{"id":487,"date":"2023-05-18T07:45:45","date_gmt":"2023-05-18T07:45:45","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/?p=487"},"modified":"2023-06-08T18:26:07","modified_gmt":"2023-06-08T18:26:07","slug":"eise-walprogramm","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/eise-walprogramm\/","title":{"rendered":"Eise Walprogramm"},"content":{"rendered":"\n<div class=\"wp-block-columns is-layout-flex wp-container-core-columns-is-layout-28f84493 wp-block-columns-is-layout-flex\">\n<div class=\"wp-block-column is-layout-flow wp-block-column-is-layout-flow\" style=\"flex-basis:100%\"><\/div>\n<\/div>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><u>No bei iech<\/u><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><u>No bei dir<\/u><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<ol class=\"wp-block-list\" type=\"1\">\n<li>Virwuert vum Gemengeconseiller&nbsp; Pr\u00e4sident vun der Sektioun<\/li>\n\n\n\n<li>Liewen, Wunnen a Schaffen an eiser Gemeng<\/li>\n\n\n\n<li>Soziales a Ver\u00e4insliewen<\/li>\n\n\n\n<li>Nohaltegkeet, \u00d6kologie, Naturschutz a Landwirtschaft<\/li>\n\n\n\n<li>Schoulen, Maison relais a Jugendhaus<\/li>\n\n\n\n<li>Jugend a Senioren<\/li>\n\n\n\n<li>Mobilit\u00e9it an eiser Gemeng<\/li>\n\n\n\n<li>Eis Gemengenservicer, hir D\u00e9ngschtleeschtungen a Gemengen Finanzen<\/li>\n\n\n\n<li>Infrastrukturen an eiser Gemeng<\/li>\n\n\n\n<li>Tourismus<\/li>\n\n\n\n<li>Erhalen vun eisem Patrimoine<\/li>\n\n\n\n<li>Kultur<\/li>\n<\/ol>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>&nbsp;01&nbsp; Virwuert vum Gemengeconseiller a Pr\u00e4sident vun der Sektioun<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>L\u00e9if Matbiergerinnen a Matbierger,<\/p>\n\n\n\n<p>Den 11. Juni ass et esou w\u00e4it; dir best\u00ebmmt \u00e4r Gemenger\u00e9it fir d\u00e9i&nbsp;n\u00e4chst sechs Joer.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Leitmotiv vun der DP fir d\u00ebs Campagne&nbsp;heescht <em>No bei iech . No bei dir<\/em>.<\/p>\n\n\n\n<p>An den n\u00e4chste Jore w\u00ebll d\u2019DP eis Gemeng Stengefort zesumme mat iech alleguerte gestallten.<\/p>\n\n\n\n<p>Basisdemokratie geh\u00e9iert z\u00ebnter jeehier&nbsp;zu de Grondelementer&nbsp;vun der DP.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir eis stinn d\u2019Wuelbefannen an d\u2019Liewesqualit\u00e9it vun alle Biergerinnen a Bierger am M\u00ebttelpunkt: D\u2019Zesummeliewen, d\u2019Aarbecht, d\u2019Zukunft&nbsp;vu Jonk an Al, d\u2019S\u00e9cherheet, d\u2019\u00cbmwelt, d\u2018Nohaltegkeet, d\u2019Natur, d\u2018Ekonomie, d\u2019Mobilit\u00e9it an den Tourismus sinn d\u2019Schw\u00e9ierpunkte vun eisen Efforten.<\/p>\n\n\n\n<p>Dozou geh\u00e9ieren&nbsp;och d\u2019Infrastrukturaarbechten, den \u00cbnnerhalt&nbsp;an d\u2019Erneierung&nbsp;vun de Gemengegebaier a bezuelbar Wunnenge&nbsp;fir &nbsp;jiddereen.<\/p>\n\n\n\n<p>An hirem Walprogramm g\u00ebtt&nbsp;d\u2019Demokratesch Partei konkret \u00c4ntwerten op d\u00e9i Erausfuerderungen. Eis Kandidate&nbsp;setzen sech mat L\u00e4if a S\u00e9il fir d\u2019\u00cbmsetzung vun deenen Ziler an.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u00e9i l\u00e4scht Joren hu mir als Oppositioun dofir gesuergt&nbsp;d\u00e9i eenzel Projeten am Interessi vun iech &nbsp;mat ze gestallten.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019DP vu Stengefort ass prett, an Zukunft m\u00e9i Responsabilit\u00e9it z\u2019iwwerhuelen. Fir iech a fir eis Gemeng: zesumme mat iech.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p><strong>Daniel Frieden<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>Gemengeconseiller a President vun der lokaler Sektioun&nbsp;vun der Demokratescher Partei Stengefort, Ho\u00ebn, Klengbetten a Grass.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>02&nbsp;&nbsp;&nbsp; Liewen, Wunnen a Schaffen an eiser Gemeng<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>D\u2019Gemeng Stengefort huet sech an de leschte Jore rasant entw\u00e9ckelt. Dat bedeit och dass mer net n\u00ebmme m\u00e9i Awunner hunn mee och, dass an d\u2019Erhalen vun der Liewensqualit\u00e9it invest\u00e9iert muss ginn. D\u00ebst muss Priorit\u00e9it hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Gemeng huet sech verschiddene landesw\u00e4ite Programmer an Initiativen ugeschloss zum Beispill \u201ePacte logement 2.0, dem Klimapakt 2.0, dem Naturpakt, asw.\u201c. D\u00ebs Programmer bidden der Gemeng d\u2019M\u00e9iglechkeet hir Entw\u00e9cklung&nbsp; ze steieren ouni hir iwwergeuerdnet Zieler aus den Aen ze verl\u00e9ieren. D\u2019Entw\u00e9cklung soll op jiddwer Fall op eng nohalteg Aart a Weis gesch\u00e9ien.