E puer Passagen aus der Budgetsried:
” Dëse Moment zielt all Joers zu de wichtegsten Etappe vun eiser lokal politescher Aarbecht: hien erlaabt eis net nëmmen e klore Bilan iwwer dat ze zéien, wat mir erfollegräich konnten ëmsetzen, mee och déi Projeten ervirzehiewen, déi mir an dësem Joer mat vill Engagement weider konkretiséiert hunn.”
“Mat Erfarung gëtt een net gebuer, mee déi kritt een duerch dat wat een am Alldag erlieft, mam Wëlle sech ze engagéieren, wou ee Problemer léist an aus Feeler léiert.”
“Eist Zil ass et, e Mobilitéitssystem ze schafen, deen de Besoine vun haut gerecht gëtt a gläichzäiteg proaktiv op d’Erausfuerderunge vu muer reagéiert.“
“Am Ganze sinn an de kommenden zwee Joer méi wéi 12 Milliounen € fir d’Fërderung vun der aktiver Mobilitéit virgesinn – e kloert Zil, fir eis Gemeng méi sécher, nohalteg a liewenswäert ze gestalten.“
“Eist Zil ass et, eng Schoulinfrastruktur ze schafen, déi den Ufuerderunge vun haut gerecht gëtt a gläichzäiteg d’Interesse vun de kommende Generatioune sécherstellt.“
“Et geet éischter drëm, mat Wäitsicht ze handelen an e finanzielle Plang ze definéieren, dee realistesch ass, wéini wat ka realiséiert ginn, ouni déi Generatiounen déi no eis kommen ze vill ze belaaschten.“
“D’Revalorisatioun vum Park Helfent ass ee vun eise Prioritéitsprojeten. Mat enger Enveloppe vu méi wéi 6 Milliounen Euro investéiere mir bewosst an eng multifunktionell, inklusiv a modern Fräizäitstruktur. Hei soll e Raum entstoen, deen all Generatiounen usprécht. De Park gëtt domat zu engem neien Treffpunkt – net nëmme fir de Quartier Helfent, mee fir déi ganz Bartrenger Familljen.“
“Ambitiounen ze hunn ass dat eent – se a konkret Moossnamen ëmzesetzen ass dat anert. A genee domat maache mir Bartreng fit fir d’Zukunft: nohalteg, resillient a liewenswäert.“
“E konstruktiivt politescht Ëmfeld ass keen Zoufall: et ass d’Resultat vu guddem Wëlle vu Respekt virun aneren Iddien. Dat sinn d’Prinzippien, déi mir perséinlech wichteg schéngen.“