Mobilitéit an Infrastrukturen

Lëtzebuerg brauch eng modern Verkéiersinfrastruktur, fir datt d’Leit méiglechst séier vun A op B kommen. D’DP wëll d’Zäit däitlech reduzéieren, déi d’Leit brauchen, fir sech fortzebeweegen. Ënnert der Regie vun der DP huet d’Regierung déi lescht fënnef Joer ganz vill Efforte gemaach, fir d’Offer un disponibelem Wunnraum z’erhéijen. De Monitoring vum „pacte logement“ weist, datt 2017 ronn 6.000 Wunnunitéite gebaut gi sinn, am Verglach zu just 2.300 am Joer 2012. Mir wëllen esou weiderfueren an och an Zukunft virun allem d’Offer erhéijen, fir esou Drock vum Wunnengsmaart ze huelen.

Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat.

weider liesen
Marc Hansen

Neie Gehälter-Accord

Den neie Gehälter-Accord mat der CGFP erlaabt et der Regierung an Zukunft, fir de Fokus am ëffentlechen Déngscht op d’Aarbechtskonditioune vun de Beamten ze leeën.

weider liesen

Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat.

weider liesen
Marc Hansen

Neie Gehälter-Accord

Den neie Gehälter-Accord mat der CGFP erlaabt et der Regierung an Zukunft, fir de Fokus am ëffentlechen Déngscht op d’Aarbechtskonditioune vun de Beamten ze leeën.

weider liesen

Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat.

weider liesen

Eenzelthemen

Digitalisatioun

Ënnert der Responsabilitéit vun der DP huet d’Regierung mat der Initiativ „Digital Lëtzebuerg“ e wichteg Grondstee fir déi digital Zukunft geluecht. Lëtzebuerg huet eng global digital Strategie, déi alleguerten d’Beräicher ofdeckt –vun der Informatiséierung vun de Staatsverwaltungen iwwer d’Fërderung vun digitale Kompetenzen bis bei d’Entwécklung vu neie Kompetenznischen. 

D’DP wäert an Zukunft vun der Digitaliséierung profitéieren, fir d’Wirtschaft méi breet opzestellen. Wéinst der Produktivitéit, déi wieder wiisst, wäerte mir de Wuesstem méi op Qualitéit ausriichten. D’Tatsaach, datt Google Lëtzebuerg als Standuert fir en Datenzenter consideréiert, weist, datt d’Efforte vun der DP-gefouerter Regierung fir eist Land zu engem digitalen Hub ze maachen, Friichten dréit. D’DP wäert den ICT-Standuert Lëtzebuerg weider ausbauen.

D’DP wäert dofir suergen, datt och d’Aarbechtswelt vum digitale Wandel profitéiert. Mir wäerten nei, flexibel Aarbechtsmodeller fërderen, déi eréischt duerch d’Digitaliséierung méiglech ginn. Zu Lëtzebuerg solle méi Aarbechtsplazen duerch d’Digitaliséierung an duerch d’Robotiséierung bäikommen, wéi där aler ewechfalen. Eng Offensiv an der Weiderbildung soll dofir suergen, datt d’Salariéëbeschtméiglech op d’Aarbecht vun der Zukunft preparéiert sinn.

 

Méi gewuer ginn

Infrastrukturen
Klima an Energie

Erneierbar Energien an Energieeffikassitéit am Fokus

D’DP steet fir eng éiergäizeg Politik, fir géint de Klimawandel ze kämpfen. 2005 ass de KyotoProtokoll a Kraaft getrueden, an deem sech d’Industrienatioune fir d’alleréischt bannent Ziler gesat hunn, fir d’Zäregasen ze reduzéieren. Eng zweet Phas vun der Emissiounsreduzéierung gouf 2012 zu Doha festgehalen. Déi deemoleg CSV-LSAP-Regierung huet an de Joren 2008 bis 2012 d’Zil – d’Emissiounen ëm 28% par Rapport zum Referenzjoer 1990 ze reduzéieren – net erreecht an huet musse 14,2 Milliounen Tonnen CO2 fir ronn 110 Milliounen Euro am Emissiounshandel bäikafen.

An der aktueller Legislaturperiod konnt d’DP-gefouert Regierung dogéint hir Ziler erreechen an huet eng Reduktioun vun 30% pro Awunner gepackt. Den Ament gëtt et déi realistesch Chance, dass Lëtzebuerg seng Ziler bis 2020 erfëlle kann, ouni mussen op extern Zertifikater zeréckzegräifen.

D’Signature vum Paräisser Accord, deen d’Reduktiounsziler no 2020 festleet, war e Meilesteen an der weltwäiter Klimapolitik. 195 Länner weltwäit hunn dat historescht Ofkommes matënnerzeechent, och wann d’Vereenegt Staaten mëttlerweil hiren Austrëtt ugekënnegt hunn. D’DP steet kloer zu den Ziler, déi am Paräisser Klimaofkommes festgeluecht gi sinn, fir d’Äerderwiermung däitlech ënnert 2 °C ze halen. D’EU huet sech zu enger Reduzéierung vu 40% verflicht.

Déi vun der DP-gefouert Regierung huet am Laf vun de leschte Joren den Ausbau vun den erneierbaren Energien ënnerstëtzt a Mesurëfir méi Energieeffikassitéit geholl. Zënter 2013 konnt besonnesch duerch d’Moderniséierung an d’Neiinstallatioun vu Wandrieder d’Energie, déi sou produzéiert gëtt, verduebelt ginn. Och d’Solarenergie gouf méi staark ënnerstëtzt, andeems Photovoltaikanlage mat enger Stäerkt vu bis zu 200 kW zënter 2016 och subventionéiert ginn. Dëst huet dozou gefouert, dass méi Kooperative zesumme Photovoltaikanlage bedreiwen.

Fir de Lëtzebuerger Bäitrag zum Klimaschutz ze leeschten, wäert d’DP d’Potenzial vun den erneierbaren Energien hei am Land nach méi wéi bis elo notzen. Gläichzäiteg wäert och e staarke Fokus op d’Energieeffikassitéit geluecht ginn.

Méi gewuer ginn

Landesplanung
Mobilitéit

Modern Verkéiersinfrastrukture fir haut a muer

Lëtzebuerg brauch eng modern Verkéiersinfrastruktur, fir datt d’Bierger bequem a méiglechst séier vun A op B kënne kommen. Ronn annerhallef Stonn brauch all Bierger am Schnëtt den Dag fir sech virunzebeweegen. D’DP wëll dës Zäit däitlech reduzéieren.

An der aktueller Legislaturperiod huet déi vun d’DP-gefouert Regierung ugefaangen, de chroneschen Nohuelbedarf am Beräich vun de Verkéiersinfrastrukturen opzehuelen. D’TramsGesetz gouf gestëmmt an de Bau vum Tramsnetz läit am Zäitplang. Déi nei Gare am Pafendall mam Funiculaire op de Kierchbierg gouf gebaut, wat däitlech Zäiterspuernësser a Richtung Kierchbierg bedeit. Den dréngend néidegen Ausbau vun der Stater Gare huet ugefaangen a wäert zousätzlech Zuchkapassitéite schafen. Den Ausbau vun zwou op dräi Spuere vun der Autobunn A3 a Richtung Süde wäert deemnächst ufänken a mëttelfristeg fir Entlaaschtung op dëser iwwerlaaschter Streck suergen. Och d’Gesetz iwwert dat nationaalt Vëlosnetz ass an der Chamber gestëmmt ginn, fir d’Lächer am Netz zouzemaachen a fir d’Sécherheet vun de Cyclisten ze garantéieren.

Trotz Rekordinvestitiounen an d’Verkéiersinfrastrukture wärend de leschte 5 Joer, huet Lëtzebuerg nach ëmmer e chroneschen Nohuelbedarf u Verkeiersinfrastrukturen. Well d’Mobilitéitsplanung allerdéngs mat der Entwécklung vum Land Schrëtt hale muss, wäert d’DP d’Investitiounen an d’Mobilitéit däitlech erhéijen.

Fir d’DP soll am Endeffekt den eenzele Bierger selwer entscheeden, wat fir e Verkéiersmëttel e benotze wëll. Den ëffentlechen Transport soll an deem Mooss gestäerkt ginn, datt e gréisstendeels eng gläichwäerteg oder esouguer besser Alternativ zum Individualtransport bitt. Den Ament falen ëmmer nach ze vill Zich aus, hu Verspéidung oder sinn zu Spëtzenzäiten iwwerfëllt. Ronn zwee Prozent vun de Leit fuere reegelméisseg mam Vëlo fir sech virun ze beweegen. Besonnesch op kuerzen Distanzen ass de Vëlo eng reell Alternativ. Dofir wäerte mir massiv an d’Offer an an d’Sécherheet vu Vëlosweeër investéieren. D’DP wäert och konsequent Stroossebauprojetë virundreiwen, a ganz besonnesch de Bau vu Ëmgéiungsstroossen, déi zu enger Verkéiersberouegung a villbefuerenen Uertschafte féieren an d’Liewensqualitéit vun den Awunner däitlech erhéijen.

D’DP wäert d’Erausfuerderung an der Mobilitéit als e Ganzt ugoen: dat geet vun der grondsätzlecher Vermeidung vun onnéidegem Verkéier – zum Beispill duerch dezentral Aarbechtsplazen an duerch den Télétravail – bis zu massiven Investitiounen an den ëffentlechen Transport an an d’Verkéiersinfrastruktur. Mir wäerten dat vun der DP-gefouerter Regierung ausgeschaffte Mobilitéitskonzept MoDU 2.0. an de Plan sectoriel „Transport“ ëmsetzen. D’DP wäert zousätzlech dofir suergen, datt déi geplangte Mesurë mat däitlech méi finanzielle Mëttelen equipéiert an domat spierbar méi séier realiséiert ginn. Mir wäerten doriwwer eraus d’Prioritéitelëscht vun de grousse Verkéiersinfrastrukturprojeten iwwerschaffen a wichteg Projete virzéien. Dës konzentréiert Approche am Sënn vun engem nationale Mobilitéitsplang wäert dofir suergen, datt d’Bierger däitlech méi frei wéi geplangt. vum Ausbau vun der Verkéiersinfrastruktur profitéiere kënnen.

Natur- an Ëmweltschutz

Nohaltegkeet als Leetfuedem

Fir d’DP ass en effizienten Natur- an Ëmweltschutz noutwenneg fir d’Biodiversitéit an d’Liewensqualitéit vun de Mënschen an eisem Land. Fir d’DP stinn eng aktiv Wirtschaftspolitik an e konsequenten Natur- an Ëmweltschutz net am Widdersproch. Am Géigendeel, d’Natur kennt kee Verbëtzen, si ass markéiert duerch eng Abberzuel un zouenen a stabille Kreesleef. Eng nohalteg Wirtschaft, déi op dëser Erkenntnis opbaut, suergt och fir nohaltege Wuelstand a fir méi Liewensqualitéit. Ekonomie an Ekologie si keng Géigesätz, ma Synergien. Mesuren, déi gutt fir d’Ëmwelt sinn, wierke meescht regional a schafen doduercher Aarbechtsplazen no bei de Leit.

Déi DP-gefouert Regierung huet an dësem Sënn de sougenannten „Rifkin-Prozess“ lancéiert, mat deem fir d’éischte Kéier e Konzept fir eng laangfristeg an nohalteg Entwécklung vun eisem Land ausgeschafft ginn ass. An dëser Legislaturperiod ass och en neit Naturschutzgesetz gestëmmt ginn; mat kloere Reegele fir den administrativen Opwand ze reduzéieren a mat engem Flächepool, fir d’Kompenséierungsmesuren an Zukunft méi einfach a méi effizient duerchféieren ze kënnen. Doriwwer eraus ass en neien Aktiounsplang Naturschutz decidéiert ginn.

D’DP strieft no enger respektvoller Notzung vun eise Ressourcen, fir d’Iwwerliewe vun eisem Planéit op laang Siicht ze sécheren, a fir eise Bierger eng beschtméiglech Liewensqualitéit ze bidden. D’DP setzt sech an fir protegéiert Liewensraim an domadder och fir eng Landesplanung, déi eng weider Zersiidlung vun der Landschaft verhënnert. Weider wäert d’DP geziilt Moossnamen ergräifen, fir de Verloscht vun der Biodiversitéit ze stoppen, z.B. duerch eng weider Reduzéierung vu Planzeschutzmëttel. D’DP deet dorobber uecht, datt Naturschutzpolitik net zu enger Verhënnerungspolitik gëtt a Bauprojeten net onnéideg verdeiert an an d’Längt gezu ginn. D’DP steet fir kloer, novollzéibar, séier a gerecht Prozeduren, déi de Bierger an de Betriber Planungssécherheet ginn.

Méi gewuer ginn

Wunnen

Wunnraum schafen

De Mangel u bezuelbarem Wunnraum zu Lëtzebuerg ass zanter ville Joren eng grouss Erausfuerderung. Déi haiteg Situatioun ass dorobber zréckzeféieren, datt de Wunnengsbau de tatsächlechem Besoin zanter Joerzéngten net decke kann. Obwuel dat Thema schonn zanter Joren op der politescher Agenda steet, hunn déi viregt Regierungen et verpasst, déi noutwenneg landesplaneresch Weichen ze stellen an dem Wunnengsbau déi héchste Prioritéit z’accordéieren. Déi vun der DP-gefouert Regierung huet et an dëser Legislaturperiod fäerdeg bruecht, de Stau an der Landesplanung opzeléisen. Duerch d’Publikatioun vun de Plans sectoriels an dem Starte vum Participatiounsprozess gouf de Wee fir kloer landesplaneresch Virgabe fräigemaach, déi d’Kaderbedingunge fir d’Entwécklung vum Land virginn. Parallel dozou goufen eng sëlleche Mesurëgeholl, fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen a fir d’Leit beim Kaf vun engem Eegenheem oder beim Bezuele vum Loyer ze ënnerstëtzen.

D’Steierreform entlaascht net nëmmen déi kleng a mëttel Revenuen, mädéi vun der DPgefouert Regierung huet och geziilt d’Bauspuerer an d’Leit mat engem Immobiliëkredit iwwert d’Eropsetze vun Ofschreiwungsméiglechkeete fir d’Bauspueren an Immobiliëprêten ënnerstëtzt. Fir d’Locatairëgouf dat sougenannte Wunngeld („subvention loyer“) agefouert, dat ronn zwee Drëttel vun all de Locatairen eng finanziell Ënnerstëtzung offréiert. Aner Mesuren hunn als Zil fir méi Wunnraum ze schafen. Déi zäitlech begrenzten a reduzéiert „Quart-tauxBesteierung“ schaaft konkret Ureizer fir méi Wunnraum beim Verkaf vu Bauland oder vun Immobilien. Dëst gëllt och fir déi erofgesate Besteierung beim Verloune vun enger Wunneng un akkreditéiert Träger, ewéi der „Agence immobilière sociale“ (AIS). Zousätzlech gouf d’Effizienz vun den ëffentleche Bauträger däitlech erhéicht: bannent zwee Joer huet d’„SociétéNationale des Habitations àBon Marché“ (SNHBM) d’Zuel u gebaute Wunnenge verdräifacht. Ausserdeem goufen e sëlleche grouss Projeten an d’Weeër geleet, ënnert anerem op fréieren Industriefrichen.

Ënnert der Regie vun der DP, huet d’Regierung wärend de leschte fënnef Joer rigoros Efforte gemaach, fir d’Offer un disponiblem Wunnraum z’erhéijen. Aus dem Monitoring vum „pacte logement“ geet ervir, datt 2017 zu Lëtzebuerg ëm déi 6.000 Wunnunitéite gebaut gi sinn, am Verglach zu nëmmen 2.300 am Joer 2012. Mir wëllen un dëse Succès uknäppen an eis Haaptprioritéit an der Wunnengspolitik och an Zukunft op d’Stäerke vun der Wunnoffer leeën, fir esou den Drock um Maart an de Grëff ze kréien.

Méi gewuer ginn

Aarbecht

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipisicing elit, sed do eiusmod tempor incididunt ut labore et dolore magna aliqua. Ut enim ad minim.veniam, quisu fugiat nulla pariatur. Excepteur sint occaecat cupidatat non proident, sunt in culpa qui fficia deserunt mollit anim

Famill

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipisicing elit, sed do eiusmod tempor incididunt ut labore et dolore magna aliqua. Ut enim ad minim.veniam, quisu fugiat nulla pariatur. Excepteur sint occaecat cupidatat non proident, sunt in culpa qui fficia deserunt mollit anim

Gesondheet

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipisicing elit, sed do eiusmod tempor incididunt ut labore et dolore magna aliqua. Ut enim ad minim.veniam, quisu fugiat nulla pariatur. Excepteur sint occaecat cupidatat non proident, sunt in culpa qui fficia deserunt mollit anim