Äischdall

3 Froën un de Schäfferot – 29. März 2023

Concerne : Äntferten vum Buergermeeschter op eis Froen

Am Gemengerot vum 29. Mäerz 2023 huet d’DP-Fraktioun 3 Froen un de Schäfferot schrëftlech eraginn. Hei publizéieren mer e kuerzen Resumé vun de jeeweilegen Äntwerten vum Buergermeeschter, deen ëmmer als eenzegen op des Froen äntwert.

  1. Am Kader vun enger Rei Départ’en an Demissiounen vu Gemengepersonal hat DP, 2021, eng Motioun eraginn vir eng onofhängeg Ëmfro iwwert de “Bien-être au travail” beim Gemengepersonal ze ënnerhuelen. Dës Motioun war deemols ofgeleent gi mam Argument datt et géif „hausintern” gemeet ginn. Mir hunn als DP Fraktioun natierlech, nodeems mer baal 2 Joer näischt méi héieren hunn, nogehaakt.       

Nous invitions le collège des bourgmestre et échevins :

  • à clarifier si une évaluation auprès de tout le personnel (fonctionnaires, employés et salariés) sur le niveau de satisfaction et de bien-être au travail du personnel de l’administration communale a eu lieu
  • à renseigner de quelle manière cette évaluation a été organisée afin de pouvoir garantir l’indépendance et la neutralité de l’auditeur ayant effectué cette appréciation et d’assurer que le personnel audité a pu s’exprimer ouvertement et librement
  • à renseigner des résultats issues de cette évaluation
  • à dégager les pistes d’amélioration et les suggestions prises suite aux résultats pour satisfaire au bien-être du personnel et pour contrecarrer les futurs départs éventuels.

Den Toun vun der Äntwert, déi mir kruten, war deplacéiert an onmanéierlech an zum Deel eis géigeniwwer accusatorësch. Et ass nu mol an engem demokratësche System, och esou an der Gemeng Habscht, erlaabt dem Buergermeeschter a sengem Schäfferot Froen ze stellen. Zemools wann mir vu Leit vum Personal kontaktéiert ginn, datt et Problemer ginn. En Audit vum Personal vir dass ee kann Dysfonctionnementer un d’Liicht bréngen, muss anonym sinn, soss sinn d’Leit net frei ze schwätzen. A grad dëst ass hei net geschitt. Virun allem awer och ass hei dem Gemengerot kee Bericht presentéiert ginn.

Mir hunn nit a Fro gestalt datt d’Gestioun vum Personal net soll Kompetenz vum Schäfferot sinn, awer d’Surveillance vun den Aktiounen vum Schäfferot ass Kompetenz vum Gemengerot.

  • Dei zweet Fro huet matt eiser Ooffallgestioun ze din, wou, am Moment an eiser Gemeng nach emmer 2 Ooffallsystemer bestoen an wou mir och wollten Kloerheet hun, virun allem wei et hei geif weider goen. Dovir folgend Fro:            

  • Considérant la décision d’annexer la commune entière à un exploitant privé concernant l’enlèvement des déchets nous invitions le collège des bourgmestre et échevins :
  • à clarifier et à renseigner pourquoi les villages Greisch, Septfontaines et Roodt sont encore affiliés au syndicat intercommunal du SICA

Op des Fro krute mir eng zimmlech komesch Äntwert. Et wier „op Bedreiwen vun der Oppositioun, (der DP), datt den Territoire vun der fréierer Simmerer Gemeng nach am SICA bliwwe wier“.

Des dach erstaunlech Ausso kann net onkommentéiert am Raum stoe bleiwen. Et ass wouer dass d’DP sech vir eng solidaresch Léisung tëschent de Gemengen (Gemengesyndicat SICA) ausgeschwat hat. Mee Jidderee weess dass de Schäfferot mat senger ekrasanter absolutter Majoritéit am Gemengerot d’Decisiounen hëlt a bestëmmt, net d’DP als méi kleng Oppositiounsfraktioun! Dëst muss mol een eis erklären?

  • Eng drëtt Fro war eng kuerz Nofro em Sensibilisatioun vun eisen auslänneschen Matbierger am Kader vun den Gemengewalen fir sech an Wielerlëschten anzeschreiwen.

Hei krute mer eng propper Äntwert, iwwert d’Mesuren déi d’Gemeng geholl huet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp