Wirtschaft

Wirtschaft

Wirtschaftspolitik: de Standuert stäerken an de Mëttelstand fërderen

No de Krisejoren huet sech de Lëtzebuerger Wirtschaftswuesstem an dëser Legislaturperiod erëm gutt erholl a wäert dëtt Joer bei 3,8% leien. Dat weist sech och bei der gudder Situatioun um Aarbechtsmaart. De Chômage ass vu 7,1% am Joer 2013 op elo 5,5% (Juni 2018) zeréckgaangen. D’DP ass sech dem Afloss vun engem wirtschaftlech staarken Europa op den nationale Succès bewosst a wäert sech dofir op EU-Niveau wieder fir e konkurrenzfäegt Europa asetzen. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg e staarke Wuesstem brauch, fir säi generéise Sozialsystem ze garantéieren. Et kënnen nämlech just Saache verdeelt ginn, déi virdru verdéngt gi sinn. D’DP suergt dofir, datt d’Bierger un de Beneficer vum Wuelstand bedeelegt ginn. Zanter 2013 huet d’Ekonomie en zolitte Wuesstem. Dëse Plus berout engersäits op der gudder internationaler Konjunktur, ma och op enger konsequenter Wirtschafts- a Standuertpolitik. D’DP-gefouert Regierung huet déi lescht fënnef Joer zur Weiderentwécklung vun zukunftsorientéierte Wirtschaftsbranchëbäigedroen. Dat sinn z.B. d’Logistik, nohalteg Finanzen, d’Digitalindustrie, d’Fintech oder de Spacemining.

D’DP setzt sech fir e laangfristegen an nohaltege Wirtschaftsmodell an. D’DP denkt de Erfollegsmodell Lëtzebuerg weider. D’Finanzplaz (11% vun de Beschäftegten), déi 27% zum PIB bäidréit, ass e Musterbeispill fir qualitative Wuesstem. D’DP wäert d’Zukunftsstrategie fir eist Land weiderentwéckelen, déi iwwer reng ekonomesch Froen erausgeet. Den digitale Wiessel an déi klimaschutzbedengten Ëmstellung op erneierbar Ressourcëwäerte Verännerungen an der Ekonomie an an der Gesellschaft mat sech bréngen. D’Digitaliséierung an d’Automatisatioun bidden awer och Chancen op en héije wirtschaftleche Wäertzouwuess, deen neméi esou vill vun der Erhéijung vun den Aarbechtskräften ofhängeg ass. Fir sech den neien Erausfuerderungen ze stellen an d’Entwécklung vu Lëtzebuerg aktiv ze gestalten, huet d’DP-gefouert Regierung de Rifkin-Prozess initiéiert. An Kader vun dësem Prozess, wëll d’DP besonnesch kleng a mëttel Entreprisen aktiv begleeden a fërderen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp