Am Laf vum Joer 2024 huet de Schäfferot sech Gedanke gemeet, wéi de Foyer vun der ArcA méi attraktiv, méi peppeg an och méi modern gestalt kéint ginn.
Doropshinn koum d’Iddi, déi grouss waïss Mauer am Hall vun der ArcA faarweg molen ze loossen.
Dem Schäfferot wor et dobäi wichteg eng Kënschtlerin ze engagéieren, welch en direkte Lien mat Bartreng huet an onst Bartrenger Kulturhaus kennt. Wann d’Chantal Maquet nët a sengem Atelier zu Hamburg oder op Ausstellungen am Ausland ass, wunnt hatt zu Bartreng.
Dem Chantal Maquet säi Portefolio bestëcht ënner anerem duerch Biller mat ganz knallege Faarwen a Mënschegruppen déi sech zesummefannen.
Genee esou e Wierk passt an d’ArcA; vill Leit déi sech treffen fir un engem kulturellen Event deelzehuelen, mateneen ze schwäetzen a sech iwwer Kultur auszetauschen.
D’Chantal Maquet huet a sengem fantastësche Wierk „Ball der Künste“, wat et fir ons als Optraagswierk gemoolt huet lauter Figuren aus der Musek, der Litteratur, dem Danz an der Geschicht vereent.
De Choix vu senge Faarwe grenzt sech vun der Realitéit of. Doduerch verännert hatt d’Stëmmungen a schaaft och duerch iwwerraschend Zesummesetzunge vun Figuren nei poetësch Szènen.
Dem Chantal Maquet saïn 200 cm op 590 cm grousst Wierk ass gelong an e Bléckfaang fir jiddereen deen an d’ArcA erakënnt. Gidd laanscht kuken, et ass derwäert!
