
Member ginn
Etapp 1 / 2
So eis wien s du bass
50%
Community - Firwaat iwwerhaapt d'DP?
„D’DP ass fir mech déi eenzeg Alternativ fir eng fortschrëttlech a gerecht Politik - fir elo an an der Zukunft. Schonn an der Vergaangenheet huet d’DP gewisen, datt si Problemer upaakt a couragéiert léise kann.”

Max Stoffel
„Ech si Member bei der DP, well si fir mech déi Politik lieft, déi eis Leit a Land brauchen. Sozial, liberal an europäesch Wäerter sollen och weider gestäerkt ginn. Dofir engagéieren ech mech fir eng Zukunft, an där Fräiheet, Toleranz a Gläichberechtegung grouss geschriwwe ginn.”

Carmen Friden
„D’COVID-Kris, de Klimawandel an d’Erausfuerderunge vun den nächste Jore wäerten eng aktiv Bedeelegung vu jidderengem vun eis froen. Eis Partei steet fir e gesonden Equiliber tëscht den onwidderruffleche Fräiheeten an der néideger Verantwortung géintiwwer eis selwer an eise Matmënschen.”

Nicolas Wurth
„Déi individuell Fräiheeten, gekoppelt mat der Eegeverantwortung vu jidder eenzelem, am Respekt vun de mënschlechen, fundamentale Wäerter, ewéi Toleranz, Solidaritéit, Gläichbehandlung a Mënschewierd waren a sinn nach ëmmer de Grond, firwat dass ech mech an der DP immens wuelfillen.”

Mike Poiré
„Ech war nach ëmmer politesch interesséiert, a liberal agestallt. Ech si Member vun der DP ginn, well mir Gläichberechtegung, Toleranz, Fräiheet a Solidaritéit vill bedeiten. Dës Wäerter vertrieden ech och zanter de leschte Gemengewalen am Gemengerot vu menger Heemechtsgemeng Luerenzweiler.”

Joëlle Schmit
„D’DP huet déi lescht Méint bewisen, datt een a Krisenzäiten op si ziele kann. D’DP ass fir mech ewéi eng grouss Famill, déi zesummenhält. Et ass eng Partei fir jiddereen, an där een sech wëllkomm spiert a Politik mat gestallte kann!”

Fernand Bartemes
„D’DP ass ewéi eng grouss Famill, an där ech vill Frënn fir d’Liewe fonnt hunn. Et kann ee sech politesch austauschen, Erfarunge sammelen a fir d’Liewe léieren. Zesumme gi mir duerch déck an dënn.”

Géraldine Welkenbach
„D’DP bedeit fir mech eng progressiv Gesellschaftspolitik, mat där d’Land no vir kënnt an net am 20. Joerhonnert hänke bleift.”

Yves Hoffmann
„Als jonk, engagéiert Demokratin fannen ech, dass d’DP déi néideg innovativ, liberal a sozial Wäerter vertrëtt a lieft, déi mir brauchen, fir déi fortschrëttlech Zukunft vun eisem Land optimal ze gestalten. An dobäi wëll ech aktiv matmaachen.”

Julie Bruckler
„Eng fräi Entfalung vum fräie Mënsch an enger fräier Gesellschaft, ass genee meng Liewensastellung. Well ech der Menung sinn, datt d’DP mat Ofstand di eenzeg Partei ass, déi esou denkt wéi ech an och meng Iwwerzeegungen deelt, hunn ech iwwert d’JDL, wou ech aktiv war, 1978 eng Kaart bei der DP geholl. Et deet mer net leed.”

Camille Betz
„Ech si Member an der DP ginn, well ech mech aktiv wëll engagéieren an d’DP fir mech déi richteg Wäerter vermëttelt: Fräiheet, Toleranz, Verantwortung & Innovatioun.”

Katrin Kohl
„Mat enger liberaler Astellung, verbonne mat sozialen Engagementer, kënnt fir mech nëmmen d’DP a Fro. Mir huet nach ëmmer ganz vill dru geleeën, selwer eppes ze beweegen, selwer ze gestalten. Dat fannen ech an der DP, genau sou wéi aner Leit, déi gewëllt sinn, sech fir d'Zukunft vun de Leit hei am Land an an Europa anzesetzen.”

André Friden
„Ech sinn an der liberaler Partei, well ech d’Fräiheet vun all Eenzele schätzen, fir säi Liewen esou ze gestalten, wéi en et fir richteg hält.”

Jeffrey Drui