<\/p>\n\n\n\n<p>Vill vun d\u00ebsen Aktiounen sinn n\u00ebmmen m\u00e9iglech wann d\u2019Gemeng mat den zoust\u00e4nnegen Minist\u00e8ren an Verwaltungen zesummeschafft. Mee och op lokaler Basis kann eng Gemeng sech net \u00ebmmer eegest\u00e4nneg entw\u00e9ckelen an dofir huet d\u2019Gemeng sech an den verschiddenen Syndikater zesummegedoen. Domadder sinn d\u2019Ufuerderungen an deenen verschiddenen Ber\u00e4icher och garant\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p>DP w\u00ebllt d\u2019Meenung vun den Awunner mat afl\u00e9issen loossen an dofir soll den Awunner besser inform\u00e9iert ginn an et soll besser kommuniz\u00e9iert ginn. D\u00ebst soll awer net n\u00ebmmen duerch modern Medien gesch\u00e9ien mee och iwwert traditionell Wee\u00ebr verbreet ginn, w\u00e9i zum Beispill: Bierger Foren, Workshoppen an Informatiounsversammlungen. Eis Awunner sollen e besseren Zougang zu de verschiddene Servicer kr\u00e9ien an dofir sollen d\u2019\u00cbffnungszeiten flexibel gehale ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Secherheet dobaussen e ganz wichtegen Aspekt a soll duech d\u2019Beliichtung vun de Stroossen, de Gebaier an den \u00ebffentlechen Plazen garant\u00e9iert ginn, och wann et de Moment heescht Energie a Stroum spueren. Bei der Beliichtung g\u00ebtt et eng Rei M\u00e9iglechkeeten w\u00e9i en d\u00e9i zwou Virgaben s\u00ebnnvoll erreeche kann.<\/p>\n\n\n\n<p>Och w\u00eblle mir versichen eng m\u00e9i grouss Pr\u00e4senz vun eiser Police ze erreechen.<\/p>\n\n\n\n<p>A Punkto Verk\u00e9ier w\u00e4ert DP sech fir verk\u00e9iersberouegend Moossnamen asetzen, d\u00ebst souwuel op Gemengewee\u00ebr w\u00e9i och op staatleche Stroossen an enker Zesummenaarbecht mat den zoust\u00e4nnegen Instanzen. Hei solle s\u00ebnnvoll \u00cbmgeeungsstroossen vun eisen Uertschaften geplangt ginn awer och douce Mobilit\u00e9it gefuerdert ginn, zum Beispill besser Trottoiren a Veloswee\u00ebr. Och soll gepr\u00e9ift ginn ob et m\u00e9iglech ass fir Shared -Space Plazen ze schafen.<\/p>\n\n\n\n<p>An onsen Uertschaften sollen nees reegelrecht Duerfk\u00e4ren geschaaft ginn wou eis Awunner sech treffen k\u00ebnnen.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Kannerspillplazen an de Wunnquartieren solle regelm\u00e9isseg iwerpr\u00e9ift an erneiert ginn, an den jeweilegen Altersgruppen ugepasst ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>DP w\u00ebll dofir suergen, dass eis Gemeng attraktiv bleift fir Firmen an Handwierksbetriiber an domader d\u00ebs Aarbechtsplaazen ofs\u00ebchert. Dofir k\u00e9int een eventuell d\u2019Zone d\u2019activit\u00e9 r\u00e9gionale ouest (ZARO) ausbauen mee awer och Start-Up Betriber eng M\u00e9iglechkeet ginn sech ze install\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Wann neie Wunnraum geschaf g\u00ebtt lee\u00eb mir W\u00e4ert drop dass d\u00ebse bezuelbar bleift an och beh\u00ebnnerte gerecht soll sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>DP w\u00e4ert sech dofir asetzen, dass et och m\u00e9iglech g\u00ebtt fir an eiser Gemeng \u201eTiny Haiser\u201c (Mikrohaiser) opzeriichten.<\/p>\n\n\n\n<p>An onser Gemeng besteet eng gutt Offer u medezinesche Cabineten, en interkommunaalt Spidol an eng Apdikt. Mir w\u00e4erten dofir suergen, dass dat esou bleift an d\u00ebs Offer ausgebaut g\u00ebtt. Mir w\u00ebllen och d&#8217;Offer vun den Dokteren aus allen Ber\u00e4icher an eiser Gemeng erh\u00e9igen.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir setzen eis och an fir den Zougang zu de Gemengenhaiser, Gebailechkeeten&nbsp;an Ariichtungen&nbsp;esou ze gestallten, dass d\u00ebs fir Leit mat engem Handicap liicht zoug\u00e4gnlech sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>Den Ausbau an \u00cbmbau vum Stengeforter Spidol soll viru gedriwwen ginn. Mee DP denkt och dru fir Strukture fir eeler Leit ze schafen, eventuell fir betreit Wunnen oder M\u00e9igeneratiounenhaiser, wou w\u00e9i den Numm et schonn seet 2-3 Generatiounen \u00ebnnert engem Daach liewe k\u00ebnnen.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>03&nbsp; Soziales an Ver\u00e4insliewen<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>Mir stinn fir den sozialen Engagement vun eiser Gemeng. Dow\u00e9inst w\u00eblle mir dofir suergen, dass d\u2019 Gemeng sech weider dofir asetzt, Wunnraum fir sozial schwach M\u00ebnschen ze schafen. D\u00ebse Wunnraum soll allerd\u00e9ngs net zu Ausgrenzunge f\u00e9ieren, dohier ass et wichteg de sozialen Wunnengsbau mat den zoust\u00e4nnegen Instanzen ze koordin\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>An all \u00f6ffentleche Gebaier sollen gratis Menstruatiounsartikelen zur Verf\u00fcgung stoen. Domat g\u00ebtt en neit Grondrecht geschaaft, dat fundamental ass fir Egalit\u00e9it an Dignit\u00e9it. Net seele k\u00ebnnt et n\u00e4mlech vir, datt virun allem jonk Fraen n\u00ebmme schw\u00e9ier Zougang zu d\u00ebse fir si indispensabelen Artikelen hunn. DP Stengefort s\u00ebtzt sech dofir an, dass dofir \u00ebnnerschiddlech Produiten (Tamponen, Binden a Menstruatiounstasen) a Periodek\u00ebschten&nbsp; an allen \u00ebffentlechen Gebaier zur Verf\u00fcgung gestallt ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir w\u00ebllen den Leit e sougenannten \u201c\u00c9crivain public\u201d zur Verf\u00fcgung stellen, deen hinnen h\u00eblleft, fir verschidden&nbsp; Aarte vu Br\u00e9iwer ze schreiwen, inklusiv CVen a Lettre-de-motivationen, awer och fir Formulairen auszef\u00ebllen. Doriwwer eraus soll den \u00c9crivain public d\u2019Leit beim Kontakt mat den Verwaltungen \u00ebnnerst\u00ebtzen, z. B. andeems si administrativ Courrieren erkl\u00e4ert kr\u00e9ien a beim Schreiwe vun enger \u00c4ntwert \u00ebnnerst\u00ebtzt ginn. Doriwwer eraus sollen och Seniore gehollef kr\u00e9ien, wa se administrativ Demarchen online maache mussen.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir als DP Stengefort w\u00eblle Sensibilisatiounscampagn\u00eb lanc\u00e9ieren fir eis ausl\u00e4nnesch Matbierger ze motiv\u00e9ieren sech an eisen s\u00ebllege Clibb a Ver\u00e4iner ze engag\u00e9ieren. Stengefort huet immens vill ze bidden, mee leider kommen d\u2019 M\u00e9iglechkeeten net all bei eise Matbierger un. Et leit eis och um H\u00e4erz eis ausl\u00e4nnesch Matbierger dozou ze motiv\u00e9iere sech an d\u2019 Wielerl\u00ebscht androen ze loossen a sech aktiv bei der politescher Gestaltung vun eiser Gemeng ze engag\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Duerch den Krich an der Ukrain ass Thema vun Fl\u00fcchtlingen er\u00ebm ganz aktuell. Mir sinn der Meenung, dass de Fl\u00fcchtlingen muss gehollef ginn. Mir engag\u00e9ieren eis, dass d\u2019Strukturen an der Gemeng fir den Accueil weider ausgebaut ginn an d\u2019 Integratioun soll gefuerdert ginn. Eng gutt Optioun wier et eng deementspriechend&nbsp; gem\u00ebschten sozial Struktur ze gr\u00ebnnen.<\/p>\n\n\n\n<p>DP Stengefort ass der Meenung, dass e mei reegen Austausch t\u00ebscht den Matbierger an hire Kulturen soll ugereegt ginn. D\u00ebs k\u00e9int duerch Noperschaft Fester mee och tables rondes realis\u00e9iert ginn. Mir hunn och an de l\u00ebschten Jore gesinn w\u00e9i ee Succ\u00e8s l\u00ebtzebuergesch Coursen an der Gemeng hunn. Dofir w\u00ebllen mir d\u00ebs Coursen nach weider ausbauen esou dass all Matbierger deen eis Sprooch l\u00e9ieren w\u00ebll och d\u2019 M\u00e9iglechkeet dozou kritt.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir setzen eis och dofir an, dass d\u00e9i bestee\u00ebnd Course fir Jonk an Al an der Gemeng weider gefouert an ausgebaut ginn. D\u00ebst soll a Kooperatioun mat der Landakademie ausgeschafft ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Ver\u00e4iner spillen eng zentral Roll an eiser Gemeng. Ouni si wieren eis s\u00ebllege Fester an Evenementer net \u00ebmzesetzen. Vue dass si en wichtegt R\u00e9ckgrat vun eiser Gesellschaft sinn, setze mir eis dofir an, dass d\u2019 Gemeng de Ver\u00e4iner m\u00e9i R\u00e4im zur Verf\u00fcgung stellt fir Reuniounen an Evenementer, mee och fir hiert Material \u00ebnner ze br\u00e9ngen. Mir w\u00e4erten och s\u00e9cher stellen, dass Ver\u00e4iner weiderhin op d\u2019H\u00ebllef vum Service technique beim Op- an Ofbau vun hiren Evenementer k\u00ebnnen zielen.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir gesinn \u00ebmmer m\u00e9i, dass vill Kanner sech g\u00e4re g\u00e9ifen a Clibb an Ver\u00e4iner engag\u00e9ieren, mee d\u2019 Elteren net \u00ebmmer d\u2019M\u00e9iglechkeet hunn fir hir Kanner direkt aus der Maison Relais ze f\u00e9ieren an er\u00ebm sichen ze goen. Mir w\u00ebllen dofir mat den eenzelen Acteuren eng Initiativ ausschaffen, dass Kanner k\u00e9inte mat engem Transport Commun vun der Maison Relais an d\u00e9i eenzel Ver\u00e4iner gefouert ginn an dono er\u00ebm an d\u2019Maison Relais zer\u00e9ck kommen. Esou k\u00e9inten d\u2019Ver\u00e4iner m\u00e9i Memberen kr\u00e9ien, d\u2018Kanner k\u00e9inte sech engag\u00e9ieren an et k\u00e9int een d\u2019Elteren e b\u00ebssen&nbsp;\u00ebnnerst\u00ebtzen..<\/p>\n\n\n\n<p>En Thema wat scho s\u00e4it laanger Z\u00e4it am Raum steet ass d\u2019 Allocatioun vun de Subsiden fir d\u2019 Ver\u00e4iner. Mir w\u00e4erten doru schaffen en neie Schl\u00ebssel fir d\u2019 Verdeelung auszeschaffen deen d\u2019sozial Engagement an d\u2019Jugendaarbecht vun den eenzelen Ver\u00e4iner ze respekt\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<p><strong><em><u>04&nbsp; Nohaltegkeet, \u00d6kologie, Naturschutz, Landwirtschaft<\/u><\/em><\/strong><\/p>\n\n\n\n<p><strong>Initiativen<\/strong>:<\/p>\n\n\n\n<p>Den Engagement vun eiser Gemeng am Klimapakt an am Klimab\u00fcndnis soll weider gefouert ginn. Stengefort ass schonn ganz aktiv mee et g\u00ebtt nach Loft no uewen. Notament kann d\u2019Gemeng nach m\u00e9i am Ber\u00e4ich CO2 Ausstouss an nohaltege Ressourcen maachen.<\/p>\n\n\n\n<p>Dat selwecht g\u00ebllt fir den Naturpakt. Stengefort ass Member vum Projet, allerd\u00e9ngs sinn eng Rei Gemengen uechter d\u2019 Land eis Viraus. Mir setzen eis dofir an, dass eis Gemeng am Thema \u00cbmwelt an Naturschutz eng Virreider Roll anh\u00eblt.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir setzen eis och dofir an weider als Fairtrade Gemeng registr\u00e9iert ze sinn an wou d\u2019M\u00e9iglechkeet besteet Fairtrade Produiten an der Gemeng ze benotzen.<\/p>\n\n\n\n<p>2017 huet sech eis Gemeng dem Solidarit\u00e9itspakt g\u00e9int Verschwendung vu Liewensm\u00ebttel ugeschloss. Mir bem\u00e9ien eis, dass d\u2019 Schoulkantin an aner \u00ebffentlech Institutiounen d\u00ebsen Engagement anhalen.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--30);padding-right:var(--wp--preset--spacing--30);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--30);padding-left:var(--wp--preset--spacing--30)\"><\/p>\n\n\n\n<p><strong>Bauen<\/strong>:<\/p>\n\n\n\n<p>Mir setzen eis dofir an, dass \u00f6kologesch Aspekter beim Bauen sollen respekt\u00e9iert ginn a virun Allem d\u2019Gemengegebaier sollen an Zukunft no de Prinzipie vun der Circular Economy gebaut ginn, andeems follgend Punkte respekt\u00e9iert ginn:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\">\n<li>Af\u00e9ierung vun engem Materialpass fir all neit Gemengegebai, an deem opgel\u00ebscht g\u00ebtt, w\u00e9i eng Materialie verbaut goufen.<\/li>\n\n\n\n<li>Demont\u00e9ierbarkeet vu s\u00e4mtleche Konstruktiounselementer vun de Gebaier, w\u00e9i z. B. den Isolatiounen \u2013 gepechte Verbindunge vu Styropor a Cr\u00e9pi geh\u00e9ieren der Vergaangenheet un.<\/li>\n\n\n\n<li>Reen- a Growaasser (Waasser aus der Dusch, W\u00e4schmaschinn etc.) gi genotzt respektiv reutilis\u00e9iert, fir den Dr\u00e9nkwaasserverbrauch ze reduz\u00e9ieren.<\/li>\n\n\n\n<li>D\u2019Installatioun vu Photovoltaikmoduler um Daach vu Gemengegebaier ginn zum Standard.<\/li>\n<\/ul>\n\n\n\n<p>Mir setzen eis dofir an, dass den Holzbau mat nohaltegem Holz de Standard beim Bau vun neie Gemengegebaier g\u00ebtt an et soll just dann op B\u00ebton zer\u00e9ck gegraff ginn, wann et technesch net anescht m\u00e9iglech ass.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019 Gemenge sollen hir Bierger*Biergerinnen dozou motiv\u00e9ieren, vu fossillen op erneierbar Energietr\u00e4ger \u00ebmzeklammen. Dofir sollen d\u00e9i bestoend Primmen d\u00e9i d\u2019Gemeng verdeelt b\u00e4ibehalen ginn an weider ugepasst ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Schotterg\u00e4ert versprieche manner bis guer keen Entretien mee se sinn fir D\u00e9iere eng liewensfeindlech \u00cbmg\u00e9igend, an deem weeder Insekten nach Vullen eppes fannen, fir sech ze ernieren. Doriwwer eraus bedeit e Schottergaart e Verloscht u Biodiversit\u00e9it an dr\u00e9it am Summer och nach dozou b\u00e4i, de lokale Mikroklima ronder\u00ebm d\u2019Haus onn\u00e9ideg ze erwiermen. Mir setzen eis an fir Sensibilis\u00e9ierungscampagn\u00eb g\u00e9int de Schottergaart ze lanc\u00e9ieren an d\u2019Bierger*Biergerinnen ze incit\u00e9ieren, bestoend Schotterg\u00e4ert zer\u00e9ckzebauen.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--30);padding-right:var(--wp--preset--spacing--30);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--30);padding-left:var(--wp--preset--spacing--30)\"><\/p>\n\n\n\n<p><strong>Auto an Verkeier:<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Gemeng soll e Konzept ausschaffe fir eng m\u00e9i effikasse an \u00ebmweltfr\u00ebndlech Beliichtung vun de Stroossen ze schafen. Engers\u00e4its sollen d\u2019 Luuchten duerch m\u00e9i effizient LED Luuchten ersat ginn an wa m\u00e9iglech souguer dimmbar sinn. Doduerch k\u00e9int w\u00e4ertvoll Energie an K\u00e4schte gespuert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>DP Stengefort s\u00ebtzt sech och dofir an, dass den Ausbau vun de Luedstatiounen fir Elektroautoen an Elektov\u00ebloen weider gefouert g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Mobilit\u00e9 douce soll weider an der Gemeng gef\u00f6rdert ginn. Zu d\u00ebsem Zweck w\u00eblle mir dofir suergen, dass Velosweenetz um Territoire vun eiser Gemeng an och a Verbindung mat eisen Nopeschgemengen, iwwerall do wou et m\u00e9iglech ass ausgebaut soll ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir begr\u00e9issen, dass op der Gare zu Klengbetten eng M-BOX fir V\u00ebloen vun der CFL opgestallt gouf. Allerd\u00e9ngs sinn mir der Meenung, dass nach m\u00e9i d\u00ebser Boxen duerch d\u2019Gemeng missten install\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir s\u00ebtzen eis dofir an, dass d\u2019Erneierung vum Fuerpark vun der Gemeng weiderhi mat \u00ebmweltfr\u00ebndlechen Gefierer gesch\u00e9ie soll.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--30);padding-right:var(--wp--preset--spacing--30);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--30);padding-left:var(--wp--preset--spacing--30)\"><\/p>\n\n\n\n<p><strong>Infrastruktur:<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>D\u00e9i interregional Kl\u00e4ranlag soll f\u00e4erdeg gestallt ginn an d\u00e9i lescht Kollekteren solle geluecht an ugeschloss ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir \u00ebnnerst\u00ebtzen d\u2019Initiativ vum interkommunalem Offallsyndicat (SICA) fir en besseren Tri vum Knascht an den Neibau vum Recycling Center zu Kielen.<\/p>\n\n\n\n<p>Beim Plangen a Baue vun Residenzen w\u00eblle mir drop halen, dass an d\u00ebse Geb\u00e4ilechkeeten d\u00e9i n\u00e9ideg R\u00e4imlechkete virgesi ginn fir en anst\u00e4nnegen Tri vum Offall ze erm\u00e9iglechen.<\/p>\n\n\n\n<p>DP Stengefort s\u00ebtzt sech dofir an, dass d\u00e9i Resolutioun fir d\u2019Beplanze vu Gr\u00e9ngfl\u00e4chen mat eenheemesche Beem, Blummen a Planzen emgesat g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<p>Des Weidere sollen d\u2019Bierger d\u2019M\u00e9iglechkeet kr\u00e9ien eng Patenschaft fir Gr\u00e9ngfl\u00e4chen ze iwwerhuelen.<\/p>\n\n\n\n<p>De Bongert um Polvertour zu Klengbetten soll \u00ebnnerhalen an opgeplanzt ginn. Mir s\u00ebtzen eis och dofir an, dass d\u00ebs Anlag fir schoulesch Zwecker benotzt g\u00ebtt fir de Kanner d\u2019 Natur an den eenheemeschen Patrimoine mei no ze br\u00e9ngen. Och solle weider Bongerten ugeluegt ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir w\u00ebllen och Gemeinschaftsg\u00e4ert an der Gemeng schafen. \u00cbmmer mei M\u00ebnschen liewen an der Gemeng an Appartementshaiser a w\u00ebnschen sech e klengt St\u00e9ck Gaart. D\u00ebs g\u00e9if och d\u2019 Mateneen vun den Matbierger st\u00e4erken an d\u2019Integratioun vun den Awunner vun der Gemeng undreiwen.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir s\u00ebtzen eis dofir an, dass d\u00e9i am nationale H\u00e9ichwaassermanagementsplang virgesinnen Aarbechten un eise Waasserleef an eiser Gemeng esou w\u00e4it w\u00e9i m\u00e9iglech \u00ebmgesat ginn. Mir bas\u00e9ieren eis do op d\u2019Resultater an d\u2019Virschl\u00e9e d\u00e9i sech aus der groussugeluegter Etude vun der Gemeng zesumme mam Waasserwirtschaftsamt erginn.<\/p>\n\n\n\n<p>De Gemengeb\u00ebsch soll nohalteg bewirtschaft ginn. Dofir soll de Fierschter d\u00e9i n\u00e9ideg M\u00e9iglechkeeten zur Verf\u00fcgung gestallt kr\u00e9ien.<\/p>\n\n\n\n<p>Et leit eis als DP Stengefort och um H\u00e4erz eis Baueren an d\u2019Plangen vun zuk\u00fcnftegen Projeten anzebannen.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>05&nbsp;&nbsp;&nbsp;&nbsp; Schoulen, Maison relais a Jugendhaus<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>D\u2019L\u00ebtzebuerger Gesetzgebung&nbsp; ges\u00e4it vir dass d\u2019Verantwortung an d\u2019Organisatioun vun der Schoul bei der Gemeng leit. Sie musse fir d\u2018Schoulgebaier an den Transport suergen.<\/p>\n\n\n\n<p>Well eis Gemeng um Wuessen ass stoussen eis Schoulgebaier un hir Grenzen. DP Stengefort setzt sech dofir an dass en zentralen Schoulcampus zu Stengefort gebaut g\u00ebtt. Do sollen dann all Schoulkanner an d\u2019Schoul goe mat Ausnam vun der Pr\u00e9coce an de Spillschoulsklassen. D\u00ebst br\u00e9ngt n\u00ebmme Virdeeler. Un der Plaz fir esou en Schoulcampus feelt et net well d\u00e9i viregt Majorit\u00e9it Terrainen am Zentrum vu Stengefort&nbsp; kaf hat. An der Planung vun denen neie Schoulinfrastrukture sollen d\u00e9i Uregungen a Virschl\u00e9i d\u00e9i vun eise Bierger bei dene verschiddenen Workshope gemaach gi sinn resp\u00e9kt\u00e9iert ginn. <\/p>\n\n\n\n<p>D\u00e9i bestee\u00ebnd Schoulgebaier solle san\u00e9iert ginn an an den Zoustand bruecht ginn deen d\u2018Minist\u00e8re verlaangen.<\/p>\n\n\n\n<p>An d\u00ebsem Zesummenhang soll de Sch\u00fclertransport ugepasst ginn, genau esou w\u00e9i d\u2019Offer vum Pedibus.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Gemeng muss dofir suergen dass d\u2019Secherheet op de Schoulwee\u00ebr garant\u00e9iert ass. Dofir fuerdere mir eng&nbsp; besser Besch\u00eblderung a m\u00e9i secher Foussg\u00e4ngeriwerwee\u00ebr d\u00e9i och besser beliicht solle sinn. Do wou et n\u00e9ideg a m\u00e9iglech ass soll de Sch\u00fclerlotsendengscht vergr\u00e9issert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>An Zesummenaarbecht mat de Verantwortlechen aus der Schoul soll op Nofro d\u2019Offer vu B\u00ebschklassen ausgebaut ginn. D\u00e9i bestee\u00ebnd Offer vun der Forstverwaltung an dem Mirador soll weider gefouert ginn an eventuell ausgebaut ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Well et \u00ebmmer m\u00e9i Sch\u00fcler an eiser Gemeng g\u00ebtt soll&nbsp; d\u2019Qualit\u00e9it an d\u2019Leeschtungen vun der Maison relais&nbsp; op de leschte Stand bruecht ginn. Et soll och gepr\u00e9ift ginn ob a w\u00e9i Sch\u00fcler aus der Spillschoul an dem Precoce och k\u00e9inten an der Maison relais versuergt ginn<\/p>\n\n\n\n<p>Fir eis Jugend soll d\u2019Jugendhaus zu Hoen weiderhin an Zesummenaarbecht mam Roude Kr\u00e4iz an der Gemeng K\u00e4erch&nbsp;fonktion\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>06&nbsp;&nbsp; Jugend an Senioren<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>Den Ausbau oder Neibau vum interkommunale Spidol zu Stengefort (HIS), wou d\u00e9i Stengeforter Gemeng bei w\u00e4item Haaptactionn\u00e4r ass, soll &nbsp;weidergedriwwe ginn. Duerch eng konsequent Aarbecht an d\u00ebsem Dossier soll endlech dofir gesuergt ginn, dass d\u00ebst interkommunaalt Spidol der haiteger Zeit ugepasst ka ginn. &nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Och soll gekuckt ginn fir d\u2019M\u00e9iglechkeeten vum Bau vun engem Seniorenheem an Ugr\u00ebff ze huelen, an dass mir eis do net \u00ebmmer op d\u2019Infrastrukturen an eisen Nopeschgemengen verloossen<\/p>\n\n\n\n<p>Fir eis eeler Matbierger soll e Seniorever\u00e4in (Club senior)&nbsp; gegr\u00ebnnt ginn an domadder eng Offer fir altersgerecht Veranstaltungen geschaf ginn. D\u00ebse Ver\u00e4in soll Gemengeniwwergr\u00e4ifend mat anere bestoenden Ver\u00e4iner zesummeschaffen.<\/p>\n\n\n\n<p>Och soll d\u2019Gemeng kucke fir mat de kompetente Servicer e betreit Wunnen unzebidden.<\/p>\n\n\n\n<p>DP Stengefort s\u00ebtzt sech dofir an, fir d\u2019Offer vun den Dokteren an allen n\u00e9idegen Ber\u00e4icher auszebauen.<\/p>\n\n\n\n<p>Et soll eng besser Offer fir eis Jugend ausgeschafft ginn. En Beispill wier den Ausbau vun der Skaterpist oder en Pumptrack. D\u00ebst soll zesummen mat de Jugendlechen vun der Gemeng geplangt ginn. Zenter den leschten Walen ass an d\u00ebsem Ber\u00e4ich n\u00e4ischt geschitt, a wat mat enger Skaterbunn ugefaangen huet ass ni weider ausgebaut an modernis\u00e9iert ginn. Hei g\u00ebtt et um March\u00e9 vill Neies an et wier un der Zeit dass d\u00ebst an Ugr\u00ebff geholl g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<p>Den Ausbau vum Jugendhaus soll gepr\u00e9ift ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>DP w\u00ebll fir m\u00e9i bezuelbaren Wunnraum fir eis Jonk Awunner aus der Gemeng &nbsp;suergen.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>07&nbsp;&nbsp; Mobilit\u00e9it an onser Gemeng<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>Mir w\u00e4erten ons bei den Instanzen dofir asetzen, dass eis Uertschaften duerch \u00cbmgeeungsstroossen entlaascht sollen ginn<\/p>\n\n\n\n<p>Et mussen iwwerall Trottoiren ugeluecht ginn mat sechere Foussg\u00e4ngeriwwerg\u00e4ng. Hei soll den ausgeschaften Plang fir d\u2019Ofsecherung vun de Fousg\u00e4ngeriwwerg\u00e4ng weidergefouert an \u00ebmgesaat ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Iwerwaachen vun de Vitessen duerch Policekontrollen ob den Gemengewee\u00ebr mee awer och op den staatlechen Stroossen muss d\u2019Reegel ginn. N\u00ebmmen esou kann d\u2019Secherheet vun den Awunner garant\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Notze vu Schl\u00e4ichwee\u00ebr soll erschw\u00e9iert a wa m\u00e9iglech \u00ebnnerbonne ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Ulee\u00eb vun Shared-Space Plazen an eisen Uertschaften soll gepr\u00e9ift an do wou et m\u00e9iglech ass och agefouert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Secher V\u00ebloswee\u00ebr duerch an t\u00ebschent eisen Uertschaften soll d\u2019Reegel sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>Den geplangten Ausbau vum Park&amp;Ride zu Stengefort an zu Klengbetten sollen endlech an Zesummenaarbecht mat der CFL verwierklecht ginn.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Et soll och gekuckt ginn fir e Park&amp;Ride ausserhalb vun eisen Uertschaften awer an der Grenzg\u00e9igend unzelee\u00ebn fir dass den Verk\u00e9ier vun de Frontalieren net m\u00e9i&nbsp; duerch d\u2019Uertschaften vun eiser Gemeng muss f\u00e9ieren. <\/p>\n\n\n\n<p>Nei Busarr\u00eate sollen ugeluecht an d\u00e9i bestoend iwwerdaacht ginn. All Bushaisercher solle beliicht an iwerdaacht sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>Genau esou sollen d\u2019Buslinnen m\u00e9i benotzerfr\u00ebndlech ginn an op eneen ofgest\u00ebmmt ginn &nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Offer vum Rufbuss soll iwwerpr\u00e9ift an eventuell ugepasst a vergr\u00e9issert ginn<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Verk\u00e9iersreglement soll och weiderhi reegelm\u00e9isseg ugepasst ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Den ZARO soll mam Bus ugefuer ginn awer och mam V\u00eblo soll een ouni Gefor dohinner kommen.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>08&nbsp; Eis Gemengenservicer, hir Dengschtleeschtungen, Gemengefinanzen<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>Mir w\u00e4erten eis dofir asetzen&nbsp; fir e guichet unique ze schafen. D\u00ebse soll den Awunner et vereinfachen fir mat den Verwaltungen zesummen ze schaffen<\/p>\n\n\n\n<p>Fir eis technesch Servicer sollen nei ugepassten Mannschaftsr\u00e4im geschafe ginn. Souwuel fir d\u2019Aarbechter awer och fir hir Virgesetzten d\u00e9i anst\u00e4nneg B\u00fcroen solle kr\u00e9ien. &nbsp;An d\u00ebsem S\u00ebnn misst de Projet vun der geplangter Hal fir de Fuhrpark vun de Gemengegefierer iwwerschaft an erweidert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>An Zesummenaarbecht mam CGDIS an dem zoust\u00e4nnegen Minist\u00e8re soll eng nei Rettungskas\u00e4r gebaut ginn. Och wann d\u2019Gemeng elo en Compromis&nbsp;de Vente&nbsp;fir en Terrain \u00ebnnerschriwen huet,&nbsp;fir d\u2019Opriichte vun d\u00ebser Kas\u00e4r fir eis Rettungsd\u00e9ngschter,&nbsp;g\u00ebllt et Drock op d\u00e9i zoust\u00e4nneg Instanzen ze maachen, dass d\u00ebs Kas\u00e4r esou s\u00e9ier ew\u00e9i&nbsp;m\u00e9iglech gebaut an an D\u00e9ngscht&nbsp;geholl g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u00ebst ass \u00ebmsou&nbsp;m\u00e9i wichteg, w\u00e9i de Projet vun engem neie Spidol zu Stengefort&nbsp;an enkem&nbsp;Zesummenhang mat der \u00cbmsetzung&nbsp;vun d\u00ebsem Projet steet. D\u00e9i nei Infrastrukture fir eist Spidol sollen zum Deel op d\u00e9i Plaz komme wou d\u00e9i j\u00ebtzeg&nbsp;Kas\u00e4r vun de Rettungsservicer steet.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir mussen och d\u2019Verscholdung vun eiser Gemeng am Ae behalen, well d\u00ebs ass z\u00ebnter e puer Joer kr\u00e4fteg um klammen. Mir risk\u00e9ieren zu den meescht versch\u00eblde Gemengen am Land ze zielen. Domadder w\u00e4ert d\u00e9i zuk\u00fcnfteg Majorit\u00e9it Problemer kr\u00e9ie fir hir Projeten \u00ebmzesetzen.<\/p>\n\n\n\n<p>De m\u00e9ij\u00e4regen Finanz\u00e9ierungsplang soll m\u00e9i breet virgestallt ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Gemeng soll en Ecrivain public kr\u00e9ien. D\u00ebsen soll den Awunner h\u00ebllefen fir schr\u00ebftlech administrativ Br\u00e9iwer&nbsp; ze schreiwen.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2018\u00cbffnungsz\u00e4iten vun den administrative Servicer vun der &nbsp;Gemeng solle m\u00e9i flexibel gestallt ginn fir dass eis Awunner net musse bei zouenen Dieren stoen oder just an d\u2019Gemeng dierfen wann se en Rendez-vous ofgemaach hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Awunner solle besser a m\u00e9i schnell inform\u00e9iert ginn iwwert dat wat an de Gemengerotssitzungen geschwat an decid\u00e9iert ginn ass.&nbsp; Dofir sollen d\u00ebs Informatiounen an digitaler Form mee awer och a Pabeierform verbreet ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Well d\u2019Gemeng \u00ebfters Aarbechten vum CIGL erleedege l\u00e9ist, soll d\u2019Gemeng mat h\u00ebllefen, dass d\u00ebs Aarbechtsinitiativ ugepasste R\u00e4imlechkeeten zur Verf\u00fcgung gestallt kritt.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>09&nbsp;&nbsp;&nbsp;&nbsp; Infrastrukturen an eiser Gemeng<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>D\u2019Aarbechten un den Infrastrukturen vun eisem Stroossen-, Waasser-, Kanal-, a Stroumnetz soll konsequent weider gefouert ginn. DP fuerdert e M\u00e9ijoresplang fir des noutwendeg Erneierung ze garant\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>DP w\u00ebll sech dofir asetzen, dass den Ausbau vum Glasfasernetz an dem schnellen Internet schnell vun den zoust\u00e4nnege Bedreiwer realis\u00e9iert g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<p>Et soll eng Opstellung vun der Gemeng hire Gebaier punkto bautechneschen an energeeteschen Zoustand erstallt ginn. Duerno solle gezielt erhalent Moossnamen ergraff ginn fir eng Renov\u00e9ierung a Modernis\u00e9ierung vun d\u00ebse Gebaier ze realis\u00e9ieren. Esou soll sechergestallt ginn dass d\u00ebs Gebaier reegelm\u00e9isseg renov\u00e9iert an net verfale gelooss ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Esouwuel bei de bestoende Gebaier&nbsp;an Ariichtunge&nbsp;w\u00e9i bei Neibaute&nbsp;soll den Zougang fir Leit mat enger Beh\u00ebnnerung m\u00e9iglech&nbsp;gemaach ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Gemeng kritt jo mam neie Sportszenter nei Infrastrukturen mee doriwwer eraus d\u00e4erfen d\u00e9i aner Infrastrukture w\u00e9i de Futtball awer och den Tennis net vernol\u00e9issegt ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2018Dr\u00e9nkwaasserversuergung muss gesechert ginn an en neien Waasserbaseng muss gebaut ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>E B\u00ebschkierfecht soll mat den zoust\u00e4nnegen Instanzen geplangt a verwierklecht ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u00e9i bestee\u00ebnd Kierfechter sollen an der Rei gehale ginn<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Gemeng verf\u00fc\u00fcgt iwwert verschidde S\u00e4ll d\u00e9i vun de Ver\u00e4iner fir hir Versammlungen genotzt ginn. D\u00ebs S\u00e4ll sollen opgew\u00e4ert an m\u00e9i attraktiv gestallt ginn. Sou sollen se mat den neisten techneschen an secherheetstechneschen Equipementer opgew\u00e4ert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>En verbessert Reserv\u00e9irungssystem soll ageriicht ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Well der Gemeng net genuch S\u00e4ll fir d\u2019Ver\u00e4iner zur Verf\u00fcgung stinn soll gepr\u00e9ift ginn w\u00e9i eng Raim dofir genotzt k\u00e9inten ginn. Dofir sollen d\u00e9i bestee\u00ebnd Raim erfaasst ginn an da muss gekuckt ginn w\u00e9i se genotzt k\u00e9inten ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir w\u00eblle kucken eng Moutainbikew\u00e4schstatioun opzeriichten.<\/p>\n\n\n\n<p>De Kloterpark an de Fitnessparcours sollen och weiderhin \u00ebnnerhalen an ausgebaut ginn. <\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>10&nbsp;&nbsp;&nbsp;&nbsp; Tourismus<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>DP setzt sech fir den doucen Tourismus an eiser Gemeng an.<\/p>\n\n\n\n<p>Heifir ass et n\u00e9ideg sech mat den zoust\u00e4nnegen Leit, de Minist\u00e8ren an de Verwaltungen zesummen ze setzen. Heizou zielen \u00ebnnert aneren den ORT (Office du tourisme) den Leader Projet awer och mam CIGL, de Gesch\u00e4ftsleit, de Bedreiwer vu Restauranten an och den Hotelieren an den Syndicat d\u2019initiative vu Stengefort. Zesummenaarbecht mat der Grenzregioun soll och ugestrieft ginn. <\/p>\n\n\n\n<p>D\u00e9i sou entstee\u00ebnd Aktivit\u00e9iten sollen awer net n\u00ebmmen ausl\u00e4nnesch Touristen uspriechen mee och eis eenheemesch Bev\u00eblkerung reize fir eis Gemeng ze erliewen.<\/p>\n\n\n\n<p>An d\u00ebsem Zesummenhang soll d\u2019Gemeng sech m\u00e9i an europ\u00e4eschen an nationalen Leaderprogrammen abr\u00e9ngen an esou eis Attraktivit\u00e9it&nbsp; steigeren.<\/p>\n\n\n\n<p>Et sollen weider M\u00e9iglechkeete geschaf ginn fir an eiser Gemeng ze Iwwernuechten.<\/p>\n\n\n\n<p>Den Ausbau an d\u2019 Vernetzung vun den V\u00eblos- an den Tr\u00ebppelwee\u00ebr soll mat aktiven Leit aus der Branche virugedriwwe ginn mee och weider publik gemaach ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Wann mer vun doucem Tourismus schwetzen soll och an Zesummenaarbecht mat den Tourismusverb\u00e4nn eng M\u00e9iglechkeet geschaaft ginn fir Veloen onkompliz\u00e9iert ze l\u00e9inen an ouni dass d\u2019Gemeng den Haaptdeel vun de K\u00e4schten a vun der Aarbecht muss leeschten.