deem kann an Investitioune géint de Klimawiessel an den Entwécklungslänner investéiert ginn.

 

Nom Virbild vum Schwäizer SIFEM („Swiss Investment Fund for Emerging Markets“) soll déi ëffentlech Hand en detailléiert Mandat plus d’Investitiounskäschten ausschaffen, wärend spezialiséiert Investmentmanager solle mat der Ëmsetzung beoptragt ginn. Dat Konzept erlaabt et, fir d’Paräisser Klimaziler an den Entwécklungslänner nohalteg z’ënnerstëtzen a fir privat Investisseuren ze bedeelegen, ouni mussen op reegelméisseg Budgetsrallongen zeréckzegräifen. D’Schafe vun esou engem Fong dréit och duerzou bäi, fir d’Kompetenz an dësem zukunftsträchtege Beräich ze stäerken an et wierkt sech positiv op den Image vu Lëtzebuerg als responsabele Partner an der Lutte géint de Klimawiessel aus.