Search
Generic filters
Senioren an drëtten Alter

Senioren an drëtten Alter

Eng modern Seniorepolitik: Ënnerstëtzung fir aktiv al ze ginn

Den Iwwergang vum Beruffsliewen an d’Pensioun ass e groussen Aschnëtt am Liewe vu ville Leit. D’DP wäert déi aktiv Begleedung vun de Leit an engem entscheedenden Deel vun hirem Liewe fërderen. Fir d’DP sinn d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefannen vun den eelere Leit ganz wichteg. Fir déi aktiv Begleedung z’ënnerstëtzen, den Austausch tëschent de Generatiounen ze fërderen an déi sozial Isolatioun z’évitéieren, wäert d’DP och an Zukunft Programmer an Associatioune geziilt ënnerstëtzen an ausbauen, déi dofir suergen, datt eeler Leit u kulturellen, sozialen a sportlechen Aktivitéite bedeelegt ginn.

All Bierger e Senioren- a Fleegeheem erméiglechen

Leit, déi an engem Senioren-, engem Fleegeheem oder an enger ähnlecher Struktur opgeholl ginn, ma net déi néideg Mëttel dofir hunn, hunn d’Recht op eng Zousazleeschtung fir hiren Openthalt. D’DP wäert d’Gesetz iwwert den „Accueil gérontologique“ iwwerschaffen, fir deene Leit méi wäit entgéint ze kommen. Och an Zukunft soll all Bierger kënnen an engem Alters- oder an engem Fleegeheem ënnerkommen.

Upassung vun der Fleegeversécherung am Sënn vun de Patienten

D’DP wäert sécherstellen, datt d’Fleegeversécherung eng héich Qualitéit vun der Fleeg garantéiert. Duerch Begleedmesurë soll déi sozial Exklusioun verhënnert ginn. Weider sollen onnéideg administrativ Prozedure fir d’Patienten a fir d’Trägergesellschafte verhënnert ginn. D’DP wëll dofir e Bilan iwwert d’Reform vun der Fleegeversécherung zéien an hir Auswierkungen an der Praxis iwwerpréiwen. Dono wëll d’DP konkret Upassungen am Sënn vun de Patiente maachen.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp