De Budget fir 2026 – Interventioun vum Finanzschäffen Marc Lang

E puer Passagen aus der Budgetsried:

Wéi all Joer am Dezember, ass et erëm esou wäit; de Budget steet virun der Dier. Et ass „de Rendez-vous“ vum Joer, wärend deem mir d‘finanziell Situatioun vun der Gemeng Bartreng diskutéieren, analyséieren an och doriwwer ofstëmme wäerten.

Wichteg ass ze erwänen, dass den ordinaire Budget am Equiliber ass, well dëst erméiglecht ons, d’alldeeglecht Fonctionnement ze finanzéieren.

A Punkto Verscholdung steet ons Gemeng ganz gutt do:

31/12/2025: 2.728.690.58€.  / pro Kapp: 287,23€

31/12/2026: 1.907.190.04€. / pro Kapp: 194,61€

Fir d’alleréischt wëll ech op dëser Plaz all de Veräiner en decke Merci soe fir hir Bäiträg, déi si mat hire villen Eventer leeschten a fir hir Präsenz an Hëllef op de Manifestatiounen, déi d’Gemeng organiséiert. De Benevolat ass a bleift eng Erausfuerderung fir d’Veräiner an doriwwer eraus fir ons Gesellschaft. Mir als Gemeng sinn eis däers bewosst an ënnerstëtzen dat voll a ganz.

Déi 4 Lokaler um Rez-de-chaussée vun der Résidence Eva Maria et Albert, nieft dem SEA wäerten ab Februar/Mäerz a Betrib goen. De Gesamtinvestissement ass 3.200.000€. Dës Investitioun stellt eng Beräicherung an Opwäertung fir onsen Duerfkär duer, well doduerch ons Offer vu Commercen erweidert gëtt an de Bierger eng weider Villfalt u Produiten a Servicer ugebuede gëtt.

Ee Projet vun enger ganz grousser Envergure ass am Park Helfent virgesinn. Hei soll de Park komplett nei reamenagéiert ginn. Hei si verschidde Beräicher virgesinn, wou Grouss a Kleng hire Fräizäitaktivitéiten nogoe kënnen: Gesamtinvestissement 5.800000€.

“Wéi Dir gesitt sinn ons Gemengefinanze gesond. Fir d’nächst Joer brauch keen Emprunt gemaach ze ginn, wéi ugangs schonns gesot a mir hunn do nach eng Marge de manoeuvre.”

Fazit: Et si vill Projeten an der Pipeline, souwuel iwwert ewéi ënnert dem Buedem. Et gëtt weider an onst Personal investéiert, wat unabdingbar ass fir weider kënnen onse Bierger e gudde Service unzebidden.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp