Ech wëll Iech matdeelen, dat ech d’Entscheedung getraff hunn, mäi Mandat als Buergermeeschter ofzeginn. De Moment ass komm, fir mäi Liewen e bësse méi roueg unzegoen a mech op aner Saachen ze konzentréieren. Awer net zevill roueg, ech bléiwe weiderhin als Conseiller am Gemengerot aktiv.
Ech sinn immens houfreg an dankbar, fir dat Vertrauen, datt mir entgéintbruecht gouf an datt ech d ’Méiglechkeet krutt dëse wichtege Posten ze iwwerhuelen.
Et war, ass mir eng grouss Éier Buergermeeschter vun esou enger lieweger, flotter Gemeng ze sinn, eng Erausfuerderung déi ech gäere ugeholl hunn an déi mir vill Freed mëscht.
Buergermeeschter ze sinn vu Bartreng ass e Fulltime job, awer keng one-man, oder a mengem Fall keng one-woman-show. Ech si frou, datt ech ëmmer konnt op eng staark Ekipp bauen an d’Ënnerstëtzung vun engagéierten a kompetenten Mataarbechter, déi sech all Dag fir d ’Wuel vun eiser Gemeng an hire Bierger asetzen. Eng Viraussetzung fir en optimalt Fonctionnement vun enger Gemeng.
Meng éischt Schrëtt an der Politik hunn ech 2005 als Kandidat bei de Gemengewalen gemaach. Zanter 2009 sinn ech am Gemengerot, säit 2017 Member vum Schäfferot dovunner 3 Joer als Buergermeeschter.
Enn des Mounts wäert ech meng Demissioun offiziell dem Grand-Duc zoukommen loossen an domadder d’Récktrëttsprozedur an d ’Weeër leeden.
Bis de neie Buergermeeschter vereedegt gëtt, bleiwen ech wéi d ’Prozedur virschréiwt selbstverständlech am Amt.
Ech soen all deenen, déi mech a mengem Mandat als Buergermeeschter begleet hunn, e grousse Merci fir déi kollegial a konstruktiv Zesummenaarbecht an déi vill schéi Momenter, déi mir gedeelt hunn. Et war eng Rees, déi net ëmmer einfach war, mee déi mir enorm vill perséinlech Beräicherung bruecht huet.
👏👏👏
DP Bartreng a seng Membere soen dem Monique e grousse Merci fir säin onermiddlechen Asaz an si frou dass hatt eis nach weiderhi wäert Ă«nnerstĂ«tzen. Mat vill Häerzblutt an Engagement huet d’Monique sech fir d’Wuel vun de Bierger agesat an eis Gemeng mat Visioun a Leidenschaft gefouert.🍀