<\/p>\n\n\n\n<p>Doriwwer eraus soll den Adventurepark konsequent \u00ebnnerhal ginn an wa m\u00e9iglech och erweidert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Well mer keen Camping m\u00e9i an eiser Gemeng hunn sollen M\u00e9iglechkeeten geschaaft ginn fir op Plazen mat Caravannen a Camper k\u00ebnne fir eng oder e puer Nuechten&nbsp;ze bleiwen. D\u00ebst fir 3-4 Gefierer.<\/p>\n\n\n\n<p>An der Geschicht vu Stengefort kann een kloer liesen dass viru laanger Zeit eng Jugendherberg exist\u00e9iert huet. Zesummen mam Jugendminist\u00e8re (MENJE) an dem Tourismusminist\u00e8re soll gepr\u00e9ift ginn ob et s\u00ebnnvoll wier esou eng Ariichtung nees ze plangen an opzeriichten.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>11&nbsp;&nbsp; Erhalen vun eisem Patrimoine<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>Mir setzen eis fir d\u2019Erhale&nbsp;vum Schwaarzen Haff mat all sengen Allentouren an. Hei soll sech Gedanken driwwer gemaach ginn fir d\u00ebst Gebai engem neien Zweck zou ze f\u00e9ieren an et deementspriechend ze renov\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>An de Gebaier vun der aler Schmelz, d\u00e9i abl\u00e9cklech jo nach verlount sinn, sollen soubal se eidel sinn \u00ebnnert anerem Start-Up Firmen zur Verf\u00fcgung stoen. Esou k\u00ebnnen jonk Firmen eng Chance kr\u00e9ien&nbsp; sech hei an der Gemeng ze etabl\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Verschidden Gebaier d\u00e9i der Gemeng schonn z\u00ebnter Joren geh\u00e9ieren sollen an d\u2019Rei gesat ginn, Gebaier w\u00e9i d\u00e9i al Schoul zu Stengefort mee och d\u00e9i al Schoul vun Hoen. Hei soll gepr\u00e9ift ginn w\u00e9i een d\u00ebs Gebaier baulech energeetesch san\u00e9ieren kann, dass se erhale k\u00ebnne ginn. Och sollen d\u00ebs Gebaier engem neien Zweck zou gefouert k\u00ebnne ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>Et muss e Projet gestart ginn fir der aler Klengbettener Millen en neien Zweck ze ginn. Esou dass een hei kann alles erhalen an et net verfalen l\u00e9isst.<\/p>\n\n\n\n<p>Nom Bau vun engem neien zous\u00e4tzleche Schoulgebai zu Stengefort sollen d\u2019Schoulklasse vun Klengbetten op Stengefort kommen. Dann kann dat alt Schoulgebai zu Klengbetten och \u00ebmge\u00e4nnert ginn an en neit Liewen kr\u00e9ien z.B.: Versammlungsraim fir Ver\u00e4iner.<\/p>\n\n\n\n<p>Zu eisem Patrimoine geh\u00e9iert awer och eise Bambestand. Do soll e Kadaster opgestallt ginn fir festzestellen a w\u00e9iengem Zoustand d\u00ebs Beem sinn an fir festzehalen wat een muss maachen fir se ze erhalen an ze sch\u00fctzen. Ausserdeem mussen och nei Beem geplanzt ginn fir esou och en Patrimoine fir d\u00e9i n\u00e4chst Generatiounen ze assur\u00e9ieren. Beem brauchen ettlech Joren bis se ausgewuess sinn et geet also net duer fir ze waarden bis een alen Bam futti ass mee et muss een am viraus plangen a planzen.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"padding-top:var(--wp--preset--spacing--50);padding-right:var(--wp--preset--spacing--50);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--50);padding-left:var(--wp--preset--spacing--50)\"><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong><em><u>12&nbsp;&nbsp;&nbsp; Kultur an eiser Gemeng<\/u><\/em><\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p>Mir w\u00e4erten&nbsp;dofir suergen, dass de&nbsp;geplangten neie&nbsp;Kulturzenter esou schnell w\u00e9i m\u00e9iglech Wierklechkeet&nbsp; soll ginn, an, dass en vun Ufank un, esou gebaut g\u00ebtt, dass en fir eis Gemeng awer och fir eis Ver\u00e4iner&nbsp;passend ass<\/p>\n\n\n\n<p>All Kulturschafend Ver\u00e4iner&nbsp;sollen zesumme&nbsp;mat der Gemeng eng villf\u00e4lteg&nbsp;Offer fir all eis Awunner&nbsp; ubidden<\/p>\n\n\n\n<p>De bestoende&nbsp;Kulturzenter \u201eal Schmelz\u201c soll un d\u00e9i technesch Ufuerderunge&nbsp;vu moderne Kulturveranstaltungen ugepasst ginn . Mee och d\u00e9i s\u00e9cherheetsrelevant Moossname&nbsp;mussen \u00ebmgesat ginn<\/p>\n\n\n\n<p>En &nbsp;Kulturplang&nbsp; iwwert m\u00e9i Joer soll erstallt gi&nbsp;fir den Veranstalter et ze erm\u00e9igleche&nbsp;l\u00e4ngerfristeg ze plangen.<\/p>\n\n\n\n<p>Och sollen aner Kulturveranstalltungen &nbsp;w\u00e9i se elo och scho besti&nbsp;weider gefouert ginn (z.B.: Theater- , Musek- Festival).<\/p>\n\n\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Eise Walprogramm 2023<\/p>\n","protected":false},"author":380,"featured_media":458,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[],"class_list":["post-487","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-news","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/487","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/users\/380"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=487"}],"version-history":[{"count":6,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/487\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":536,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/487\/revisions\/536"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/media\/458"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=487"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=487"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/stengefort\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=487"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}