Soziales

Soziales

E Schwéierpunkt ass fir d’DP d’Lutte géint d’Aarmut an déi sozial Ausgrenzung. Mir hunn déi lescht fënnef Joer vill Moossname geholl, fir d’Situatioun vun de Leit mat engem klengen Akommes däitlech ze verbesseren. D’Deierechtsbäilag ass esou geännert ginn, datt elo knapps 2.200 Stéit kënnen dovunner profitéieren. D’Aféierung vun der „Subvention Loyer“ dréit duerzou bäi, datt antëscht bal 35.000 Stéit d’Recht op Wunngeld hunn. D’DP-gefouert Regierung huet och d’Offer u Sozialwunnengen ausgebaut. D’SNHBM (Société nationale des habitations à bon marché) z.B. huet hir Chiffere verdräifacht: vu ronn 80 Wunnengen an der Period vun 2004 bis 2014 op ronn 270 Wunnengen am Joer 2017.

Eng däitlech Hausse bei de soziale Mietwunnenge gouf et och wéinst der neier steierlecher Exoneratioun op der Halschent vum Nettorevenu op Locatiounen un autoriséiert Organisatioune fir d’Verwaltung vu Sozialwunnengen, z.B. un d’Agence Immobilière Sociale (AIS). Dobäi komme Mesure wéi d’Erhéijung vum Steierkredit fir Elengerzéiender a gratis Schoulbicher am Secondaire. D’DP setzt och konsequent op d’Ënnerstëtzung vu Leit, déi wäit vum éischten Aarbechtsmaart ewech sinn. Dat neit REVIS-Gesetz („revenu d’inclusion sociale“) – de fréieren RMG – wäert d’Reinsertioun an d’Beruffsliewen an an dat gesellschaftlecht Liewen däitlech fërderen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp